© Wikimedia Commons

Déi villverspriechendst Entwécklung si Plooschteren, déi no dem Gecko-Prinzip pechen.

Wéi virun 100 Joer d’Plooschter erfonnt gouf, hunn sou munch Plooschteren sou gutt gepecht dass ee mat hinne Vëlospneuen gefleckt huet. Wat war deemools schief gaang?

Déi éischt Plooschtere goufe mat waarmem Haarz opgepecht. De Problem dobäi war: D’Haarz gëtt haart a brescheg a reizt d’Haut. Also hunn d’Fuerscher mat anere pechesche Substanzen experimentéiert, wéi Kautschuk. Dat bleift mell an d’Haut verdréit e besser. Deen allerdéngs, huet sou fest gepecht, dass een e just ganz schwéier rëm erofkrut.                        

Aua! Dat klengt net gutt!

Genee. D’Kautschuk Plooschter war fir hiren Erfanner trotzdem en kommerziellen Erfolleg: Se gouf immens populär fir Vëlospneuen ze flecken a gouf spéider zum Tesa-film weiderentwéckelt.

Ok … Wéini gouf eigentlech déi éischt Plooschter erfonnt?

Plooschtere wéi mer se haut kennen, goufen an den USA an an Däitschland am Ufank vun den 20er Joere vum leschte Joerhonnert entwéckelt. Dat ware Pechsträifen, déi net méi ganz sou fest gepecht hunn. Genee wéi haut haten se och schonn deemools an der Mëtt e klengt Stéckche Verbandskompress, dat op d’Wonn komm ass.

An wei huet ee virdru kleng Wonne versuergt?

An der Urzäit mat Blieder a Baamschuel. Spéider huet ee kleng Stofffatze geholl, déi mat Uelegen, Fetten oder souguer mat Quecksëlwer getränkt waren.

Quecksëlwer?

Jo, dat bréngt Bakterien em. Et ass awer immens gëfteg, dofir gëtt et och net méi genotzt. Haut tüftelen d’Plooschter-Fuerscher un Pechsträifen, déi zwar gutt op der Haut halen, awer net wéi doe wann een se rof zitt.

An? Wäerte mer geschwënn sou douce Plooschteren hunn?

Dat ka gutt sinn. Déi villverspriechendst Entwécklung si Plooschteren, déi no dem Gecko-Prinzip pechen. Dës Déiere kenne kappiwwer um Plafong hänken. Dat kennen se wéint Milliarde renger Heeërcher ënnert hire Féiss. Jidder Hoer pecht nëmmen e bëssen, se all zesummen awer staark. Wann se hier Féiss lassléise wëllen, fir virun ze goen, rullen se se of. Sou musse Geckoen ëmmer nëmmen d’Pechkraaft vun e puer Hoer iwwerwannen. Fuerscher hun elo Pechstraifen entwéckelt déi esou ähnlech funktionéieren. Déi éischte Modeller gi scho vu Medeziner getest.

Dat wier jo mol e Fortschrëtt, wann d’Erofzéie vu Plooschteren net méi wéi doe géif!

An dat hunn d’Fuerscher sech da vun der Natur ofgekuckt. Spannend, oder?

Allerdéngs !

 

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Iwwersetzer : Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR