© shotshop.com

Ass et sënnvoll, e Flachmann an der Täsch ze hunn?

Mr. Science, elo kënnt jo esou lues erëm déi kal Joreszäit. Fir virzesuergen hunn ech mir mol mäi Flachmann mat enger Drëpp gefëllt. Wann ech dann erëm mol esou richteg fréieren, kann ech mech mat enger Schlupp opwiermen.

Sou gutt dat vläit deed - dat solls de léiwer si loossen. Dass Alkohol wiermt, ass nämlech falsch. Et ass e Gerücht, dat net stëmmt, mee och net auszerotten ass.

Wisou stëmmt dat dann net?

Alkohol huet verschidde Wierkungen op eise Kierper. Ënner anerem suergt en dofir, dass sech ënnert der Haut d’Oderen ausdehnen. Duerch sie stréimt da méi Blutt. Dat fillt sech zwar sou un wéi wann et dir méi waarm gëtt, mee a Wierklechkeet gëtt d’Blutt dann zousätzlech Kierperwäermt un d’Emgéigend erof.

Dat heescht, ech ginn net waarm, mee verléieren Hëtzt?

Genausou ass et! D’Hëtzt gëtt dengen ënneren Organer wéi Liewer, Mëlz, Häerz entzunn. Genee dat probéiert däi Kierper awer ze verhënneren, wann et der kal ass: E setzt d’Duerchbluddung ënnert der Haut erof, fir d’Hëtzt bannen dran ze halen. Dëse schützenden Effekt mëchs de mat Alkohol futti.

A wat kann da geschéien?

Naja, bei enger Schlupp erleids de keng gréisser kierperlech Schied. Mee Mënschen, déi stark alkoholiséiert a grouss Keelt geroden, kënnen erfréieren, ouni dass se et mierken.

Mee et ginn awer Situatiounen, an deenen de Mënsch Alkohol géint Effekter vun der Keelt kann asetzen. Wanns de z.B. Industriealkohol an d’Killwaasser vun dengem Auto kipps. Do setzt en de Gefréierpunkt vun der Flëssegkeet erof – an de Kühler platzt net duerch Gefréieren.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Shotshop

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 6. Dezember 2017 beäntwert. 

Aussi intéréssant

Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR
Gehirentwécklung Firwat ginn et Rietshänner a Lénkshänner?

Ongeféier 90 Prozent vun der Weltbevëlkerung si Rietshänner, zirka 10 Prozent si Lénkshänner. Mä firwat ginn et iwwerhaa...

FNR
Schlummertrunk Firwat mécht roude Wäin éischter midd?

Dacks geet ee Glas vun deem rubinroude¨n, schwéiere Wäin duer, a scho kënnt de Mann mam Hummer. Firwat ass dat sou?

FNR

Aussi dans cette rubrique

„Nacktscanner“ Wéi funktionéiert e Kierperscanner um Fluchhafen?

Op Fluchhäfe ginn zanter e puer Joer Kierperscanneren agesat, fir Passagéier op Waffen a Sprengstoff ze duerchsichen. Wéi funktionéieren dës Apparater?

FNR
Lernstress
Entspanung Hëlleft masturbéieren géint Examensstress?

Géint Examens- a Prüfungsstress hëllefen Entspanungstechniken. Gehéiert masturbéieren dozou? 

FNR
Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?