FNR

Opgepasst! Nëmmen ënnert Opsiicht vun engem Erwuessene maachen. Ni op Persounen oder Déieren zilen! Kleng Kanner kënnen op d‘Spëtzt vum Spiiss eng Bull Plastilinn oder e Kork op stiechen.

D’Melanie vu science.lu weist dir am Experiment vun Dag wéi een aus engem Loftballon, enger Fläsch an engem Spiiss e Bou baut mat deem ee schéisse kann.

Dëse Bou funktionéiert anescht wéi e klasseschen Indianerbou. Et notzt ee just d’Deenbarkeet vum Gummi aus fir de Feil ze schéissen. Well de Gummi vum Ballon sech wäit deent an duerno rëm séier a seng Originalform zréck wëll, acceleréiert en e Spiiss iwwer e puer Zentimeter sou vill, datt dësen eng Zilscheif duerchlächeren oder e Ballon zum Plaze brénge kann.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoë fënns Du hei:

Aussi dans cette rubrique

Experiment  Firwat kann eng Orangëschuel e Loftball platzen? 

Loftbäll sinn aus Naturkautschuk - e geniaalt Material wat enorm stabil an elastesch ass. Firwat platzt en awer sou séier wann ee mat enger Orangëschuel méi no kënnt?

FNR
Experiment Wéi bléist een a Corona-Zäiten d’Käerzen um Kuch aus?

Kaum denkbar datt ee senge Gäscht e Kuch zerwéiert wou ee virdrun seng Mikroben drop geblosen huet. Mir verroden en Trick wéi een en trotzdeem ausblose kann!

FNR
Comme par magie Bougez une paille sans la toucher !

Essayez de faire tourner une paille au dessus d’une bouteille sans la toucher !

FNR