(C) MNHN

Am Laf vu senge méi wéi 160 Joer huet den Naturgeschichtleche Musée et fäerdeg bruecht, déi gréissten a repräsentativste Sammlunge vu Planzen, Déieren, Fossilien a Mineralien vum Land opzebauen. Esou Sammlungen sinn u sech e phänomenaalt Gediechtnes vun all deem, wat et an der Natur zu Lëtzebuerg am Raum, mä och an der Zäit gouf a gëtt.

An domat ass schonns direkt eng vun den Haaptmissioune vum Musée beschriwwen: Mir sinn den Institut hei zu Lëtzebuerg, déi zentral Ulafplaz, déi duerfir responsabel ass, dës ganz Diversitéit z’erfuerschen, z’inventariséieren, ze katalogiséieren an ze conservéieren. Eng gutt Partie vun der Fuerschung am Musée geschitt dobäi op de Sammlungen.

D’Aufgab vum Musée besteet also do dran, fir zu all Moment kënnen e Bild ze produzéieren, vun deem wat et an der Natur gëtt, mä natierlech och vun deem, wat verschwënnt respektiv dobäikënnt?

Genee. Huele mol esou e Schlagwuert wéi “Biodiversitéit”. Dëse Begrëff ënnerscheet am allgemenge verschidden Niveauen: Landschaften wéi Bëscher, Wüsten a Bierger z.B; dann Ökosystemer wéi Fiichtwisen, Auwälder; dann Aarten, déi u spezifesch Konditiounen ugepasst sinn; da Populatiounen, aus Individuen vun enger Aart, déi a stännegem Kontakt matenee stinn a sech ënnerenee fortplanzen; a leschtenends d’Genen, als d’Reserve, aus där Populatiounen ëmmer erëm op Verännerunge dobausse reagéiere kënnen.

Fir d’biologesch Vilfalt dokumentéieren ze kënnen, mussen all dës Niveaue berücksichtegt an ënnersicht ginn. ‘t ass och dann dat, wat bei ons geschitt. Am Prinzip hëlleft d’Fuerschung am Musée zum Beispill esou op Froe wéi dës eng Äntwert ze fannen:

• Wéi eng Aarten a Liewensraim ginn et?
• Wou komme se vir?
• Wéi grouss sinn hir Populatiounen?
Wéi eng Aarten oder Liewensraim si bedrot?
• Wat sinn d’Haaptgrënn fir de Réckgang oder d’Ausstierwe vun Aarten oder Liewensraim?

Esou grouss wëssenschaftlech Sammlungen, op deenen da gefuerscht ginn, entstinn natierlech net aus dem Näischt. Et muss also fläisseg gesammelt ginn?

Esou ass et. An dat géife mir alleng mat onse Leit vum Haus net packen. Well dat si Stonnen a Stonnen, Deeg a Joren um Terrain, déi hei drop ginn. An et geet jo net duer fir just ze sammelen, esou nom Motto:  ech fannen eppes am Bësch a bréngen et an de Musée. Et muss och bestëmmt ginn. A wann ee sech elo déi ganz Diversitéit virun An hält, déi et dobausse gëtt: Ma, déi ass enorm. Et kann een net alles kennen. An duerfir si mir ganz frou, op Spezialisten zréckgräifen ze kënnen, déi ons bei dëser immenser Aufgab vun der Erfaassung vun der Bio- a Geodiversitéit hëllefen.

…d’wëssenschaftlech Mataarbechter!

Genee. Ouni déi géif et nämlech guer net goen. Et sinn der am Moment ongeféier 250. Dorënner hues de Professioneller, déi als ausgebilte Biologen, Geologen oder Mineralogen an anere Fuerschungsinstituter schaffen; d’Majoritéit allerdéngs sinn Amateurnaturalisten, déi sech am Laf vun hirem Liewen, nieft hirem eigentleche Beruff, en immenst Wëssen iwwer e bestëmmte Grupp vun Déieren, Planzen, Mineralien oder Fossilien ugeschaaft hunn, d’Natur hei zu Lëtzebuerg ganz gutt kennen an dat dann dem Musée als Bénévole zoukomme loossen. Mir profitéieren dovunner a kënnen dëse Leit eigentlech net oft genuch Merci soen.

Esou sinn am Laf vun de leschte Joren eng onzieleg wichteg Aarbechten iwwer de Patrimoine naturel hei zu Lëtzebuerg entstanen. D’wëssenschaftlech Mataarbechter vum Musée sinn en Fonctioun vun hirer Spezialisatioun ëmmer enger vun onse wëssenschaftleche Sektiounen zougedeelt, déi se dann och betreit: Botanik, Ecologie, Geologie/Mineralogie, Geophysik/Astrophysik, Paläontologie, Zoologie vun de Wierbellosen an d’Zoologie vun de Wierbeldéieren. Am Austausch fir déi wichteg Mataarbecht hëlleft de Musée dëse Leit dann z.B. beim Material oder gëtt hinnen d’Méiglechkeet an onser Publikatiounsserie Ferrantia ze publizéieren. Zënter 1982 kommen d’wëssenschaftlech Mataarbechter dann och ee Mol am Joer fir e grousse Meeting zesummen, bei deem dann ëmmer eng Rei vu Projete virgestallt ginn.

Den Naturmusée huet also am Laf vun de Jorzéngten eng wichteg Entwécklung vu senge Rechercheaktivitéite duerchlaf.

Maache mir mol e klenge Flashback zréck an 1960er Joren: Deemools war d’Wëssenschaftswelt hei zu Lëtzebuerg esou gutt wéi inexistent: Sou steet et mol an engem Rapport vun der OCDE aus dem Joer 1963: “Il n’existait, sur le plan gouvernemental, ni recherche organisée ni programme scientifique”.

Instituter a Persounen, déi gefuerscht hunn, ware rar geséint. Am Musée huet sech d’Recherche deemools z. B. op e puer detachéiert Proffen aus dem Enseignement Supérieur resüméiert. De Musée war awer och Virreider an der Acquisitioun vun Top-Material: 1966 krut z. B. de Mineralogieslabo en Elektronemikroskop: den éischten am Land.

Mat der Grënnung vum Centre universitaire am Joer 1969 krut d’Recherche dunn awer erëm e klenge Coup de pouce zu Lëtzebuerg. Als wichteg Etapp, souwuel um nationale Plang wéi och um Niveau vum Musée kann d’Joer 1977 ugesi ginn. Dunn ass nämlech de Conseil luxembourgeois pour la Recherche scientifique op d’Been gestallt ginn, déi éischt Struktur fir d’Fuerschungspolitik. Et waren déi éischt Schrëtt vun enger Regierung hei zu Lëtzebuerg, fir besser eng Recherche an all hirer Facetten ze coordinéieren.

Um Enn vun de 70er Joren huet sech eng richteg Opbrochstëmmung bemierkbar gemaach, déi sech dann och 1982 an der Grënnung vum Centre de recherche scientifique vum Musée niddergeschloen huet. Vun deem Moment un hu sech d’Aktivitéite richteg developpéiert an diversifiéiert. 1984 ass dunn och den ënnerierdesche Labo fir Geodynamik zu Walfer un de Musée ugebonne ginn.

Wéi gesäit de Musée seng Roll haut?

De Musée huet iwwer d’Gesetz ganz kloer eng Aufgab – ech hat se virdru beschriwwe – déi mir z’erfëllen hunn: also d’Erfuerschung an d’Conservatioun vum Patrimoine naturel.
Dës Fuerschung ass wéi all patrimonial Fuerschung manner utilitaristesch a méi fundamental wéi déi, déi an anere Fuerschungsinstituter hei zu Lëtzebuerg gemaach gëtt. Domadder ass se natierlech net manner wichteg. Mir liwweren Donnéëën iwwer den Zoustand vun der Natur, iwwer d’Diversitéit an droen domadder e Puzzlestéck zum ganze Puzzle weltwäit an dësem Domaine bäi.

Den Challenge fir de Musée besteet mat Sécherheet och doranner, op der enger Säit eng professionnell, hochkaräteg Fuerschung maachen ze kënnen, op der anerer Säit awer och eng Ouverture zu den Amateurwëssenschaftler oprecht erhalen ze kënnen, ouni déi et an onsen Domaine och net geet.

Auteur: MNHN
Photo: MNHN

Infobox

Centre de recherche

 

Méi Informatiounen zu der Fuerschung am 'natur musée' op der Internetsait vu séngem Centre de recherche scientifique

 

Aussi intéréssant

Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?

Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett ...

FNR , RTL
Expérience Bois l'eau des arbres

Les arbres produisent l’oxygène que nous respirons, mais ils évaporent 200 fois plus d'eau. Il est possible de récupérer...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Public transport Ditch the car: What it takes to get people to switch to bus and train

What do buses and trains need to offer so that Luxembourg's passengers use public transport regularly? A new study examines this question and provides transport providers and politicians with ideas.

Feldhamster
Extinction des espèces Biodiversité : deux fois plus d'espèces animales et végétales menacées que ce que l’on pensait jusqu'à maintenant

2 millions d'espèces sont menacées d'extinction partout dans le monde. C'est ce que viennent de découvrir des chercheurs du Musée national d'histoire naturelle. Nous faisons le point sur la question.

Vers la décarbonation Enrayer le changement climatique : que pouvons-nous faire pour réduire notre empreinte carbone ?

Quelle est notre empreinte carbone? Qu’est-ce qui est réellement nocif pour le climat dans notre quotidien? Nos efforts n’interviennent-ils pas trop tard? Nous nous sommes entretenus avec une experte

La recherche s’invite dans les vignobles Comment la viticulture luxembourgeoise s'adapte au changement climatique

Les temps où le changement climatique n’exerçait que des effets positifs sur la viticulture sont révolus. Les scientifiques du LIST et de l’IVV sont en train d’examiner diverses mesures d'adaptation....