FNR, SKIN

Déi 3. Episod vun “Ziel mer keng!” geet em Cannabis – als Medikament, awer haaptsächlech am Fraizaitgebrauch.

Cannabis wor an ass e grousst Thema an der Politik – net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och Däitschland. Bei dësem Thema ass hei wichteg dräi Aspekter auserneenzehalen, déi heiansdo am Débât matenee vermëscht ginn:

  1. Ob Cannabis e medezineschen Notzen huet?
  2. Ob Cannabis fir de Fräizäitgebrauch schiedlech ass?
  3. Wéi een Effekt eng Legaliséierung vu rekreativem Cannabis huet?

Des drai Aspekter hu mir recherchéiert. Dofir hu mir eis lauter wëssenschaftlech Studien an Daten ugekuckt a faassen den aktuelle Kenntnisstand an dëser drëtter Episode vum “Ziel mer keng!” zesummen. Wat weess d’Wëssenschaft, a wat weess se net? A wéi kann een de Stand vun der Wëssenschaft anuerdnen?

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Dir wëllt méi déif an des Thema eraklammen? Da fannt Dir zu desen dräi Aspekter méi Detailer an dëser rezenter Artikelserie:

Huet Cannabis e medezineschen Notzen?

Jo, e positiven Notzen vu Cannabis als Medikament oder Therapie ass a verschiddene Fäll kloer nogewisen. z.B. géint chronesch Péng oder géint Iwwelzegkeet bei enger Chimiotherapie.

An et gi Fäll, wou e positiven Notze wahrscheinlech ass, ma d’wëssenschaftlech Datelaag na net sou sécher ass: z.B. géint Symptomer vum Tourette Syndrom oder Epilepsie.

Medezinesche Cannabis ass jo och an e puer Länner legal, ë.a. zu Lëtzebuerg.

Wichteg hei: Bei medezineschem Cannabis handelt et sech em kontrolléiert, zougeloosse Produkter mat bekannten CBD- an THC-Wäerter. Um Schwaarzmaart variéieren des Wäerter an eventuell och d’Qualitéit.

Tëschefazit 1: Jo, medezinnesche Cannabis huet  bei e puer Therapien e kloren Notzen.

Ma wéi gesäit et lo aus mam Cannabis fir de Fräizäitgebrauch?

Ass Cannabis fir de Fräizäitgebrauch schiedlech?

Jo, et ginn eng ganz Reih Studien, déi negativ Effekter vu rekreativem Cannabiskonsum weisen.  Wat nach bekannt ass: d’Dosis mécht d’Gëft. Cannabis ass méi schiedlech, wann ee vill consomméiert. An/oder wann ee fréi domadder ufänkt.

Cannabis kann z.B. süchteg man. Laang Zait gouf de Contraire behaapt, mee dat ass mëttlerweil widderluecht. Laut verschiddenen Etude ginn 10% oder méi vun de Konsumente süchteg. An de Sucht-Risiko geet rop, ë.a. wann ee fréi domadder ufänkt oder vill consomméiert.

Cannabis kann de Risiko erhéijen ë.a. fir psychotesch Stéierungen a psychesch Erkrankungen. Des Weideren huet Cannabis en negativen Afloss ë.a. op d’Gediechtnis, d‘Opmierksamkeet, a Psychomotorik, och laangfristeg. Des Effekter sinn awer reversibel, wann een ophällt.

Fir aner méiglech Effekter konnte bis elo keng eendeiteg wëssenschaftlecher Beweiser fonnt ginn, datt se wieklech duerch Cannabis verursacht ginn, wéi z.B. Depressiounen, posttraumatesche Stress, Suizidgedanken oder eng ganz Reih Kriibserkrankungen.

Et ginn och Studien déi weisen, dass Cannabis zu sozialen oder gesellschaftleche Problemer féiere kann: Jugendlecher bréngen z.B. méi schlecht Resultater an der Schoul,

Cannabis-Sucht veruersaacht Käschte fir de Gesondheetssystem a kann zu Aarbechtslosegkeet féieren.

An de Risiko fir Verkéiersaccidenter geet rop, wa Leit gekifft hunn.

Tëschefazit 2 : Jo, rekreative Cannabiskonsum huet negativ Auswierkungen op d’Konsumenten a fir d’Gesellschaft.  

Wéi schlëmm ass Cannabis am Verglach zu Alkohol?

Aus toxikologescher Siicht ass Alkohol tatsächlech bei wäitem méi geféierlech wéi Cannabis.

Hei kann een engersäits drops kucken, wéi vill ee misst consomméieren, fir eng déidlech Iwwerdosis ze kréien.

Eng déidlech Dosis Alkohol läit bei enger Persoun déi ca. 60 Kilo weit, bei ongeféier engem Liter haardem Alkohol, also wann een z.B. géif e Liter Vodka op Ex drénken. Dat ass vill, ma eppes, wat awer denkbar ass, an och ëmmer nees vierkënnt.

Bei Cannabis ass déi déidlech Dosis sou héich, dass et un sech guer net méiglech ass, sech z.B. duerch Kiffen eng déidlech Dosis ze verpassen.

Dat huet och domadder ze dinn, wéi Cannabis op d’Gehier wierkt. Do setzen un sech keng liewenswichteg Funktiounen aus.

Laut ënnert anerem dem National Institute on Drug Abuse an den USA ass och weltwäit keen eenzege Fall vun enger déidlecher Iwwerdosis Cannabis bekannt. Beim Alkohol ginn et däer awer – an net wéineg.

Eng aner Art a Weis fir déi zwee Stoffer mateneen ze vergläichen ass ze kucken, wéi vill Leit un den direkte Suite vum Konsum stierwen.

Eng Studie schätzt dass an Däitschland pro Joer ongeféier 74.000 Mënschen un den direkte Suite vun Alkoholkonsum stierwen. Un den direkte Suite vu Cannabiskonsum? do gëtt et weltwäit keen eenzegen eendäitege Fall.  

(Also mir schwätzen hei net vun indirekte Suiten, wéi z.B. Autosaccidenter… do verhällt et sech anescht.

Cannabis ass och bei wäitem toxikologesch manner schlëmm wéi haard Drogen wéi z.B. Heroin oder Kokain.

Ma dat wëll awer net heeschen, dass Cannabis total harmlos ass.

Oder wéi déi deemoleg Drogenbeoptragten an Däitschland, d‘Daniela Ludwig, gesot huet: „Nur weil Alkohol gefährlich ist – unbestritten – ist Cannabis kein Brokkoli.“

Tëschefazit 3: Aus toxikologescher Siicht ass Alkohol méi geféiertlech wéi Cannabis. Mee dat wëll awer net automatesch heeschen, datt Cannabis harmlos ass.

Also: Cannabis weiderhi verbidden?

De Problem ass, dass de Verbuet och negativ Effekter huet, wéi z.B. Schwaarzmaart a Kriminalitéit.

An dass trotzdem vill Leit Cannabis consomméieren: An enger Etude fir Europa haten 8% uginn, datt sie am leschte Joer Cannabis consomméiert haten, mat Schwankungen tëscht 4 an 22%  je no Land.   

Also lo awer legaliséieren?

Wat bréngt eng Legaliséierung vu Cannabis?

Dat ass eng politesch Fro. Ma d’Wëssenschaft ka kucken: wat ass geschitt a Länner oder Staate, déi Cannabis legaliséiert oder entkriminaliséiert hunn? Wat woren do d’Ausiwerkungen z.B. op de Konsum, de Schwarzmaart an d’Kriminalitéit?

Fänke mer u mam Konsum : A munche Länner oder Staaten ass de Konsum no Ännerungen an der Legislatioun ropgaang, an aneren roofgaang, oder konstant bliwwen.

Hei ass et ausserdeem schwéier eng Kausalitéit ze beweisen: ass de Konsum lo rop oder roofgaang wéint der Legaliséierung, oder wor dat net souwisou den Trend? A goufe vläit am Kader vun der Legaliséierung d’Donnéen anescht erfaasst wéi vierdrun?

Fakt ass: d’Wëssenschaft kann hei kee kloren Trend erfaassen. Ma och dat ass eng wichteg Erkenntniss. Wann et e ganz eendäitegen Trend géif ginn, dann hätt d’Wëssenschaft dee wahrscheinlech erkannt.

A wéi ass et mam Schwaarzmaart an der Kriminalitéit?

Jo, an deene Länner oder Staaten, déi Cannabis legaliséiert hunn, gouf mat der Zait manner Cannabis um Schwaarzmaart kaf. An et goufe manner Verhaftungen am Zesummenhang mat Cannabis.

Tëschefazit 4: Duerch eng Legaliséierung geet d’Cannabis-Kriminalitéit rof. Beim Konsum ass den Trend net kloer.

Ob lo Cannabis soll legaliséiert ginn oder net, ass awer keng wëssenschaftlech Fro, ma eng politesch, respektiv gesellschaftlech.

D’Wëssenschaft ka weider fuerschen, fir nach besser Daten ze liwweren. Ma schlussendlech muss d’Politik an d’Gesellschaft d’Chancen an d’Risiken vun enger Legaliséierung oofweien an entscheeden.

A wat fir d‘Wëssenschaft wichteg wier:

Falls e weidert Land de Wee vun enger Legaliséierung géif goen, wier et aus Siicht vun der Wëssenschaft interessant vierdru gutt Daten ze sammelen,  fir dass een den Effekt vun enger Legaliséierung duerno besser moosse kann.

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Fact check: Daniel Saraga (Saraga Communications)
Editeuren: Michèle Weber, Joseph Rodesch, Linda Wampach, Melanie Reuter (FNR) 
Video: FNR & SKIN

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

A post shared by science.lu (@science_lu)

Aussi dans cette rubrique

FACTCHECK Quels sont les avantages et inconvénients de l’heure d’été ?

Changer d’heure deux fois par an est censé économiser de l’énergie, mais aurait un impact négatif sur la santé. Le point sur ce qu’en dit la science.

FNR
Artificial Intelligence The EU AI Act: driver or brake for research and innovation?

The world's first law to regulate artificial intelligence got the green light: the EU AI Act of the European Union. Three scientific experts explain what they think of the regulations.

29 février
Histoire du calendrier Quelles sont les origines de notre calendrier ?

Le 29 février n'a lieu que tous les quatre ans – pendant ce qu'on appelle les années bissextiles. Mais quelle en est l’explication et comment nos ancêtres ont-ils mis au point notre système calendair...

FNR