Et war dem Henry Ford säin éischt, grousst Patent: eng Gangschaltung, virun iwwer 100 Joer. Dat war deen éischte Schrëtt an der Entwécklung vum Auto, wéi mir en haut kennen.

Dem Henry Ford säin Zil war et, fir en Auto ze bauen, dee jidderee sech kéint leeschten. Mee de Ford huet net nëmmen d’Mechanik vum Auto revolutionnéiert, mee och de ganzen Hierstellungsprozess. Duerch eng Masseproduktioun um Lafband ass de Präis vun engem Ford T bannen 3 Joer vu bal 1000 $ op knapp 300 $ gefall, an all 24 Stonnen ass et neien Auto vum Lafband gerullt! Seng Aarbechter hunn och bal duebel esouvill verdéngt, an hate Schichte vu just 8 Stonnen, anstatt 9.

Mat sengem Ford T huet de Ford also net nëmmen d’ganz Autosindustrie op Trapp gehal, mee och d’Gesellschaft verännert an d’Economie ugekuerbelt. D’Viruerter rondrëm de Stied hu sech nämlech séier entwéckelt, d’Leit si gereest, et hu misse Stroosse gebaut ginn an esou weider an esou fort !

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR