Sonnecrème als Sonneschutz.

(c) Shotshop

UV-Strale kënnen d’Ierwsubstanz an eisen Zelle schiedegen.

Mr. Science, ech weess, dass ze vill Sonn schiedlech ass an ech Hautkriibs kréie kann, wann ech ze heefeg an der Sonn brutzelen. Mee wéi kënne Sonnestralen eigentlech Kriibs ausléisen?

D’Sonn schéckt ënner anerem UV-Stralen, also ultraviolett Stralen, a Richtung Äerd. En Deel dovu gëtt vun der Ozonschicht ofgefaangen oder ofgeschwächt, mee en Deel trëfft op eise Kierper, wa mer an der Sonn setzen. UV-Strale kënnen d’Ierwsubstanz an eisen Zelle schiedegen a gëllen dofir als kriibserreegend. Wichteg sinn dobäi virun allem d’UV-A an d’UV-B Stralen. UV-B kommen nëmmen an d’Uewerhaut, UV-A geet méi déif bis an d’sougenannte Liederhaut erof.

Mee wéi funktionéiert dat genee?

An der Haut provozéiert d’Stralung zum Beispill Bréch am DNA-Strang oder verännert hiren Opbau. Dobäi kënnt, dass béid Zorte vun UV-Stralen d’Bildung vun aneren, ganz reaktive Substanzen an der Zell favoriséieren. Dës kënnen dann op hier Aart a Weis d’DNA weider schiedegen.

An dat mëscht dann de Kriibs?

Jo op laang Siicht schonns. Déi meescht Schied fléckt d’Zell selwer direkt erëm. Mee ganz perfekt ass de Reparatursystem net. E puer Feeler rutschen duerch. Wann d’Stralebelaaschtung méi héich ass, wat méi Zellen sech mat Feeler usammelen. E puer vun dësen Zelle kenne schlussendlech ufänken, sech onkontrolléiert ze deelen. Dann entsteet Kriibs. Jee nodeems, wat fir eng Zellschichte vun der Haut betraff sinn, bilden sech ënnerschiddlech Aarte vun Hautkriibs. Experte schwätze vu wäissem a schwaarzem Hautkriibs. Déi läscht Zort ass déi geféierlech Form, well en heefeg op aner Organer iwwergeet.

Dofir soll een also Sonnecrème benotzen?

Genee an am beschte vill! Do si Substanzen dran, déi entweder d’UV-Stralen ophuelen an se an harmlos Energie ëmwandelen oder déi se wéi e Spigel zréckwerfen ier se e Schued uriichte kënnen (méi Detailer heiriwwer an der Infobox).

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Shotshop

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 20.06.2018 beäntwert.

Wéi schützt Sonnecrème?

Sonnecrèmen enthale Moleküller oder Pigmenter, déi d’Strale vun der Sonn ophuelen oder reflektéieren. Doduerch schützt se d’Zellen an d’Ierwgutt viru Schied. Deen op der Packung ugewisene Sonneschutzfaktor weist un, wéi vill méi laang ee mat der Crème an der Sonn bléiwe kann wéi ouni. Beim Sonneschutzfaktor 30 dierft een also 30 mol méi laang d’Sonn genéisse wéi wann een net agecrèmt wier. Déi sougenannten Eegenschutzzäit ass vu Mënsch zu Mënsch verschidden an hänkt mat dem Hauttyp zesummen. Hellhaiteg Mënsche verbrenne méi liicht wéi Donkelhaiteger. Wichteg ass et ze wëssen, dass ech den ugewisene Sonneschutzfaktor nëmmen op d‘UV-B-Stralung bezitt. Op der Verpackung vun der Crème sollt onbedéngt och en UV-A Logo drop sinn. Dat weist un, dass d’Crème och virun dësem Stralentyp schützt. An ganz wichteg ass, net ze spuersam mat der Crème ëmzegoen, mee se richteg deck opzedroen.

Aussi intéréssant

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg - juin 2022

Les dernières études au Luxembourg ont permis la découverte de candidats thérapeutiques pour le traitement de plusieurs ...

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- décembre 2021

Des chercheurs au Luxembourg ont identifié des pistes thérapeutiques pour prévenir l’hyper-inflammation causée par le CO...

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR