(c) Depositphotos/anchan_uk

Am Moment decidéiere vill Leit sech fir vegetaresch Ernährung, wéinst dem méiglechen Impakt vum Fleesch-Konsum op de Klima an ethesche Bedenken bei der Véihaltung. Mä et gëtt deemno wéi eng Méiglechkeet, de Fleesch-Genoss mam gudde Gewëssen an Aklang ze bréngen. Investorë grënnen zesumme mat Biowëssenschaftler Start up'en – fir d’Produktioun vu Gehacktes! Si wëllen d’Fleesch vun der Zukunft am Labo produzéieren.

Mr. Science, wéi realistesch ass dat?

Virun e puer Joer hätt een dat nach vir komplette Science-Fiction gehal. An de 70 Joren ass et zwar Fuerscher aus den USA gelongen, fir déi éischte Kéier Muskelzellen am Labo wuessen ze loossen, awer dat Verfahren ass ganz komplizéiert an deier. Deemools huet keen dru geduecht op dësem Wee en Hamburger ze produzéieren.

An haut ass dat anescht?

D’Wëssenschaft huet zënterhier extrem Fortschrëtter gemaach an 2009 hu Fuerscher aus Holland och déi éischt fleeschähnlech Stécker aus Muskelzelle presentéiert. Déi waren allerdéngs nëmmen e puer Millimeter grouss.

Dovu gëtt een net sat!

Jo, fir de richtegen Hamburger huet et nach bis 2013 gedauert. Et waren op en neits d’Hollänner, déi aus 20‘000 sou Stécker en Hamburger zesummegesat hunn. A si behaapten domadder d’Fleeschproduktioun an Zukunft ze revolutionéieren.

Dat si grouss Verspriechen, Mr. Science!

Dat erënnert e bëssen un en Hype aus den 80er Joren. Deemools goufe grouss Industrieanlage gebaut woura Mikroorganismen aus Offäll aus der Uellegproduktioun sollten Eewäiss gewannen. Dat war och als Fleeschersatz geduecht, fir den Ernährungsproblem vun der Welt ze léisen. D’Anlage goufen awer séier erëm verschrott. D’Angscht viru gesondheetsschiedleche Substanzen aus dem Ueleg waren einfach ze grouss.

Wéi gesond ass dat Labosfleesch dann haut?

Do ginn et nach muench Problemer ze léisen. Am Moment brauchen d’Fuerscher nach vill Liter gefiltert Blutt vun ongebuere Kaalwer, fir hier Muskelzellen ze fidderen. Bei enger Groussproduktioun misst een amplaz Wuesstemshormoner huelen. An dann nach Antibiotike fir d’Zelle géint Infektiounen a Bakterien ze verteidegen. Well anescht wéi bei engem liewegen Déier gëtt et jo keen Immunsystem, wat dës Aufgab soss iwwerhëlt. Do misst een also klären op d’Réckstänn vun dëse Substanze geféierlech kéinte sinn.

Wéini kéint et den éischte kënschtleche Bifdeck ginn?

Gutt Fro...  Am Moment kënnen d’Wëssenschaftler just Muskelzellen ziichten. Et feelen also nach Fettzellen, Bindegeweben a Bluttgefäässer fir e richteg gudde Bifdeck.

D’Konschtfleeschfuerscher hunn also nach sou muenches ze dinn, ier een eppes vun hinnen op de Grill leeë kann?

Jo, bis dohin ass nach vill spannend Fuerschung néideg!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Joseph Rodesch
Photo: Depositphotos/anchan_uk

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR