Introvertiert vs extrovertiert

Adobe Stock

"Vertere" ass Latäin an heescht "sech dréien". Ween introvertéiert ass, dréit sech méi staark no bannen an hält sech a grousse Gruppen éischter zeréck.

Am Gehier ginn et Ënnerscheeder tëscht Intro- an Extravertéierten - sou de korrekte Fachbegrëff. Bei Introvertéierte schéngt d'Gehier méi staark duerchblutt ze ginn, ass also méi aktiv. Och ginn aner Beräicher an hirem Gehier méi staark duerchblutt wéi bei Extravertéierten, nämlech déi fir ze Plangen a fir Problemer ze léisen. Introvertéierter - sou d'Hypothees - sammelen also méi Informatiounen a weien se virun enger Decisioun grëndlech of. 

Bei Extravertéieren gi visuell, auditoresch a sensoresch Gehierdeeler méi staark duerchblutt. Dat erlaabt hinne méi séier ze handelen. Déi méi no bausse geriicht Leit brauchen och méi vum Botestoff Dopamin, fir eng Wierkung ze spieren. Dopamin ass en Hormon, dat glécklech mécht. Dofir stierzen sech Extravertéierter vläicht éischter an eng Aventure.

Dat kléngt béides e bëssen extrem. Kann een dann net och vu béidem e bësse sinn?

Jo, an der Reegel ass dat och esou. Introvertéiert oder extrovertéiert sinn déi zwee entgéintgesaten Enner vun engem eenzege Perséinlechkeetsmerkmal, der Extraversioun. Am wichtegste Perséinlechkeetsmodell vu Psychologe geet de Grad vun Extraversioun vun Null bis Fënnef. Déi meescht Leit leien éigentwou an der Mëtt. Dat nennt een Ambiversioun. Wat ee méi wäit Richtung Null tendéiert, ëmsou méi introvertéiert ass déi eege Perséinlechkeet. Un der ieweschter Limite leien dogéint déi Extravertéiert.

Ween oder wat bestëmmt eigentlech, ob ech intro- oder extravertéiert sinn?

Wéi sou dacks spillen och bei de Perséinlechkeetsmerkmaler souwuel d'Gene wéi och d'Ëmwelt eng Roll. An eise Gene stinn dobäi d'Instruktiounen, wéi sech eist Gehier entwéckelt a wéi et mat Botestoffer ëmgeet. Awer och wat mir am Laf vum Liewen u Beobachtungen an Erfarungen opsaugen, dréit zur Entwécklung vum Perséinlechkeetsmerkmal bäi.

A léisst sech dat am Laf vum Liewe villäicht nach änneren?

Tatsächlech schéngt sech de Grad vun der Extraversioun am Laf vun der Entwécklung nach ze änneren. Engersäits natierlech an der Kandheet, wou sech déi eege Perséinlechkeet entwéckelt a festegt. Anerersäits awer och nach eemol an de gëllen Zwanzeger vum Liewen. Well do geschéien an der Reegel nach eng ganz Rëtsch Saachen, déi Erausfuerderunge sinn. Partner sichen, Famill grënnen, sech am Job beweisen - iwwerall musse mir mat Mënschen interagéieren. Dat kann d'Perséinlechkeet nach e bësse verréckelen. Ob sech och méi spéit am Liewen nach op nohalteg Aart a Weis eppes dréie léist, ass dogéint net sou kloer. Hei sinn d'Wëssenschaftler nach op der Sich no Äntwerten. Fuerschung bleift also wéi ëmmer spannend.

Déi grouss Fënnef

 

D'Perséinlechkeet vun engem Mënsch léist sech unhand vu fënnef Merkmaler relativ zouverlässeg anuerdnen. Dat hu Fuerscher schonn an den 30er Jore vum vergaangene Joerhonnert erausfonnt. Eng Andeelung an dës "Big Five" huet sech säitdeem esou confirméiert, dat si de Standardmodell vun der moderner Perséinlechkeetsfuerschung ginn ass. OCEAN seet een am Englesche fir déi verschidde Merkmaler. Den Akronym steet fir Openness, Conscientiousness, Extraversion, Agreeableness, Neuroticism. Op Lëtzebuergesch sinn dat also Opgeschlossenheet, Gewëssenhaftegkeet, Extraversioun, Bereetschaft fir zesummen ze schaffen a Verletzlechkeet. Déi fënnef Merkmaler si fir d'éischt emol bei jidderengem vun eis ze fannen - wann och ënnerschiddlech staark ausgepräägt. Sou leien zum Beispill déi zwee Extreemer vun der Gewëssenhaftegkeet bei noléisseg an héich organiséiert. A bei der Extraversioun beweegt sech alles tëscht den zwee Polen introvertéiert an extravertéiert. Wo déi eege Perséinlechkeet läit, kann een duerch speziell Questionnairen erausfannen. Firwat ee sou ass, wéi een ass, läit dogéint ongeféier zur Hallschent an de Genen an zur anerer Hallschent an den Erfarungen, déi eis besonnesch an der Kandheet an an der Jugend staark gepräägt hunn.

 

„Vertere“ = „sech dréien“

 

"Vertere" ass Latäin an heescht "sech dréien". Ween introvertéiert ass, dréit sech méi staark no bannen an hält sech a grousse Gruppen éischter zeréck. Viru Publikum ze schwätzen, fält engem dacks schwéier. An no engem stressegen Dag deet Elleng si gutt. Extravertéierter - sou de korrekte Fachbegrëff - sinn dogéint méi no bausse geriicht. Si sti gär am Mëttelpunkt, "verkafe" sech gutt a gëllen allgemeng als selbstbewosst, abenteuerlech an dominant.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditrice an Iwwersetzerin : Michèle Weber (FNR)

Infobox

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR