Virus

shotshop.com

Estimatiounen no ginn et méi Viren op der Äerd wéi Stären op eisem Nuetshimmel.

Mr. Science, d'Welt leit zanter Méint ënner enger neier Form vu Coronavirus. Deen huet Millioune Mënsche krank gemaach an Honnertdausenden d'Liewe kascht. D'Wirtschaft geet a ville Länner an d'Knéien. Mee si Viren eigentlech ëmmer schiedlech? Oder kënne si och nëtzlech sinn?

Jo, dat kënne si. Vire sinn iwwerall. Estimatiounen no ginn et méi Viren op der Äerd wéi Stären op eisem Nuetshimmel. Si kommen a Mënschen, Déieren a Planze vir; an Ozeaner, Bëscher a sauere Quellen. Bekannt si virun allem Viren, déi krank maache kënnen - an z.B. AIDS, Ebola, Kriibs, Gripp oder Herpes provozéiere kënnen. Mee vill Viren erfëllen och wichteg Aufgaben an der Natur.

Wéi eng zum Beispill?

Viren droen zu engem ökologesche Gläichgewiicht bäi: Si verhënneren, datt Déieren- oder Planzenaarten Iwwerhand huelen an aner Aarte verdrängen. So hale Viren z.B. am Mier d'Ausbreedung vun Algen an der Gitt. 

Nëtze Viren dann och dem Mënsch?

Jo, och dat maache se. Am mënschleche Kierper ginn et z.B. Viren-Zorten, déi exklusiv Bakterië befalen - sougenannte Phagen. An des Bakterie kënnen da vun dëse Phage gesteiert ginn. Sou kënnen des Phagen z.B. indirekt eis Daarmflora beaflossen an se fit halen, oder d'Schläimhaut vum Daarm virun Entzündunge schützen.

Loossen sech positiv Wierkungen da geziilt asetzen?

Wëssenschaftler sinn op Vire souguer ugewisen. Si brauchen se als Transportmëttel fir genetesch Informatiounen. Domadder brénge si Mikroorganismen z.B. dozou, bestëmmte Stoffer ze produzéieren, wéi z.B. Medikamenter. Op eng änlech Aart a Weis kéint ee Viren an der Medezin bei der Gentherapie benotzen: Mat hinne kéint een eng Zort Reparaturcode an Zelle mat futtissem Ierfmaterial aschleisen. Ausserdeem probéiere Fuerscher Kriibs mat Viren ze bekämpfen. Déi ginn drop trainéiert, Kriibszelle geziilt ze attackéieren an ze zerstéieren.

Wow, dat kléngt beandrockend!

Jo, an dat ass nach net alles. Vire kéinten och eng Léisung fir de Problem vun den Antibiotiquesresistenze bidden. Hei spille Phagen eng Haaptroll. Wann d'Behandlung vun enger bakterieller Infektioun duerch Antibiotique net uschléit, kéinte déi “gutt Viren” géint d'Mikroben zum Asaz kommen. Doru gëtt grad intensiv gefuerscht. Et bleift also wéi ëmmer spannend an der Fuerschung!

Liewewiesen oder net?

Streng geholl si Vire keng Liewewiesen. Well hinne feele verschidde Charakteristiken, déi Biologen als Viraussetzung fir Liewen ugesinn. Sou hu Vire keen eegene Stoffwiessel a kënnen sech net eegestänneg reproduzéieren - si sinn dofir op d'Hëllef vu friemen Zellen ugewisen. Allerdéngs: Bannen am Virus ass genetesch Material dran, an deem de Bauplang fir eng Reproduktioun enthalen ass an dat sech och duerch Mutatioune verännere kann. Dat schaaft d'Basis fir eng Evolutioun vun de Viren. Ausserdeem spille Viren am Orchester vun der Natur eng wichteg Roll. Dofir gëllen se zumindest als "dem Leben nahestehend" - a ginn dacks nieft Bakterie, Pilzen an Algen zu de Mikroorganisme gezielt.

Wéi Vire sech reproduzéieren

Vire brauchen eng "Wiertszell", z.B. Kierperzelle vum Mënsch, fir sech reproduzéieren ze kënnen. Dofir dockt e Virus, deen nëmmen e puer Zéngtel Mikrometer grouss ass, fir d'éischt mat Hëllef vu bestëmmte Proteinnen un der Surface vun der Zell un a schmuggelt sech an si ran. Wann en d'Wiertszell gekapert huet, deet en säi Mantel (seng Envelope) aus a setzt eng doranner enthalen Nukleinsaier fräi - si enthält de genetesche Code fir d'Reproduktioun vum Virus. D'Reproduktioun selwer gëtt da vun der Wiertszell erleedegt, déi - op Basis vun der ageschleister genetescher Virlag vum Virus - Kopie vun de Bestanddeeler vum Virus produzéiert an zesummebaut. Wann déi nei Vire fäerdeg sinn, verloossen si d'Wiertszell erëm, déi dobäi - jee no Viruszort - zerstéiert gëtt oder intakt bleift. Verschidde Viren nisten sech dauerhaft an enger Kierperzell an a schlofen do, bis se duerch en externe Reiz erëm aktivéiert ginn. Op des Aart a Weis kënnen zum Beispill déi kleng Blosen op de Lëpsen, déi vun Herpes-Vire verursaacht ginn, ëmmer erëm zréck kommen.

Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi intéréssant

ARN Le « côté obscur » du génome peut-il contribuer à la lutte contre les maladies cardio-vasculaires ?

Des types spécifiques de molécules d'ARN permettent-ils de mieux comprendre l’apparition de maladies cardio-vasculaires ...

LIH
SARS-CoV-2 vs. virus de la grippe La saison grippale n’aura-t-elle pas lieu cette année ?

Il semblerait que dans l'hémisphère sud, la grippe saisonnière de 2020 n'ait pas été aussi virulente que les années préc...

LNS
Test par PCR, test antigénique, test sérologique Quelle méthode de test convient le mieux à quel stade d’une infection à la COVID-19 ?

Les différents tests fournissent différentes indications sur une infection au coronavirus SARS-CoV-2. Tous ont un rôle à...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR