Tim Reckmann/pixelio.de

Tenside fënns de souwuel am Shampoing, am Gel an an der Seef.

Shampoing fir d’Hoer, Duschgel fir de Kierper a beim Lavabo e Block Seef fir d’Hänn… Gëtt et e Grond, net einfach ee Produit vu Kapp bis Fouss ze benotzen?

Dat éischt wat s de fir dës Äntwert muss wëssen, ass, wéi dat mam Wäschen iwwerhaapt funktionéiert.

Also Mr Science, de Grondprinzip dovun huet meng Mamm mer scho viru Jore bäibruecht!

Nee, ech mengen natierlech d’Chimie derhannert! An all Wäschmëttel si Substanzen, déi sech ëm Fett op eiser Haut, eisen Hoer, oder och um knaschtegen Teller festsetzen – se fänken d’Fett an, fir dass d’Waasser et kann ewechspullen. Dës sougenannt Tenside fënns de souwuel am Shampoing, am Gel an an der Seef .

Aha – also ass et effektiv egal mat wat ech mech wäschen.

Jein. Eng natierlech Seef aus Déieren- oder Planzefetter, huet par Rapport zu Shampoing oder Gel ee groussen Nodeel: An haardem Waasser, zum Beispill mat vill Kallek, bilden sech kleng Kristallen, déi s de net onbedéngt an déngen Hoer wëlls hunn. Am Shampoing an am Gel sinn Zousazstoffer, déi dat verhënneren.

A bei Waasser ouni Kallek…?

Häss de dee Problem och mat Seef net. Och mat Duschgel oder souguer mat verdënntem Spullmëttel kanns de deng Hoer genau sou gutt propper kréie wéi mat Shampoing. Trotzdem ass Shampoing fir de Kapp besser, well do nieft dem eigentleche Wäschmëttel nach aner Stoffer dra sinn, déi speziell fir d’Hoer geduecht sinn: ënner anerem souer déi d’Kämme méi einfach maachen, d’Hoer virum Verdréchne schützen oder dofir suergen, dass se manner statesch opgeluede sinn.

Autor: Liza Glesener
Foto: © Tim Reckmann/pixelio.de

 

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

D’Shampoing-Reklamme probéieren zwar heiansdo eis sou munch Dommheet ze verzielen – Hoer kann een zum Beispill net “méi lieweg” maachen, vu dass se aus doudegen Zelle bestinn – trotzdem stécht am Domaine vill Fuerschung dran.

D’Grondlag vun engem Shampoing ass ëmmer déi selwecht: e Wäschmëttel, wat d’Fett vun den Hoer erofkritt. Mee dono gëtt et méi spannend. Wat fir ee Stoff kann ech an de Shampoing maache fir dass et méi schéi schaimt? Wat maachen ech dran, fir dass e méi flott ausgesäit oder sech besser op der Hand ufillt? Wéi ee Stoff verhënnert am Beschten d’Bildung vu Kristallen am haarde Waasser? Wéi kréien ech am mannste Knetzelen? Wat fir eng Substanz schützt am effektiivste virum Verdréchnen? Wéi kréien ech Lüster an d’Hoer? A wéi maachen ech mäi Shampoing fir de Client méi attraktiv wéi alleguer déi aner?

Alles dat ass just eng Fro vun de Ingredienten…Em déi richteg Zoutat an der richteger Mooss op der richteger Plaz geet et och an der Lëtzebuerger Fuerschung oft. Am Luxembourg Institute of Science and Technology fuerscht zwar keen um Shampoing, mee de Grondprinzip an der Recherche-Unitéit fir Materialfuerschung ass oft dee selwechten. Wann d’Fuerscher do en ultra-staarke Pech wëllen entwéckelen,  experimentéieren se z.B. domat, wéi verschidde Substanzen déi dem Pech bäigemëscht ginn, deem seng Eegeschafte veränneren.

Aussi intéréssant

Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Science Writing Competition 2021 Pourra-t-on un jour escalader les murs comme Spiderman ?

Pour escalader un mur, les mains d’une personne doivent y adhérer avec une force qui puisse supporter son poids mais ens...

Expérience de Noël Faites apparaître une étoile avec des cure-dents !

Épatez vos invités lors du repas de Noël grâce à cette petite astuce scientifique !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Barbie mit blauem Geschenk und Ken mit rosa Geschenk
Geschlechtsstereotyppen Rosa fir Meedercher, Blo fir Jongen – firwat ass dat meeschtens esou?

Rosa Räckelcher a rosa Poppen, blo Boxen a blo Autoen – wou kënnt dësen Trend hier?

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Mam Mound goen Beaflosst de Mound eise Schlof?

De Mound huet groussen Afloss op d’Äerd an op munch vun hire Bewunner. Mee beaflosst en och eise Schlof?

FNR