Augen Laser

shotshop.com

Ma an deem ee mat engem Laser d‘Krëmmung vun der Hornhaut verännert. Déi suergt nämlech wéi eng Lëns dofir, dass Liichtstralen op der Netzhaut hannen am Aa fokusséiert ginn an ee schaarft Bild erginn. Wann d’Hornhaut awer vun Natur aus staark gebéit ass, treffen sech d’Liichtstralen un der falscher Platz an dann ass ee kuerzsiichteg. D’Aen-Chirurgen droen da virsiichteg mat engem Laser eng genau calculéiert Schicht vun der Hornhaut erof, fir eng Optimal Krümmung ze kréien. Sou kënne si och d’Hornhaut corrigéieren, wann ee wäitsiichteg ass.

Wéi kann ee Laser dann d‘Hornhaut erof krazen?

Bei der, den Ament beléiftsten, Operatiounstechnik gëtt als éischt eng ganz dënn Schicht vun der Hornhaut erofgeschnidden. Nëmmen op engem Wupp bleift se mat der reschtlecher Hornhaut verbonnen. Dës Schicht gëtt dann op d’Säit geklappt. Da gi kuerz Laserpulser op d’Hornhaut ofgeschoss, déi da lues a lues verdämpt. Wann déi optimal Form vun der Hornhaut erreecht ass, gëtt déi op d’Säit geklappte Schicht wéi en Deckel erëm zréck geluecht.

Dat kléngt no enger schwéierer Operatioun…

Deen wou operéiert muss virun allem oppassen, net ze vill vun der Hornhaut erofzehuelen, well se dann ze dënn gëtt an Téitschen kréien kinnt, wat eng schwéier Komplikatioun ass.

Geschitt dat dacks?

Zum Gléck just ganz rar, well virun der Operatioun gemooss gëtt wéi déck d’Hornhaut ass. Serieux Aen-Chirurge rode vun enger Operatioun of, wann déi ze dënn ass.

A wéi eng Risike ginn et nach?

Dacks kritt een dréchen Aen, wat no enger Zäit wéi kann doen. Bei der Operatioun kënnen nämlech Nervenfaseren duerchtrennt ginn, déi d’Netzhaut duerchzéien. Si kënnen dann net méi mellen, dass d’Hornhaut dreschen ass fir esou fir nei Tréinenflëssegkeet ze suergen. Relativ dacks ginn et och Problemer fir an der Nuecht gutt ze gesinn. Wat et nämlech méi donkel ass, wat d’Pupill méi grouss gëtt, fir méi Liicht an d’Aen ze loossen. Dobäi kënnen dann Operatiounsnarben an d’Bléckfeld kommen an d’Bild onschaarf maachen, virun allem ronderëm hell Luucht, wéi zum Beispill bei Autoscheinwerfer.

A wéi eng Risike ginn et op laang Dauer?

Also wat ganz laang Périoden ugeet, weess een dat nach net, well d’Aen eréicht säit ongeféier 30 Joer gelasert ginn. Mee dee Problem hunn aner neientwéckelt Operatiounstechniken och. Eppes ass sécher: wann ee méi al gëtt, brauch een erëm en Brëll: en Liesbrëll géint Alterswäitsiichtegkeet.

Déi kann een nach net fort operéieren?

D’Aen-Chirurgen experimentéieren dofir nach un enger fiabeler a sécherer Technik. Dofir bleift also nach vill Spannendes ze erfuerschen!

Schaarf gesinn dank dem Skalpell

Virum Erfolleg vun der Laseroperatioun goufe Siichtfeeler mat engem Skalpell fort operéiert. Schonn um Enn vum 19. Joerhonnert haten Aendokteren déi éischte Kéier festgestallt, dass Schnëtt an der Hornhaut hir Wölbung beaflossen. Dat kann een sech virstelle wéi bei enger grousser oofgeschieltener Orangëschuel: wann ee Schnëtt vun der Mëtt no bausse mécht, gëtt si méi platt. En russeschen Aendokter huet doraus eng Operatiounstechnik entwéckelt, déi an den 1980er an 1990er Jore virun allem a Russland an an den USA beléift war. Déi gouf awer dunn vun de Lasertechnike verdrängt, déi besser Resultater konnt opweisen.

Kontaktlënsen implantéieren?

Bei staarke Siichtfeeler  kënnt och d’Lasere vun den Aen u seng Grenzen. Do hëllefe just nach kënschtlech Lënse, déi an d’A implantéiert ginn. Eng nei entwéckelt Technik setzt awer op d’Hornhaut. Déi gëtt dobäi säitlech opgeschnidde fir ongeféier 0.3 Millimeter ënnert der Uewerfläch e Plastikrank ze plazéieren. Déi verformt d’Hornhaut dann esou, dass de Patient idealerweis erëm schaarf gesäit. Dat ass awer nach keng gutt ënnersichte Routinetechnik.

Eng verwurrelt grouss Unzuel un Operatiounstechniken

Ween sech iwwer d’Lasere vum A informéiert, stéisst op verwurrelt Ofkierzungen. Dacks bezeechnen si awer nëmme kleng Variante vun der Operatiounstechnik. Den Ament ginn et dräi gängeg Methoden. Déi mat Ofstand am bekanntsten dovunner ass d’LASIK-Operatioun. Dobäi gëtt als éischt déi dënn Hornhautschicht op d’Säit geklappt, da gëtt d’Hornhaut, déi dorënner läit mat engem Laser fortmodelléiert. Dann gëtt d’Schicht erëm zréck geklappt. Dës Variant deet am mannste wéi. E puer Aendokteren hunn awer Angscht, dass d’A op eng länger Dauer méi schwaach bleift, well déi lassgeklappten Hornhautschicht wahrscheinlech ni méi ganz fest uwiisst. Dowéinst kréie Kampfsportler oder aner Mënschen, déi méi en héije Risiko fir Aenverletzunge hunn, eng aner Technik recommandéiert. Bei dëser Variant gëtt d’Hornhaut nëmmen iwwerflächlech fräigeschabt, befiert de Laser si modelléiert. Well et hei e bësse méi laang dauert bis déi iewescht Hornhautschicht sech erëm regeneréiert huet, deet dës Methoden e bësse méi wéi. Bei enger drëtter, relativ neier Technik, schneit de Laser bannen an der Hornhaut ee klengt Stéck fräi, dat dann duerch en säitleche Schlitz aus der Hornhaut gezu gëtt. Duerno huet si dann déi gewënschte Krëmmung.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht. Des Sendung ass vum 11.10.2018.

Aussi intéréssant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR