VGV - stock.adobe.com

Mat dem Alkohol ginn och wichteg Aromastoffer verluer.

Mr Science, et ass jo schonn en Wonner vun der Braukonscht, dass een iwwerhaapt Béier ouni Alkohol produzéiere kann. Mee wisou schmaacht en net genee wei den Original?

Dat läit drun dass en anescht produzéiert gëtt. Mat dem Alkohol ginn och wichteg Aromastoffer verluer. Déi maachen awer eréischt de Goût vum Béier aus. Dat kanns du souguer doheem probéieren.

Wei geet dat?

Dofir muss du einfach Béier kachen a waarde bis den Alkohol verdämpt ass.

Dat gëtt dann awer eng zimlech eekleg Britt!

Genee, an dat weist eis d’Problemer, mat deenen och d’Braumeeschtere kämpfen: Beim Erhëtze verdämpe ganz vill Aromastoffer. An déi Aromastoffer déi net verdämpen, veränneren duerch d’Erhëtzen hire Goût.

Also keng sou gutt Iddi…

Nee, trotzdem ass d’Oofdistilléiere vun Alkohol eng vun de Standardmethode fir alkoholfräie Béier ze produzéieren. D’Braumeeschtere maachen et awer bei Ënnerdrock. Doduerch verdämpt den Alkohol scho méi niddregen Temperaturen. Vill Aromastoffer bleiwen sou am Béier An déi, déi verdämpen, fänken d’Braumeeschteren op a mëschen se zréck an de Béier. Dat klappt awer net ëmmer. Dohier kennt den Ënnerscheed am Goût.

Gëtt et da keng aner Method?

Dach, et kann een Alkohol mat Membranen, also super reng Sifter, oftrennen. Déi hunn extrem kleng Lächer an hale vill Aromastoffer zréck. E puer entwëschen awer mam Alkohol. Bei enger drëtter an heefeger benotzter Method, stoppen d’Braumeeschteren d’Gärung ier d’Béierhief ze vill Alkohol produzéiert huet. Mee sou huet d’Hief och wéineg Zäit, Aromastoffer ze entfalen. Déi ideal Léisung gëtt et also nach net. An der Praxis kombinéieren d’Braumeeschteren oft verschidde Methoden. Wei se dat genee maachen, halen se awer streng geheim! An sou schlecht schmaacht alkoholfräie Béier och elo net, oder?

Dat stemmt och erëm…

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Pexels

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro. Dës Sendung gouf de 4. Januar 2017 ausgestrahlt.

 

Auch in dieser Rubrik

Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR