schneebedeckter Waldweg

© Gordon Hatton/Wikimedia

Eng gréng Dänn stécht aus der verschneiter Wanterlandschaft eraus

Elo den Hierscht sinn d’Bëscher esou schéi faarweg, just ier d’Beem all hier Blieder verléieren. Mee firwat verléieren d’Laafbeem hir Blieder, an d’Nolebeem halen hir Nolen?

Ma grad esou wéi d’Déieren hunn d’Planze sech hirem Liewensraum ugepasst. An déi verschidde Bamzorten hunn aner Strategien entwéckelt, fir de Wanter gudd ze iwwerstoen.

Wat sinn dann de Wanter déi gréisste Gefore fir d‘Beem?

Déi gréissten Erausfuerderung ass natierlech d’Keelt an de Risiko fir ze erfréieren. Mee wann et kal dobaussen ass, da verléiert een och méi Fiichtegkeet an et riskéiert een ze verdréchnen. D’Beem mussen also géint déi 2 Geforen ukämpfen! 

Wéi léisen d‘Laafbeem dee Problem dann?

Well de Wanter d’Deeg méi kuerz sinn an d’Sonn manner staark ass, gëtt net méi vill Photosynthese an de Blieder gemaach. A well d‘Blieder esou dënn sinn, verléiere si och vill Waasser an erfréiere séier. Fir d‘Laafbeem sinn d’Blieder de Wanter also éischter eng Plo, dofir verléiert en se.

A fir d’Nolebeem ass et méi interessant fir d’Nolen ze halen?

Jo, Nolebeem sinn a méi kale Géigenden doheem, wéi an der Taiga zum Beispill. Hir Nole sinn duerch eng Art Wuess geschützt, dofir verléiere si net esou vill Fiichtegkeet. A verschidden Nolebeem hu souguer ënnert der ieweschter Zellschicht Kanäl, wou si Waasser kennen dra fréiere loossen. Déi Äisschicht wierkt dann als Isolatioun.

Mee Photosynthese kënne se jo trotzdem keng man, oder?

Dach, e bëssen! Si kéinte sech dat guer net erlabe fir de ganze laange Wanter iwwer guer keng Photosynthese ze man, well de Summer vill ze kuerz ass. A wann se hir Nole giffe verléieren, da giffen am Fréijoer och nach vill wäertvoll Wochen dropgoe fir neier ze man! 

Wat Iwwerliewenskënschten! Mee si si jo dorop ugewisen, si kennen de Wanter jo net hir 7 Saache paken an an de Süde wanderen. Si musse kucken dass se do eens ginn, wou se grad wuessen.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Laafbeem an Nolebeem bei eis an der Géigend

Bei eis si jo keng Extremtemperaturen, an d’Laafbeem schénge sech grad esou gudd duerchzeschloe wéi d’Nolebeem. Wéi sou dack ass et eréischt an den Extremsituatiounen, wou déi verschidde Planzen hire Virdeel kennen ausspillen. Wat ee méi no bei de Polarkrees kennt, wat d’Laafbeem ëmmer méi siele ginn. Et sinn der just e puer, wéi d’Bierk zum Beispill, déi do nach kenne mat den Nolebeem mathalen.

Wat een awer méi Richtung Süde geet, wat d’Nolebeem et ëmmer méi schwéier hunn. Duerch hir Wuessschicht verléiere si manner Fiichtegkeet, wat am Wanter e Virdeel ass, mee am Summer en Nodeel. Wann d’Sonn näämlech knallt, da verwandelt d’Waasser sech a Waasserdamp an den Nolen, a bléift do gefaangen. Bis den Drock ze héich gëtt an d’Zelle futti ginn. Dofir hunn awer aner Planzen, wéi Cactussen zum Beispill, sech perfekt ugepasst an eng Léisung fir dee Problem fonnt!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

D’Upassung vun de Planzen un hire Liewensraum – vun de Spezialisten och Xeromorphismus genannt – ass e faszinant Thema wat d’Fuerscher vill beschäftegt (d’Planze schéngen näämlech zimlech erfindungsräich ze sinn).

Mee mam Klimawandel kennt eng zousätzlech Erausfuerderung op d’Planzen zou, well si net méi genuch Zäit hun fir sech iwwer Joren oder Jorzéngte genetesch un d’Klima unzepassen. Si gi regelméisseg vun ze dréchene Summeren, ze kale Wanteren oder zevill Reen iwwerrascht. Dat ass zëmools fir d’Landwiertschaft e grousse Problem, wou d’Baueren op der ganzer Welt all Joer riskéiere fir eng schlecht Rekolt ze hunn.

D’EU Kommissioun huet duerfir eng Rei Fuerschungsprojet’en an d’Liewe geruff, fir de Xeromorphismus vun de Planzen ze studéieren, déi an der Landwiertschaft benotzt ginn. A virun allem, fir Planzen ze fannen, déi besser un déi verschidde klimatesch Konditiounen ugepasst sinn.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

D’Upassung vun de Planzen un hire Liewensraum ass e komplext a breetgefäschert Thema, an dofir ass et wichteg fir d’Fuerscher regelméisseg  ze versammele fir iwwert hir Aarbechten an Iddie kennen ze schwätzen an ze diskutéieren. Mat deem Zil huet den CRP-Lippmann 2011 den 9ten internationale Séminaire fir d’Upassung vun de Planzen un déif Temperaturen (9th International Plant Cold Hardiness Seminar) an der Stat organiséiert. Während enger Woch goufen nei Technologien erörtert, déi an dësem Fuerschungsberäich wichteg sinn, an déi lescht Erkenntnisser iwwert genetesch Upassungen ausgetosch. Um Programm stoungen awer och d’Erausfuerderung vum Klimawandel an den Impakt op d’Landwiertschaft, an natierlech och d’Diskussioun iwwert eventuell Léisungen.

Aussi intéréssant

Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?

Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett ...

FNR , RTL
Expérience Bois l'eau des arbres

Les arbres produisent l’oxygène que nous respirons, mais ils évaporent 200 fois plus d'eau. Il est possible de récupérer...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR