Examen Stress

Adobe Stock

An och wann ee gutt preparéiert ass, kann et an enger Prüfung scho mol virkommen, datt een sech op eemol un näischt méi erënnert.

Wann alles, wat ee geléiert huet, op eemol fort ass, dann heescht et: roueg bleiwen. Otem an engem Zoch déif an. Ziel dobäi a Gedanke lues bis sechs. Dann häls Du d'Loft kuerz un an otems genee esou lues nees aus. So dir och, dass Du der Situatioun net hëlleflos ausgeliwwert bass. Wann s Du dat méchs, da misst Du dech normalerweis no e puer Minutten entspanen. Dëst funktionéiert am beschten, wann s Du d'Stressbewältegung och scho wärend der Virbereedung op d'Prüfung üübs.

A wéi maachen ech dat?

Deng Ootmung kanns Du zum Beispill mat Yoga trainéieren. Och geziilten Entspanungsübunge loosse sech einfach léieren. Deng eegen Approche ze änneren, ass vill méi schwéier, mä grad esou wichteg. Wann ee mengt, dass wéinst engem verkackten Examen d'Welt ënnergeet, dann ass d'Panik virprogramméiert. An dann notzt och all Otemtechnik net ganz vill. Wann s Du dir allerdéngs sécher bass, dass d'Liewen och no enger schlechter Prüfung weidergeet, da bass Du direkt vill méi entspaant. An d'Liewe geet weider!

Firwat kritt een iwwerhaapt e Blackout?

En Tiger am Gestrëpp oder d'Prüfungsaufgaben um Dësch provozéieren eng Stresssituatioun. Dat ass awer net onbedéngt eppes Schlechtes. Grouss Quantitéite vum Stresshormon Cortisol ginn ausgescheet a fléissen duerch eise Kierper. D'Gehier an d'Muskele kréien eng Extraportioun Energie. Kuerz: Duerch e bësse Stress ginn Héchstleeschtunge méiglech. Mä ze vill Cortisol schléit op den Hippocampus. Dës Schaltzentral fir Erënnerungen am Gehier zitt kuerzerhand de Stecker, fir e Schued ze verhënneren. De Kapp fillt sech op eemol eidel un. Ginn de Stress an de Cortisolspigel erof, geet den Hippocampus nees un d'Netz an d'Erënnerung kënnt zréck. 

Infobox

Späicherfeeler

Stress ass net den eenzegen Ausléiser fir Erënnerungsblockaden. Bekannt a berüchtegt ass zum Beispill de „Filmrëss“. Et erwächt een. Et kann ee sech un näischt erënneren. Weder, wou een ass, nach, ewéi een iwwerhaapt dohinner komm ass. Sécher ass: D'Party muss ausgeaart sinn. Mä wat an de leschte Stonne geschitt ass, ass am Niwwel verschwonnen.

Ewéi beim Blackout a Prüfungssituatioune spillt och hei den Hippocampus eng wichteg Roll. Dat ass e relativ alen Deel vum Gehier, de mir entwécklungsgeschichtlech esouguer mat de Reptilien deelen an dee vu senger Form hier un e Séipäerdchen erënnert. Net alles, wat mir dagaus, dagan ëm eis ronderëm héieren, gesinn a richen, gëtt och am Gehier gespäichert. Well dat meescht net wichteg genuch ass, gëtt et direkt nees geläscht. Kéint awer eppes wichteg sinn, da kënnt dat an d'Kuerzzäitgediechtnes am Cortex cerebri. Mä just fir déi nächst puer Minutten. Da gëtt et nach eng Kéier bewäert, an zwar vun der Amygdala. Hir Krittären: Emotiounen. Alles, wat mat ganz intensive Gefiller ewéi zum Beispill Angscht verbonnen ass, präägt sech méi staark am Gediechtnes an.

Wat elo nach am Coup ass, gëtt duerch d'zentral Schaltstell am Gehier, den Hippocampus, geschleist. Dee préift: Sinn d'Informatioune wichteg? Si se nei? Oder goufen se vläicht schonns emol am Gehier gespäichert? D'Informatiounen, déi dës Barrière passéieren, ginn un d'Laangzäitgediechtnes iwwerginn a kënne spéider nees erausgekroomt ginn.

Mat Alkohol setze mir den Hippocampus allerdéngs „hors service“. Hie bewäert näischt a leet och näischt weider. Dat heescht: Keng vun den Informatiounen, déi mir ophuelen, wa mir gedronk hunn, iwwerlieft bis moies. An d'Nuecht verléiert sech am Niwwel. 

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Aussi intéréssant

Enseignement scolaire Apprendre par l’exploration – explorer en apprenant : le projet « Fuerschen Dobaussen » pour les écoles fondamentales

Les écoles luxembourgeoises explorent de nouvelles voies avec un concept d’apprentissage particulier, permettant à leurs...

Aen- oder Oueremënsch Ginn et ënnerschiddlech Léiertyppen?

Favoriséiert d’Gehier beim Léieren e bestëmmt Sënnesorgan a kann een dowéinst vun ënnerschiddleche Léiertyppe schwätzen?...

FNR
Schoulufank Wat bréngen Hausaufgaben eigentlech?

Hausaufgabe sinn a ville Familljen en desagreabelt a lästegt Thema. Bréngen se eppes beim Léieren– oder sinn se nëmmen e...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR