© RTL

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Et hëlt een e Stéck Kachfleesch; et schneit een all d’Seenen an d’Fett eraus a pecht duerno déi kleng Stécker erëm zu engem zaarte Steak zesummen. Dat klengt onrealistesch mee et gëtt gemaach: an der Industrie fir méi vun dem beléiften Steakfleesch ze maachen, awer och vu Stärekäch fir extra Fleeschkreatiounen ze zauberen.

Wat ass dëse Fleeschpech? Wéi funktionéiert en? Ass dat schiedlech Fleesch ze pechen?

All dës Froen, an nach e puer méi, ginn am Mr Science Video beäntwert.

Fleesch pechen ass net sou einfach an et brauch e bëssen Übung bis et klappt. D’Resultat schmaacht awer erstaunlech gutt. Bei d'Enzympolver ginn nämlech nach allerlee Gewierzer bäigemëscht, an sou gëtt d’Fleesch zousätzlech marinéiert.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL

 

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Aussi intéréssant

Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg...

FNR
Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR