© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

An 11 Gramm Wues stockéiere Beie bis zu engem Kilo Hunneg, an domat gehéiert d’Beiewab zu deene Strukturen déi am effektiivste Flëssegkeete wéi z.B. Hunneg stockéiere kënnen. D’Struktur ass also net nëmmen eng wonnerschéin, mee och e physikalescht perfekt optimiséierte System.

Kënne Beien zielen?

Fuerscher un der Universitéit Würzburg wollten dofir erausfannen op d’Beie mathematesch Fähegkeeten hunn,  an hunn an engem Experiment konnten noweisen datt d’Beien effektiv ziele kënnen, mee just bis 4. Dat 6-eckeg Muster huet also en anere Grond...

Méi zum Experiment, a wat Seefeblose mat Beiewaben ze dinn hunn, gitt dir am Mr Science Video gewuer.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL 

Infobox

PISA - De Wëssensmagazin op RTL Télé Lëtzebuerg

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Aussi intéréssant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

FNR
gro Hoer
Faarfpigmenter Firwat kréie mer gro Hoer?

Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen anere réischt mat 50. Mee firwat kréie mer gro Hoer?

FNR
Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR