Tatsächlech gëtt dat ëmmer méi schwéier, wat d’KI-Modeller besser ginn. Programmer wéi ChatGPT si mëttlerweil bal perfekt. An dat ass e gudde Startpunkt fir Inhalter déi se produzéieren als "syntheetesch" ze erkennen. Well an Texter, déi vu Mënsche geschriwwe goufen, schläichen sech egal wéi gutt een oppasst Feeler eran. Tippfeeler, Buschtawen déi vergiess goufen, Komma op der falscher Plaz - just fir der e puer ze nennen. Dat geschitt enger KI net. Ausser et freet een se explizitt Feeler an den Text mat anzebauen. ChatGPT kann dat och.

De Schreifstil vun de Leit variéiert och an engem Text. E Slangbegrëff rutscht dran. Oder Wierder gi verkierzt wéi "ans" amplaz "an das". D’KI bleift hirem Stil awer strikt trei. An nach eng Saach, déi op "syntheetesch" Texter hiweist:  bestëmmte Schlësselwierder wéi "der", "die" oder "das" ginn heefeg genotzt. Well modern Sproochemodeller wéi deen hannert ChatGPT benotzten gär vill genotzte Wierder. Si versteet net wierklech wat se schreift. Dës Programmer setzen nëmme Wierder hannereneen, déi och mat enger besonnesch grousser Warscheinlechkeet an "natierlechen" Texter stinn.

Kann dat dann automatesch gepréift ginn?

Jo. Et ginn aner Programmer déi dës Kontroll automatesch ausféieren - zum Beispill den Writer's AI Content Detector Tool, den Huggingface GPT-2 Output Detector oder den Crossplag AI Content Detector. Esou Tools funktionéieren am beschte bei méi laangen Texter. Da si se nach besser dran Computer-generéierten Inhalt ze erkennen wéi mir Mënschen. Well d'Wëssenschaftler hunn och erausfonnt, datt mir eis gär vun e den "propperen" KI-Texter verblende loossen a se éischter eiser eegener Spezies zouweisen.

Kann esou eng KI och nëtzlech sinn?

Natierlech. Ëmmerhi sinn se als Tool erschaf ginn a sollen eis Aarbecht méi einfach maachen. Si sinn nëtzlech, wou Informatioune reegelméisseg a Standardtexter zesummegefaasst ginn. Zum Beispill Wiederprevisiounen, Resultater vu Fussballmatcher oder Rapporte vun der Bourse. Dat gëtt Journaliste méi Zäit fir sech op dat ze konzentréiere wat bis haut nach nëmme Mënsche kënnen - Zesummenhäng wierklech verstoen a se fir d’Matmënschen duerstellen. Mee Texter vun enger KI kënnen och Zäit a Suen am Geschäftssecteur spueren. Zum Beispill, wa se Artikelbeschreiwunge fir zech dausende Produkter fir grouss Online-Geschäfter generéieren oder d'Exposéë fir Immobiliëfirme schreiwen. Natierlech wäert bei all deene Virdeeler och eng Versuchung do sinn, fir mat KI-Texter ze fuddelen, ze manipuléieren oder ze täuschen. Dat heescht: wat besser d'KI-Modeller besser ginn, wat d'Erkennungsinstrumenter mussen besser nozéien. Hei ass et extrem wichteg um Ball ze bleiwen. An dofir bleift d'Fuerschung spannend.

Wéi bréngt een engem Computer d’Schreiwe bäi?

 

ChatGPT schléit zanter Enn 2022 Wellen. Just fënnef Deeg nodeems d'Fuerscher bei OpenAI hiren Chatbot online verfügbar gemaach hunn, ware schonn iwwer eng Millioun Benotzer ugemellt. Prinzipiell sinn Tools wéi ChatGPT Textgeneratoren. Si kréien eng Fro oder eng Aufgab a ginn eng Äntwert. Dat kléngt fir den Ufank ganz einfach. Wat fir déi aktuell Faszinatioun fir ChatGPT suergt, ass déi héich Qualitéit vun den Äntwerten déi Programm liwwert. Awer wéi mécht en dat?

Hannert dem Chatbot ChatGPT stécht den Generative Pretrained Transformer 3, kuerz GPT-3. Dat ass schonn déi drëtt grouss Versioun vun engem Sproochemodell, dee vun OpenAI entwéckelt gouf. E kënschtlecht neuralt Netzwierk gëtt mat enger enormer Quantitéit Texter trainéiert a léiert op déi Manéier Strukturen a Musteren erkennen. Déi kann et no der Trainingsphase benotze fir Äntwerten op bis elo onbekannte Froen ze verfaassen. Déi entspriechen a Punkto Struktur an Textfloss iwwerraschend gutt Äntwerten, déi och Mënsche géife ginn. Allerdéngs kann d’KI weder tëscht Fakt a Fake ënnerscheeden an och de Sënn vu sengen Äntwerten net verstoen. Dat kann dozou féieren, datt d'Texter bestëmmte Bevëlkerungsgruppen devaluéieren. Mee et kann och zu komplett falschen Inhalter féieren.

Dat mécht d’Technologie u sech zwar net geféierlech oder béis. Mee mir mussen awer Mechanisme fannen, fir se an déi richteg Richtung ze stéieren. Zum Beispill en onsiichtbare Sigel, deen d’KI an Texter integréiert an deen herno vu Préifprogrammer erkannt gëtt. Oder Softwaretools, déi KI- a mënschegemaachten Texter um Stil ënnerscheede kënnen. Mënschlech Lecteuren, déi d’Texter op Fakten iwwerpréiwen. A virun allem dat, wat een allgemeng als Mediekompetenz ugesäit: Net alles blann gleewen, wat ee liest; Saache kritesch hannerfroen; eng zweet oder drëtt Meenung anhuelen a sech och froen, wéi een Zweck d’Quell vun engem Text mat där Informatioun wuel verfollege wëll. 

 

A wéi gesäit et bei Biller oder Videoen aus?

 

Biller gi scho laang digital manipuléiert. Net ouni Grond huet d’Wuert “gephotoshopt” säi Wee an eise Sproochschatz fonnt. An och beweegte Biller – also Videoen – maachen do keng Ausnam. KI’en hiewen dëse Prozess awer op den nächsten Niveau. Well elo si weder jorelaang Erfarung an der Bildbearbechtung nach Stonne virum Computer néideg, fir brauchbar Resultater ze kréien. Trotzdeem erkennt ee – wann ee genee kuckt – vill computergeneréiert Biller. Zum Beispill un den Hoer vu Persounen um Bild. Déi natierlech duerzestellen ass esou komplex, dat aktuell Algorithmen domadder nach hir Problemer hunn. Och Zänn oder Ouere gesinn op de fabrizéierte Biller heiansdo onnatierlech oder asymmetresch aus. Ausserdeem gi KI-Modeller fir Bildmanipulation virun allem op d’Verännerunge vu mënschleche Gesiichter trainéiert. Dat féiert ënner anerem dozou, datt den Hannergrond bei esou Biller onnatierlech wierkt an mir dorunner erkennen, datt se vun enger KI stamen. 

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur an Iwwersetzung: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi intéréssant

Künstliche Intelligenz ChatGPT - Hype oder Revolution in der KI? Fragen an Experten

Wir haben vier Forschende aus dem Bereich der Künstlichen Intelligenz befragt, wie sie das Sprachmodell ChatGPT einschät...

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- novembre 2022

Pourquoi certaines personnes sont-elles plus douées en maths ? Et comment les réactions allergiques contribuent-elles à ...

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- décembre 2021

Des chercheurs au Luxembourg ont identifié des pistes thérapeutiques pour prévenir l’hyper-inflammation causée par le CO...

Aussi dans cette rubrique

duschen
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR
Aus 215 Meter Héicht Eeër-Challenge vun enger RTL-Antenn zu Jonglënster

E réit Héngeree kann eng Chute aus 215 Meter Héicht iwwerliewen. Wéi dat geet, a firwat de Mr Science mam Olivier Catani NACH op den héige Sendemast eropgeklommen ass, gitt der am Video gewuer.

FNR
Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi vill Screentime ass eigentlech gutt a wéini soll ech agräifen, Mr Science?

FNR