shotshop.com

Am Silicon Valley dreeme verschidde räich Entreprisë vum éiwege Liewen a stieche vill Suen a Start-uppen, déi d’Eelzen verhënnere wëllen. Den Ament sinn dat awer Utopien. An et ass onkloer, ob dat jeemools Realitéit wäert ginn. Déi meescht Experte bleiwe skeptesch.

Wourop berouen d’Hoffnungen?

Virun allem op Laboversich mat ganz klenge Wierm, klenge Mécken a Mais. Wann een si zum Beispill op Regimm setzt, liewen si a munche Fäll méi laang.

Misst ech also manner iessen, fir méiglechst al ze ginn?

Du solls jiddefalls net ze vill iessen, well staarkt Iwwergewiicht ass ee Risikofacteur fir vill Krankheeten, déi d’Liewe verkierzen. Mee ob eng liicht Ënnerernierung d’Liewenserwaardungen och bei Mënsche verlängert, ass den Ament nach onkloer. Wann een sech awer elo op laang Durée ënnererniert, kann et zu Mangtëmserkrankungen, wéi zu bréchege Schanke féieren.

Et ass ëmmer geféierlech, Resultater aus Déiereversich 1 zu 1 op de Mënsch ze iwwerdroen. Wann dat esou wier, misste mir nämlech d'Fäkalien vu Kanner a Jugendlechen iessen.

Bäh, wie kënnt dann op esou eng Iddi?

Nujee. Laboversich un enger bestëmmter Fëschaart weisen, datt al Fësch méi laang liewen, wann een hinnen d'Fäkalien vu méi jonken Aartgenossen z’iesse gëtt. Si huelen esou wahrscheinlech gënschteg Daarmbakterien op. Non - Anescht wéi d'Faaschte gëtt dat awer bestëmmt net zu engem Anti-Ageing-Trend.

Dofir gëtt et awer een neien Hype aus den USA: Blutttransfusiounen.

Wéi soll dat funktionéieren?

Och hei stounge Versich mat Labomais un der Origine. Fuerscher konnte weisen, datt d’Blutt vu jonke Mais al Mais méi fit mécht. Medeziner hunn doropshi Blutttransfusioune mam Blutt vu jonke Spender ugebueden.    Déi amerikanesch Gesondheetsagence huet elo awer vun esou Behandlunge gewarnt, well och hei nach onkloer ass, ob dat beim Mënsch wierkt a wéi eng Risiken dat laangfristeg kéint hunn.

Ass Anti-Altersfuerschung also Escroquerie?

Dat kann een op kee Fall soen. Vill seriö Wëssenschaftler versichen erauszefannen, wéi eng Inhaltsstoffer fir de Verjéngerungseffet vun dëse Bluttexperimenter responsabel kënne sinn. A fir e puer weider Beispiller ze nennen: wat mir besser verstinn, wéi eisen Immunsystem funktionéiert, wéi eis Hormoner wierken, wéi sech eise Genom vun eisen Zelle mam Alter verännert, ëm sou besser kënne mir an Zukunft villäicht och de Verlaf vum Eelzen beaflossen.

Mee 200 Joer gesond liewen – oder nach méi laang, dat bleift Science-Fiction?

Haut, jo. Mee grouss Visiounen hëllefen der Fuerschung, dofir bleift se ëmmer spannend!

Eelste Mënsch vun der Welt?

D’Südfranzousin Jeanne Calment soll dee bis elo eelste Mënsch vun der Welt gewiescht sinn. Si ass 1997 an hirer Gebuertsstad Arles am Alter vun 122 Joer gestuerwen. Fir hiren Alter ze confirméieren, hunn 3 franséisch an 3 international Experte fir Honnertjäreger d’Archive vum Etat Civil an d’Opzeechnunge vu Vollekszielungen duerchsicht. Iwwer 30 vu sou Quelle beleeën hire bibleschen Alter. Trotzdeem hu viru kuerzem zwee Russe vu sech schwätze gelooss, well si behaapten, d’Jeanne Calment wär amfong hier 1934 verstuerwen Duerschter. Fir Ierfschaftssteieren ze vermeiden, hätt si d’Identitéit vun hirer Mamm ugeholl. Eent vun hire stäerksten Argumenter ass, datt d’Jeanne Calment an hiren Erzielungen heiansdo hire Mann an hire Papp duerchernee bruecht huet. D’Altersexperten, déi dem Jeanne Calment säi Gebuertsdatum confirméiert haten, halen dat awer fir ausgeschloss. D’Jeanne Calment kënnt aus enger, an der klenger Stad Arles gutt bekannten, Biergersfamill. Een Identitéitsaustausch wier direkt opgefall.

Problem „éiwegt“ Liewen!

Wat wier, wa mir eis Liewenserwaardung däitlech an d’Luucht setze kéinten, op honnerte vu Joren oder souguer nach méi laang? Dat ass zwar ëmmer nach wäit ewech a villäicht ni erreechbar Science Fiction, mee Wëssenschaftler hunn sech dozou scho Gedanke gemaach. Fir eng Iwwerbevëlkerung ze vermeiden, misst d’Unzuel vun erlabte Kanner pro Persoun streng limitéiert ginn. Wat géif dat fir d’Gesellschaft bedeiten? Wann se och nach kaum vu jonke Leit a Fro gestallt géif ginn, kéint se verkrusten, nei Iddien hätte schlecht Chancen, sech duerchzesetzen. Cheffen vun Entreprisen an an der Regierungs kéinten éiweg un der Muecht bleiwen, well keen natierleche Wiessel méi stattfanne géif. An d’Mënsche kéinte ganz ängschtlech ginn a sech net méi ouni Schutzausrüstung an Helm aus dem Haus trauen. Well déi eenzeg Méiglechkeet nach ze stierwen, wier duerch Katastrophen, Mord oder Accidenter. Well ee ganz, ganz laang liewe géif, ass d’Wahrscheinlechkeet ganz héich, iergendwann op dësem Wee ze stiewen.

E bësse méi plausibel Zeenarie ginn awer dovunner aus, datt mir d’Altersgrenz nëmme Schrëtt fir Schrëtt no uewe verréckelen, dobäi awer ëmmer méi krank a altersschwaach Mënsche versuerge missten. Och da stellen sech ethesch Froen. Zum Beispill wéi ee fir ee würdegt Liewensenn suerge kann.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi intéréssant

Aussi dans cette rubrique