Sport und Eis

Adobe Stock

Iessen bréngt eis net nëmmen Energie, se ze verdaue kascht eis och en Deel dovun.

Dat kléngt lackeleg, mee dat funktionéiert awer net. Et ass awer richteg: Eisen Organismus brauch Energie, fir déi äiskal Schneeckegkeet op Kierpertemperatur ze bréngen. Fir ee Kilogramm puert Äis ze schmëlzen, si ronn 80 Kilokalorien noutwendeg. Fir d'Waasser dann op Kierpertemperatur opzehëtzen, kommen der nach 37 dobäi. Dat gläiche Fett an Zocker awer labber aus. An engem Liter Glace verstoppe sech gutt 1.500 Kilokalorien an souguer Waasserglace huet der nach 240.

Mee d'Verdauung brauch jo awer och Energie, oder?

Dat ass scho richteg an nennt sech am Fachjargon postprandial Thermogenese (cf. Infobox). Haaptsächlech Eewäiss brauch vill Energie, fir verdaut ze ginn. Mee an der duerchschnëttlecher Glace stiechen éischter Zocker a Fett – zwee Grondnärstoffer, déi vill méi Energie hierginn, wéi hir Verdauung brauch.

A wann ech einfach ganz vill Äiswierfelen iesse géif? Géif ech dann ofhuelen?

Well puert Waasser keng Närwäerter huet, brauch Däi Kierper tatsächlech méi Energie fir d'Schmëlzen, wéi en der kritt. Doduerch ofzehuelen, bleift awer trotzdeem onrealistesch. Fir e Liter gefruerent Waasser ze schmëlzen, verbraucht een nämlech grad mol 6 Prozent vu sengem duerchschnëttlechen Energieverbrauch pro Dag. Fir lo wierklech duerch d'Iesse vun Äiswierfel ofzehuelen, misst een méi wéi déi 2-3 Liter Äis iessen, déi een sengem Kierper (a Form vu Waasser) maximal zoumudde sollt.

Infobox

Nom Iesse gëtt et waarm

Iessen bréngt eis net nëmmen Energie, se ze verdaue kascht eis och en Deel dovun. E Bifdeck, Gromperen oder Geméis mussen nämlech zerklengert, an de Mo transportéiert an an hir Bestanddeeler zerluecht ginn. Dorausser entstinn da kierpereege Stoffer, déi dann erëm agebaut oder gespäichert ginn. Dat alles kascht Energie. Wann eise Kierper dës aus senge Reserve generéiert, gëtt Hëtzt fräi. Postprandial Thermogenese nennen d'Wëssenschaftler dat. Post heescht no; prandial kënnt vum laténgesche prandium, wat bei den ale Réimer en zweet Moiesiesse war a Medezinner haut nach als Begrëff fir all d'Molzechte benotzen; thermo steet da fir Hëtzt a genese huet algriichesch Wuerzelen an heescht Gebuert oder Entsteeung.

Dës Entsteeung vun Hëtzt nom Iessen hält e puer Stonnen un an hänkt dann erëm vun de Grondbestanddeeler vun eiser Narung of. Eewäisser sinn am usprochsvollsten. Tëschent 15 an 30 Prozent vun hirem Energiegehalt gi bei der Verdauung drop. Kuelenhydrater sinn do scho méi einfach ëmzesetzen. Eise Kierper muss nëmme 5 bis 10 Prozent vun der Energie, déi doran enthalen ass, investéieren, fir se ze assimiléieren. Fir d'Fetter gesäit d'Energiebilanz nach besser aus. Fir dës Energiebommen ëmzesetzen, sinn nëmmen 2 bis 4 Prozent vun deem néideg, wat se eis liwweren. Iwweregens: Och Alkohol gëtt verbrannt a brauch dofir gutt 22 Prozent vun der Energie, déi an em stécht.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR), Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Kim Dieschburg

Aussi intéréssant

Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR
Vun Natur aus sauer Firwat huet een e pelzegt Gefill am Mond, nodeems ee Rubbarb giess huet?

De Rubbarbskompott ass nees richteg lecker. Mä nom Iesse fille sech d'Zänn rau a pelzeg un. Wou kënnt dat hier, Mister S...

FNR
Recherche participants étude Comment les bactéries dans l'intestin humain changent-ils avec le régime alimentaire ?

L'étude LUXFICO (Luxembourgish Fiber Cohort) du Luxembourg Institute of Health étudie le lien entre la consommation de f...

LIH