
AdobeStock/Lightning
Jonker op der Achterbunn bei Sonnenënnergang (Bild mat Hëllef vu KI generéiert).
Dat läit un der Aart a Weis, wéi mir mat Risiko ëmginn – an déi verännert sech mam Alter. Angscht entsteet ëmmer dann, wann eis eng Situatioun bedrolech oder geféierlech erschéngt, wa mir also en héije Risiko gesinn. Genee dat maachen Erwuessener meeschtens éischter ewéi Jugendlecher. De Grond dofir ass, datt sech eist Gehier am Laf vum Liewe verännert. Domat verännere sech och eis Perceptioun vum Risiko, eise Besoin no Sécherheet an eis emotional Reaktioun op Gefor.
Firwat hu mir eigentlech Angscht?
Déi richteg Dosis Angscht war en entscheedende Facteur fir eist Iwwerliewen am Laf vun der Evolutioun: Wien an Urzäiten net genuch Angscht hat, ass gefriess ginn. Wien ze vill Angscht hat, ass erhéngert. Angscht ass e liewenswichtegt Warnsignal. Well wa mir eppes potenziell Geféierleches wouerhuelen – beispillsweis e plëtzlecht Geräisch oder eng riskant Situatioun – da reagéiert eise Kierper direkt, nach éier mir bewosst nodenken: Den Angschtzentrum vun eisem Gehier, d'Amygdala, schléit blëtzschnell Alarm. Den Häerzschlag an den Otem beschleunege sech an eis Muskele spane sech un. Esou preparéiert eise Kierper sech op de Kampf oder d'Flucht.
Dat war net nëmme virun honnertdausend Jore wichteg. Och haut schützt eis Angscht viru richtege Geforen. Se mécht, datt mir méi virsiichteg a méi konzentréiert sinn. Eréischt wann d'Angscht exzessiv oder chronesch gëtt, gëtt se problematesch.
Hunn déi Jugendlech tatsächlech manner Angscht ewéi déi Erwuessen?
Esou pauschal kann een dat net behaapten. Och déi Jugendlech empfannen Ängschten ënner Ëmstänn ganz intensiv. Mee dat kënnen aner Ängschten ewéi bei deenen Erwuessene sinn – zum Beispill viru soziale Konflikter, Ofleenung oder Prüfungen. Wann et awer ëm kierperlech Risikoe geet, ewéi bei enger wëller Achterban, da wierke se oft manner ängschtlech ewéi Erwuessener. Dohannert stécht awer kee Manktem un Angscht, mee en aneren Ëmgang mat Risiko.
A wouru läit dat?
De Jugendlechen hiert Gehier ass nach an der Entwécklung. Dat gëllt besonnesch fir de prefrontale Kortex, de viischten Deel vun der Groussgehierschuel. En ass fir d'Virausdenken, d'Ofweien an d'Impulskontroll zoustänneg – net grad d'Stäerkte vu ville Jugendlecher. Gläichzäiteg schafft hire Belounungssystem besonnesch aktiv. Dofir reagéiere Jugendlecher méi staark op Reizer, déi Spannung an Unerkennung verspriechen. Se bewäerten dofir dacks Risiko anescht ewéi déi Erwuessen: Et erschéngt hinnen net onbedéngt geféierlech, mee opreegend.
Erwuessener dogéint bezéie méi dacks Erfarung, Verantwortung a méiglech Konsequenzen an hir Bewäertung mat an. Dofir verhale se sech entspriechend méi virsiichteg.
Musse mir eis Suerge maachen, wa Jugendlecher manner Angscht weisen?
Net onbedéngt. Risikofreed gehéiert zur Entwécklung – se hëlleft jonke Leit, Erfarungen ze maachen a Grenzen ze testen. Entscheedend ass, datt se dobäi net eleng bleiwen. Wann Erwuessener verstinn, wat Jugendlecher undreift, kënne si se besser begleeden.
Wat fir eng Aarte vun Angscht gëtt et a wéi wierke se sech aus?
Angscht ass net gläich Angscht. Akut Angscht trëtt op, wa mir direkt bedrot sinn, beispillsweis duerch e plëtzlecht Geräisch oder eng riskant Beweegung a grousser Héicht. Se aktivéiert eise Stresssystem. Den Häerzschlag an d'Ootmung beschleunege sech. D'Muskele spane sech un. De Kierper bereet sech op de Kampf oder d'Flucht vir. Dës Aart vun Angscht ass iwwerliewenswichteg.
D'Erwaardungsangscht dogéint entsteet net an der Situatioun selwer, mee virdrun. Se spillt sech virun allem am Kapp of – zum Beispill beim Ubléck vun enger Achterbunn oder scho beim Gedanken u se. D'Gehier simuléiert méiglech Geforen a bewäert se. Jee no Perséinlechkeet, Erfarung a Kontext kann dat berouegend („ech kréien dat hin!“) oder paralyséierend wierken („ech stierwen do uewen!“).
Chronesch Angscht ass nach emol anescht gelagert: Se begleet Leit dauerhaft an ouni e konkreeten Ulass. Esou Ängschte musse behandelt ginn.
Am Alldag – zum Beispill op der Kiermes – si meeschtens d'Erwaardungsangscht an d'akut Angscht am Spill. Wéi staark se wierken, hänkt dovunner of, wéi d'Gehier d'Situatioun bewäert – an dat hänkt och nees vum Alter of.
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.