Pixabay

Velomobil: Vëloe wou een dra läit an déi ganz verkleed sinn

Wéi de Vëlo erfonnt gouf, war de gréisste Problem holpereg Stroossen. Trotzdem gouf en d‘Verkéiersmëttel fir de Grand Public. Mat moderner Technik kéint de Vëlo nach eng Kéier richteg duerchstarten.

Wéi kéint dann de Vëlo aus der Zukunft ausgesinn?

Dat ass schwéier ze soen, well vum Prinzip hier huet en sech säit 100 Joer net méi staark verännert. Saithier hunn d’Vëlosingenieure virun allem déi eenzel Bestanddeeler verbessert: méi liicht Kadere mat Réier aus Aluminium oder Kuelefaser, besser Schaltungen, besser Beliichtung, déi och am Stand funktionéiert a sou wieder. Mee en richtegen Duerchbroch wier e Vëlo, mat deem ee kéint ouni ze schweessen duerch de Reen op d’Aarbecht fueren, fir sou ganz op den Auto ze verzichten. E Schrëtt an des Richtung sinn Elektro-Vëloen, déi duerch modern Akkue méiglech gi sinn, an déi ëmmer méi populär ginn.

Mat deene kënnt ee méi liicht de Bierg erop, mee bei Reen gëtt ee jo awer plätsch naass!

Genee, dëse Problem ass nach ëmmer net ganz geléist: Mat Reenponchoen gëtt een zum Wandfänkert an et ass een duerno plätschnaas geschweest. Déi eenzeg Léisung, déi wierklech gutt funktionéiert, si Vëloe wou een dra läit an déi ganz verkleed sinn – sougenannte Vëlomobiler. Si gesinn e bëssi aus wei gerullten Zigaren. U sou Modeller fuerschen an entwéckele weltwäit vill Tüfteler a Vëlosingenieuren. Déi meeschte vun dëse Vëloen hunn en elektreschen Hëllefsmotor, deen dem Fuerer beim pedaléieren hëlleft. Dës Vëlomobiler kéinten d’Aart a Weis revolutionnéieren, wéi mer an Zukunft vill Strecken zeréckleeën, fir déi mer haut nach den Auto huelen. Mee schonn deemools wei en entwéckelt gouf, war de Vëlo e Motor fir de Fortschrëtt. Wousst du zum Beispill, dass de Pneu amfong fir de Vëlo erfonnt gouf an net fir den Auto?  

Ah sou - ech duecht, dass de Vëlospneu eng Aart Miniversioun vum Autospneu wier?

Am Contraire: Déi éischt Vëloe waren immens onbequem: et huet een all kleng Knubbel gespuert, d’Rieder waren nämlech aus Holz oder Metall. Réischt mat loftgefëllte Pneuen aus Gummi si Vëloe bequem ginn. An d’Gummispneue ware réischt méiglech, wëll Chemiker an Erfanner virdru jorelaang doru gefuerscht hunn, wéi een aus pechegem Kautschuk Gummi maache kann deen hält.

Dann si mer jo mol gespaant drop, wat de Vëlos-Tüfteler hautdesdaags nach alles sou afale wäert!

Loosse mer eis iwwerraschen!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

SnT Partnership Day Une interface éprouvée entre la recherche et l’application

Le SnT de l’Université fait désormais partie des centres de recherche les plus importants au monde en matière de dévelop...

SnT
Moteur électrique contre moteur à combustion Voiture électrique ou diesel : quelle est la meilleure option pour le climat ?

Bien que les véhicules électriques n'émettent pas de CO2 pendant la conduite, leur fabrication consomme plus d’énergie q...

Solarstroossen Ersetzen an Zukunft Solarzellen de Makadamm op de Stroossen?

D’Iddi kléngt genial, mee ass se ëmsetzbar? An Zukunft soll de Stroossebelag net méi aus Makadamm mee aus Solarzelle be...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR