Depositphotos

Mmm...eng gutt Schokelasbotter-Schmier

Du frees dech beim Kaffi op däi Liiblings-Gebeess, gesäis awer nom Deckel erofschrauwen, dass iwwerall eeklege Schimmel ass. Bei Schockelasbotter geschitt dat ni. Mr Science, wouru läit dat?

Ganz einfach: Schimmel brauch Waasser, fir sech ze reproduzéieren. An am Gebeess gëtt et dofir genuch Waasser, an am Schockelasbotter net.

De Waasserundeel ass also entscheedend?

Jo, mee oft ka Schimmel d’Waasser an de Liewensmëttel guer net notzen. Ech gi mol en Beispill: Gedréchent Uebst huet en Waasserundeel vun em déi 20%. Nëss hunn nëmmen hallef esou vill. Trotzdem kennen se verschimmelen, gedréchent Uebst awer net. Beim gedréchentem Uebst hält nämlech de Fruuchtzocker d’Waasser chemesch fest, et steet net zur fräier Verfügung. Bei Nëss ass dogéint bal all Waasser fräi an ongebonnen an sou fir de Schimmelpilz notzbar. En kann sech super reproduzéieren.

Ok. An wei ass et elo bei Gebeess a Schockelasbotter?

Am Gebeess ass niewent Zocker virun allem vill Waasser. Den Zocker am Gebeess bënnt awer nëmmen en Deel vum Waasser, et bleift also nach vill fir de Schimmel iwwereg an dee kann sech ausbreeden. Am Schockelasbotter ass sou gutt wei kee Waasser. Niewent vill Zocker, besteet hie virun allem aus Fett, Mëllechpolver, Kakaopolver a gemuelen Hieselnëss. An dat wéinegt Waasser gëtt bal komplett vum Zocker gebonnen. Dem Schimmelpilz bleift ze wéineg fräit Waasser iwwereg. Dofir ka Schockelasbotter net verschimmelen.

Awer heiansdo gesäit een awer en wäisse Belag!

Dat ass awer kee Schimmel, mee nëmme Fett, dat sech un der Surface als kleng wäiss Kriställercher oofgesonnert huet. Dat kann een ouni Suerg iessen.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Depositphotos

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Sendung ass vum 23.11.2016

Aussi intéréssant

App Bloomin‘ Algae Les citoyens peuvent aider à surveiller les algues bleues dans les eaux luxembourgeoises

Grâce à l'application pour smartphone Bloomin' Algae, tout le monde au Luxembourg peut aider les scientifiques du LIST à...

Science meets Art BD scientifique : Les aventures de Tuwwo la molécule d’eau

Le projet « LUX:plorations » combine art et recherche : des artistes et scientifiques locaux ont créé huit bandes dessin...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR , RTL

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR