Ziel mir keng

Skin, FNR

De Jean-Paul Bertemes an d'Michèle Weber sinn Deel vun der science.lu-Equipe.

Dëse Sonndeg, de 27. Februar leeft fir d’éischte Kéier op RTL Tëlee dat neit Format vu science.lu: Ziel mir keng! – de science.lu check. Géint 19h20, nom Pisa Wëssensmagazin. Mir sichen eis an dësem Format gesellschaftlech relevant Froen aus, a recherchéieren de Stand vun der Wëssenschaft zu deem Thema. Presentéiert ginn d’Theme vun der science.lu-Equipe, an diffuséiert ginn d’Episoden op RTL Tëlee (1 mol de Mount, Sonndes, nom Pisa Wëssensmagazin), op RTL Play, an op eisem YouTube-Kanal – hei an enger heiansdo bëssi méi laanger Versioun. Firwat maache mer dat? Wat ass d’Konzept? A wat geschitt mam Mr Science? 

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

A post shared by science.lu (@science_lu)

Méi Leit erreeche mat engem Format fir Youtube an Tëlee

„Zanter 2019 publizéiere mir reegelméisseg op science.lu ganz ausféierlech Artikelen, wou mer de Stand vun der Wëssenschaft zu verschiddenen Themen, déi aktuell an der Gesellschaft beschwat ginn, recherchéieren. E Beispill sinn eis vill Covid-Artikelen, ma och Artikelen iwwer 5G, Cannabis, gratis ëffentlechen Transport asw…. Dës Artikele si laang. Sie ginn zwar erstaunlech vill gelies, ma mir sinn eis bewosst, dass mer mat deenen Artikele just déi ganz motivéiert erreechen, déi sech Zäit huele fir laang Artikelen. D’Iddi vun deem neie Format ass lo ënnert anerem, fir déi ausféierlech Artikelen a méi kuerzer Form engem méi grousse Publique zougänglech ze maachen“, seet de Jean-Paul Bertemes vu science.lu.

Déi wëssenschaftlech Perspektiv an den Débât Publique bréngen 

D’Zil vun deem neie Format ass déi wëssenschaftlech Perspektiv mat an den Débât Publique ze bréngen: Wat weess d’Wëssenschaft, wat weess se net, a wéi kann een d’Erkenntnisser aus der Wëssenschaft am gesellschaftleche Kontext anuerdnen?! 

Eng Equipe! 

Ma et gëtt nach eng wieder Iwwerleeung derhannert, seet d’Michèle Weber vu science.lu: „Eis war et wichteg bei dësem Format de Fokus wech vun enger Persoun ze huelen, an ze weisen dass hannert eisen Artikelen ëmmer en Equipeneffort stécht. Mir schaffen an der Reegel zu e puer u sou groussen Artikelen, kréien ausserdeem och nach Hëllef vu Freelance Wëssenschaftsjournalisten a vu Fuerscher an Experten, déi derzou bäidroen déi relevant wëssenschaftlech Literatur ze fannen an anzeuerdnen.“ 

Basis vun den Ziel mir keng!-Episode wäerten ëmmer ausféierlech Artikelen sinn, wou mer d’wëssenschaftlech Literatur zu engem Thema durchstöberen an zesummefaassen. Also begleet dëst Format an Zukunft eis ausféierlech Artikelen, déi mer weiderhi wäerte produzéieren. 

Wat geschitt mam Mr Science? 

Ma wa lo nom Pisa Wëssensmagazin den „Ziel mir keng!“ leeft an net méi de Mr Science, heescht dat, datt hien ophält?

Nee! De Joseph mécht wieder! 😊 „Ech si mat Deel vun der science.lu-Equipe, déi dës Sujete wäert presentéieren. An ech wäert och nach weiderhin ëmmer mol nees och e Mr Science-Reportage maachen am PISA an och um Radio“, seet de Joseph Rodesch, alias Mr Science.  

Ee weidere Grond, firwat d’science.lu-Team dëst neit Format gewielt huet, ass iwwregens och en lien mam Mr Science: „Mir si grad amgaang un engem weideren neie Format vun enger Show ze schaffen, mat enger gréisserer Envergure, wou ech mech vill drëms këmmeren. Dass lo manner Mr Science Reportagen op RTL Tëlee lafen, erlaabt mer, mech méi op dësen aneren neie Projet kënnen ze konzentréieren“, sou de Joseph Rodesch weider.  

Ma ëm wat geet et bei dësem weidere Projet genee? „Dat kann ech nach net verroden 😉“, seet de Joseph Rodesch.  

Mir wäerte bei Geleeënheet doriwwer kommunizéieren!  

RTL Tëlee hat iwwregens gëschter e Reportage iwwert den „Ziel mir keng!“ gemaach: 

„Ziel mir keng!“ leeft fir d’éischte Kéier op RTL Tëlee dëse Sonndeg, de 27. Februar, nom Pisa Wëssensmagazin, sou géint 19h20. Duerno fënnt een d’Episod op RTL Play an op dem science.lu Youtube-Channel. Hei kënnt der iech op eisem YouTube-Kanal abonéieren: https://www.youtube.com/c/ScienceLu 

D’Thema vum éischten Episod: Wéi geféierlech ass da lo 5G? 

Weider geplangten Theme sinn ënnert anerem Cannabis, gendergerecht Sprooch an Insektestierwen…. 

Mir hoffen dass iech eist neit Format gefält! 

Léif Gréiss, 

d‘science.lu-Team

Aussi intéréssant

science.lu check “Ziel mir keng!”: Ass 5G geféierlech?

Mir hunn op RTL Tëlee a YouTube en neit Format lancéiert: Ziel mir keng! Wat weess d’Wëssenschaft zu gesellschaftlech re...

FNR

Aussi dans cette rubrique

FACTCHECK Quels sont les avantages et inconvénients de l’heure d’été ?

Changer d’heure deux fois par an est censé économiser de l’énergie, mais aurait un impact négatif sur la santé. Le point sur ce qu’en dit la science.

FNR
Artificial Intelligence The EU AI Act: driver or brake for research and innovation?

The world's first law to regulate artificial intelligence got the green light: the EU AI Act of the European Union. Three scientific experts explain what they think of the regulations.

29 février
Histoire du calendrier Quelles sont les origines de notre calendrier ?

Le 29 février n'a lieu que tous les quatre ans – pendant ce qu'on appelle les années bissextiles. Mais quelle en est l’explication et comment nos ancêtres ont-ils mis au point notre système calendair...

FNR