Heather Kyoht Luterman

Den Dinosaurier vu Brouch huet Ähnlechkeet mam Dilophosaurus wetherilli.

Am Mäerz 2014 huet d’Noriicht, dass zu Brouch Dinosaurierschanke fonnt goufen, ageschloe wéi eng Bomm. Ma wat war dorun extra? Dinosaurier sinn dach weltwäit virkomm?

Dat schonn. Allerdéngs waren awer zur Dinosaurierzäit grouss Deeler vum heitegen Europa a vu Lëtzebuerg vun engem flaache Mier bedeckt, just eenzel Inselen hunn erausgekuckt. Aus deem Grond gouf sech hei keen Dinosaurier-Skelett erwaard.

Et gouf dach och Dinosaurier déi am Mier gelieft hunn. A wann ech mech net ieren, goufe Spueren vu souer dach scho méi oft hei am Land fonnt?

Du mengs wuel de Stenopterygius. Deen ass awer streng geholl e Fëschsaurier, keen Dinosaurier. Am Sproochgebrauch gi vill vun den Déieren, déi zur selwechter Zäit wéi d’Dinosaurier gelieft hunn, oft an een Dëppe geheit. U sech steet de Begrëff Dinosaurier awer fir eng Grupp vun Déierenaarten, déi um Land gelieft hunn. Nëmme ganz vereenzelt waren der un d’Liewen am respektiv beim Waasser ugepasst: sou de Spinosaurus, deen awer bis elo just an Nordafrika fonnt gouf.

Wéi erklären se sech dann de faméisen “Dinosaurier vu Brouch”?

D’Paläontologen denken, dass d’Déier um Rand vun enger Landmass gelieft huet, déi vu London bis Lëtzebuerg goung. Nodeems et gestuerwen ass, gouf de Kierper vu Flëss oder Iwwerschwemmungen an d’Mier gespullt, ass op de Fong gefall a gouf mat Mieressedimenter zougedeckt. Em wéi eng Aart et sech beim Broucher Dino handelt, ass net mat absoluter Sécherheet gewosst, mee d’Schanken komme wahrscheinlech vun engem klenge bis mëttelgroussen, fleeschfriessenden Déier a weise grouss Ähnlechkeet mat deene vum Dilophosaurus wetherilli.

Auteur: Liza Glesener
Photoen: © MnhnL; Illustratioun: © Heather Kyoht
Luterman

 

 

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Wéi d’Geschicht vum Dinosaurier aus dem Sandsteebroch vu Brouch weist, sinn an der Fossiliefuerschung zu Lëtzebuerg laang net nëmme professionell Wëssenschaftler bedeelegt. Och wann den Här Delsate, e wëssenschaftleche Mataarbechter vum Lëtzebuerger Naturmusée (Musée national d’histoire naturelle Luxembourg) an den Här Ezcurra, e Paläontolog vun der Ludwig-Maximilian-Uni München d'Schanken déi zu Brouch fonnt goufen méi genau ënnersicht a bestëmmt hunn, ass et awer zwee begeeschterten Hobby-Paläontologen, den Hären Haas a Meiers ze verdanken, dass et iwwerhaapt eppes z’ënnersiche gouf.

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR