(C) LEARN

Gesiichter sinn am Fong geholl eng ganz komplizéiert Kategorie vu visuellen Informatiounen: Si gesinn alleguer e bëssen d’nämmlecht aus, mä sinn awer trotzdem all veschidden. An trotzdem si mir erwuesse Leit (bal) all Experten, fir Gesiichter ze ënnerscheeden an ze verhalen . Oft kënnt et vir, dass mer e Gesiicht just eemol gesinn hunn an et awer no Joeren nees erëmerkennen. Ass dës Fähegkeet ugebuer oder léiere mer dat während der Kandheet?

Dës grouss Fro beschäftegt schonn zënter méi wéi 100 Joer d’Fuerscher. Si hunn erausfonnt, dass wahrscheinlech en Deel ugebuer ass an een aneren Deel geléiert. Mä et ass nach net kloer, wat alles genee geléiert an trainéiert gëtt während der Kandheet.

Mir léiere mam Alter Gesiichter besser ze erkennen, an d'Ae spillen dobäi eng wichteg Roll

Fir dës Fro ze ënnersichen, hu Fuerscher vun der EMACS Unitéit op der Uni Lëtzebuerg Kanner vu 6 bis 16 Joer gefrot, Gesiichter ze ënnerscheeden, bei deene just d’Positioun vun den Aen oder vum Mond e bësse verréckelt goufen. Wat d’Kanner méi al gi sinn, wat se och dës Aufgab besser geléist hunn. Mä virun allem déi Gesiichter, wou d’Ae verréckelt waren, konnte mam Alter besser ënnerscheed ginn.

Fir déi Gesiichter ze ënnerscheeden, wou just d’Plaz vum Mond e bësse geännert gi war, hunn d’Kanner sech bal net verbessert tëschent 6 a 16 Joer. Dëst Resultat passt och gutt mat Resultater aus anerem Experimenter, déi beweisen, dass d’Aen e ganz besonnescht wichtegt Element vu Gesiichter sinn an eng extra Roll spillen an der Expertise am Gesiichterkennen, déi mir als Erwuessener hunn.

Auteur: Christine Schiltz (LEARN, University of Luxembourg)
Photo © LEARN

Infobox

Wat ass LEARN?

 


LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

 

Zum Auteur

 

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz : Professeur Associée op der Uni.lu. D’Christine erfuerscht an enseignéiert, wéi d’mënschlech Kognitioun sech entwéckelt. Si intresséiert sech besonnesch fir d’Fro, wéi d’Zuelebegrëffer bei Kanner an Erwuessener entstinn a wéi d’Gehir dës Prozesser steiert.

 

Matarbeschter

 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS
Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

 

Waat ass EMACS ?

 

EMACS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

 

Fir weider Informatiounen

Aussi intéréssant

Famille et enfants Avantages et inconvénients de la garde d'enfants universelle au Luxembourg

Comment se présentent les services de garde d'enfants au Luxembourg et comment se positionnent-ils par rapport à d’autre...

Vie familiale et activité professionnelle L'évolution du congé parental au Luxembourg du point de vue d’une chercheuse

Quelles ont été les répercussions des changements apportés au régime de congé parental ? Et comment se présente le congé...

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Famille et enfants Avantages et inconvénients de la garde d'enfants universelle au Luxembourg

Comment se présentent les services de garde d'enfants au Luxembourg et comment se positionnent-ils par rapport à d’autres pays ? La chercheuse Audrey Bousselin du LISER nous livre son point de vue.

L’IA DANS L'ÉDUCATION Impact de l'intelligence artificielle sur le monde de l'éducation

ChatGPT a fait l'effet d'une bombe dans les écoles du Luxembourg. D’aucuns se sentent pris au dépourvu par l'intelligence artificielle (AIet craignent pour la qualité de l'enseignement. A juste?

Gratuité des maisons relais au Luxembourg Comment se portent les enfants dans les maisons relais ?

Depuis cette rentrée, les structures d'accueil d'enfants sont gratuites au Luxembourg. Les enfants s’y sentent-ils à l’aise ? Et quel est l’impact de ces structures sur leur développement ?

Santé mentale Impact de l'adversité en début de vie sur la santé mentale plus tard dans la vie

De nouvelles connaissances sur les effets à long terme d’une séparation des parents ou d’une adoption sur la santé mentale soulignent qu'il faut offrir un soutien aux enfants concernés.