shotshop.com

De charakteristesche Klang entsteet virun allem duerch kleng Loftblieschen.

Wann Waasserdrëpsen an d’Waasser fale mécht et plic, plonk oder plups, jee nodeems a wéi enger Sprooch ee probéiert, de charakteristesche Klang nozemaachen. Mr Science, Wëssenschaftler sollen elo tatsächlech gekläert hunn, wéi genau dee Sound entsteet?

Jo, nodeem sech scho méi Fuerscher un der Fro versicht hunn, konnt si elo endlech eendeiteg gekläert ginn: De charakteristesche Klang entsteet virun allem duerch déi kleng Loftblieschen, déi am Waasser un där Plaz entsteet, wou d’Drëps an d’Waasser gefall ass. Si vibréiert hin an hier an iwwerdréit dës Schwéngungen op d’Waasseruewerfläch direkt driwwer. Dobäi kënnt d’Loft un d’Schwéngen, wéi bei enge Membran vun eng Hautparleur a mir erkennen um Klangbild direkt: Aha, eng Drëps ass an d’Waasser gefall!

Firwat verschwende Fuerscher hir Zäit op esou eng Fro?

Éierlech gesot: Ech mengen, dat déi Waasserdrëpsen-Fuerscher virun allem vu Virwëlz ugedriwwe waren. Et kann een awer ni wëssen, wéi eng Uwendung sech doraus ergi kéint. Wann ee genee versteet, wéi de Klang duerch d’Gréisst, d’Geschwindegkeet a villäicht och d’Temperatur vun der falender Drëps beaflosst gëtt, kéint een de Reenfall iwwert dem Mier besser moossen. Et géif een de Klang mat Ënnerwaassermikroen ophuelen a kéint d’Unzuel vun de Reendrëpsen eraus rechnen a wéi eng Eegenschaften si hunn. Dat kéint hëllefen, Klimamodeller ze verbesseren.

Wéi genee hunn d’Fuerscher d’Origine vum Waasserdrëpsen-Klang erausfonnt?

Si hunn de Klang vu falende Waasserdrëpse mat engem Mikro iwwer Waasser a mat engem Ënnerwaassermikro opgeholl. Gläichzäiteg huet eng Héichgeschwindegkeetskamera de Virgang mat bis zu 75.000 Biller pro Sekonn gefilmt. Dat gëtt eng Zäitlupp, an där d’Drëps 3000 mol méi lues fält wéi a Wierklechkeet. A sou konnten si genee erkennen, dass déi Tounschwéngunge synchron zu de Schwéngunge vun der agespaarter Loftblos sinn.

Déi luesten Drëps op der Welt!

 Nom „Guinness-Buch vun de Rekorder“ ass et dat „am längsten unhalend Labos-Experiment“ vun der Welt: 1927 huet een australesche Fuerscher ee gewiermte Pech an een Triichter gegoss, deen dann ënnen zougemaach ginn ass. Hien huet en ofkille gelooss an 3 Joer roue gelooss. 1930 huet hien dann den Triichter ënnen opgemaach, déi éischt Drëps ass awer eréischt 8 Joer duerno gefall. Bis haut sinn am ganzen 9 Drëpse gefall. 1944 ass een ähnlecht Experiment an Irland gestart ginn. Do ass et 2013 déi éischte Kéier gelongen, de Moment vum Falen op Video ze kréien. Wat ass de Sënn vun dësem Experiment? Si wollte weisen, datt bei Zëmmertemperature feste Pech a Wierklechkeet eng Flëssegkeet ass, awer eben nëmmen ganz ganz zéiflësseg.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi intéréssant

Aussi dans cette rubrique