Hausaufgaben

shotshop.com

Hausaufgabe si sënnvoll – wann et déi richteg Aufgabe sinn a wann se am richtegen Moment geschriwwe ginn.

D’Summervakanz ass elo sou lues eriwwer an d’Schüler maache sech prett fir erëm an d’Schoul ze goen. An een dee Schoul seet denkt och un ...d’Hausaufgaben... Mee so mol, Mr. Science, bréngen Hausaufgaben eigentlech eppes? Oder ass et nëmmen eng Folter fir d’Schüler?

 Ech hunn se och net gär gemaach an se allze dacks vergiess.... Ech hunn deemools och net geduecht, datt Hausaufgabe vill géife bréngen. Ech hu mech awer deslescht mat engem Expert iwwert d’Thema geschwat: de Professer Martin Korte vun der Technescher Universitéit zu Braunschweig. Hien ass Neurobiolog an erfuerscht wéi Mënschen am beschte léieren.

An, wat seet de Professer dann zu Hausaufgaben?

Hausaufgabe si sënnvoll – wann et déi richteg Aufgabe sinn a wann se am richtegen Moment geschriwwe ginn.

Dat muss Du mir méi genee erklären…

Hausaufgaben hëllefe Schüler, déi Matière déi se an der  Schoul geléiert hunn, ze festegen an ze verdéiwen. Dofir ass et essentiell, datt sech d’Hausaufgaben inhaltlech op d’Matière vum Cours bezéien. Et mussen also Widderhuelungen an Übungen zu dem sinn, wat den Enseignant mat de Schüler an der Schoul duerchgeholl huet.

Falsch wier et, wa Schüler mat Hëllef vun Hausaufgabe selbststänneg nei Matière léiere missten. Dann hätten déi Kanner ee Virdeel, deenen hir Elteren sech mat dëser Matière auskennen an doheem quasi ee Privatcours kënne ginn, an déi aner sinn do am Nodeel.

An wat ass déi bescht Zäit, an der d’Schüler hier Hausaufgabe schreiwe sollten?

Dat ass déi Zäit, an der d’Kanner wakereg a leeschtungsfäeg sinn. Bei deem engen ass et direkt no der Schoul, ma deen anere brauch nach eng méi laang Paus dotëscht. Fir de richtegen Zäitpunkt ze fannen, do mussen d’Elteren oder d’Erzéier hëllefen.

Ganz eleng klappt et mat den Hausaufgaben also net?

Nee, virun allem Kanner aus der Grondschoul brauchen nach Ënnerstëtzung, mengt de Martin Korte. Net beim Contenu – mee bei der Strukturéierung vum Nomëtten. De Contenu sollten d’Kanner awer eleng léieren. Dee Moment géifen d’Hausaufgaben hëllefen, fir dat selbststännegt Schaffen ze léieren.

Solle Kanner, wann se Hausaufgabe schreiwen, belount ginn?

Här Professer Korte, Hausaufgaben si lästeg. Sollen Elteren d‘Kanner, wann se hier Hausaufgabe gemaach hunn, beloune – z.B. mat eppes Séissem oder Täschegeld?

Proff. Martin Korte: Nee, an der Reegel net. Natierlech sinn Hausaufgabe lästeg a maache kee Spaass. Mee esou ass dat nu mol mat de Flichten, déi jidderee vun eis maache muss.

Eng Belounung fir Selbstverständlechkeete wéi seng Hausaufgaben ze maachen, ass kee gutt Zeechen: Ech strenge mech nëmmen un, wann ech eppes dofir kréien.

„An der Reegel“ heescht awer och, datt et Ausname ginn?

Jo, a Krisesituatioune kënnen Elteren och emol eng Ausnam maachen. Wann keng Konzentratioun opkënnt, ee Feeler nom anere geschitt an eng Aufgab wierklech dringend gemaach muss ginn…

A wéi kritt een da Motivatioun beim Hausaufgabe maachen?

Wa Schüler(innen) déi richteg Hausaufgabe kréien an se am richtegen Zäitpunkt geschriwwe ginn, léieren si scho fir déi nächst Prüfung. Den Opwand fir d’Virbereedung vun der Prüfung ass da manner grouss, well d’Matière jo scho bësse „sëtzt“. Wann Elteren dat hire Kanner bäibréngen kënnen an d’Kanner da gutt Erfarunge maache – dann entsteet Motivatioun vu bannen eraus.

Fir jiddwereen déi selwecht Hausaufgabe – ass dat sënnvoll?

Um Enn vun der Schoulstonn gëtt den Enseignant d’Hausaufgaben – fir all Schüler dee selwechte Programm. Sou war d’Schoul schonn ëmmer, an sou ass et och dacks haut nach. Dobäi ginn et mëttlerweil Méiglechkeeten, vill besser ze diversifiéieren an Hausaufgaben ze verdeelen, déi dem individuellen Niveau vun de Schüler entsprécht.

„Hei ass d’Digitaliséierung eng richteg Chance“, seet de Professer Martin Korte vun der Technescher Universitéit Braunschweig. De Biolog erfuerscht d’Mechanisme vum Léieren: „Mat Hëllef vun digitale Léierprogrammer (Tutorien) kënnen d’Enseignante méi einfach Aufgaben aus zwee oder dräi Schwieregkeetsgrade verdeelen, an iwwerpréiwe wéi d’Schüler domat eens ginn. Dat verhënnert Ënnerfuerdere genee sou wéi Iwwerfuerderung a reduzéiert de Stress duerch Hausaufgaben.“

Och Léierwierkstätten, an deenen Enseignanten d’Hausaufgabe maache betreien, hunn eng gutt Wierkung: Hei kënne Schüler Froe stellen a mam Enseignant souguer Gespréicher iwwer d’Matière aus dem Cours féieren. „Dat féiert am Idealfall dozou, datt d’Schüler dat Geléiert op aner Liewensberäicher iwwerdréit. Dës Transfertleeschtung féiert zu enger besonnesch gudder Verdéiwung vun der Matière.“

Auteur: scienceRELATIONS (Hannes Schlender)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi intéréssant

Enseignement scolaire Apprendre par l’exploration – explorer en apprenant : le projet « Fuerschen Dobaussen » pour les écoles fondamentales

Les écoles luxembourgeoises explorent de nouvelles voies avec un concept d’apprentissage particulier, permettant à leurs...

Aen- oder Oueremënsch Ginn et ënnerschiddlech Léiertyppen?

Favoriséiert d’Gehier beim Léieren e bestëmmt Sënnesorgan a kann een dowéinst vun ënnerschiddleche Léiertyppe schwätzen?...

FNR
En eidele Kapp Wat maache bei engem mentale Blackout?

D'Virbereedung op eng Prüfung kann nach esou gutt sinn. Wann et drop ukënnt, dann ass de Kapp heiansdo komplett eidel. W...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR