Material

  • E Glas Waasser
  • Äiswierfel (net ze kleng)
  • E Fuedem (Woll oder Zwier funktionéiert gutt)
  • Kachsalz

Duerchféierung

Gëff en Äiswierfel an d’Waasserglas. Huel de Fuedem, maach en naass a lee en dann op d’Stéck Äis am Waasserglas. Stree da virsiichteg e bësse Salz op de Fuedem deen um Äiswierfel läit. Waart e puer Minutten a probéier dann den Äiswierfel um Fuedem opzehiewen. Wann d’Experiment geklappt huet (Du muss vläicht e puermol probéieren) ass de Fuedem um Äiswierfel festgefruer!

Prinzip

Wa puert Waasser fréiert – bei 0 Grad – hale Waassermoleküllen déi am flëssegen Zoustand hin an hir gewibbelt hunn op mat wibbelen sou dat se staark Verbindunge kënne maachen. Et entsteet fest Äis.

Wa Waasser awer net puer ass – z.B. well Salz dobäi gemaach gouf – kënnen déi Waassermoleküllen sech net sou séier verbannen an d’Waasser fréieren doen, well se domat beschäftegt sinn sech ronderëm d’Salz ze leeën. Dofir fréiert Salzwaasser réischt bei méi niddregen Temperature wäit ënner Null Grad.

Dat ass de Grond firwat am Wanter Salz op d’Stroosse gehäit gëtt, fir ze verhënneren datt sech eng Couche Äis op der Strooss bilt. D’Salz léist sech an där dënner Waassercouche op der Strooss op a mécht datt dat Waasser op der Strooss réischt bei Temperature wäit ënner Null Grad fréiert.

Oder wa sech schonn eng Couche Äis gebilt huet kann een dës mat Hëllef vun Salz schmëlzen.

Am Experiment notze mer dee Prinzip fir mat Hëllef vun engem Fuedem en Äiswierfel opzehiewen, ouni et unzepaken. D’Äis ronderëm de Fuedem schmëlzt wa mer Salz op d’Stéck Äis maachen, an da fréiert de Fuedem um Äiswierfel fest.

Firwat geet dat? Deen Ament wou’s de Salz op den Äiswierfel gëss léist d’Salz sech an där dënner Couche Waasser um Äiswierfel op. A well Salzwaasser jo bei méi niddregen Temperature fréiert wéi puert Waasser schmëlzt e bësse vum Äiswierfel. Dobäi absorbéiert d’Äis e bësse Wäermt aus senger Emgebung, wat dozou féiert datt déi direkt Emgebung vum Salz a Fuedem e bëssen ofkillt a mécht datt d‘Salzwaasser um Äiswierfel festfréiert – an eben och de Fuedem. Ouni d’Salz hätten d’Waasser an d’Äis déi selwecht Temperatur an de Fuedem géif net festfréieren.  

Tipps

Probéier och, ob de Fuedem ouni Salz um Äiswierfel festfréiere kann. A funktionéiert et och mat Zocker amplaz Salz?

Text: Michèle Weber (FNR)

Aussi dans cette rubrique

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR