Autonome Autos

shotshop.com

Autoe léieren virun allem duerch Erfarung.

Dat wäert wahrscheinlech nach méi laang dauere wéi vill Optimiste mengen. Déi beschten autonom Autoe fueren zwar schonn am Duerchschnëtt 9000 Kilometer, ouni dass ee mënschleche Chauffer agräife muss, mee dat ass awer nach ëmmer net genuch.

9000 Kilometer ouni mënschlecht Agräife kléngt awer scho richteg, richteg gutt!

Jo, dat ass impressionnant! Et muss engem awer bewosst sinn, wat dat eng potentiell geféierlech Situatioun all 9000 Kilometer bedeit. Bei normaler Notzung wier dat ongeféier 1 bis 2 Mol am Joer. D’Wahrscheinlechkeet, fir esou ee ganzt Autoschauffer-Liewen ze iwwerliewen, ass net ganz grouss. Bis elo sinn déi meeschten Testkilometer och am sonnege Kalifornien oder Arizona gefuer ginn. Bei Reen a Schnéi schneiden autonom Autoe bis elo nach ganz schlecht of.

An den 90er sinn éischt autonom Autoe mat 178 km/h iwwer d’Autobunn gefuer!

Fuerscher probéiere scho méi laang fir Autoen d’Fuere bäizebréngen. An engem europäesche Projet sinn an den 1990er Joren autonom Autoe gefuer, déi bei Testtouren op Autobunne mat bis zu 178 km/h ënnerwee waren. Deemools misst de mënschleche Chauffeur am Duerchschnëtt all 9 Kilometer agräifen. Déi längste Streck, déi den autonomen Auto hannerteneen selbstänneg gefuer ass, hat ëmmerhin 158 Kilometer. Eng gutt Leeschtung, wann ee bedenkt, wéi schlecht déi deemoleg Computer am Verglach zu Haut waren!

Et héiert een awer vun ëmmer méi autonomen Autoe wou am normale Stroosseverkéier getest ginn?

Jo, souguer a Lëtzebuerg! Dat si meeschtens gutt ausgewielte Strecken, déi bis op den Zentimeter genee digitaliséiert sinn , fir dass déi autonom Autoen sech erëm fannen. Do sinn da souguer Beem a Luuchtepottoen an 3D modeléiert. An der Reegel setzt och en Chauffer hannert dem Steier, deen ëmmer prett muss sinn, fir kënnen anzegräifen. Schwéier Accidenter mat autonomen Autoe beweisen awer dass dat guer net esou einfach ass fir no enger Zäit nach gutt opzepassen, wann den Auto meeschtens ouni Feeler fiert. Dat ass dowéinst en wichtege Punkt, mat deem sech Fuerscher beschäftegen: wéi programméiert een d’Zesummenaarbecht vu Mënsch an intelligenter Maschinn?

- d’Kinneksklass vum autonome Fueren: Den Auto huet kee Steierrad a kann och ouni Mënsch u Bord all méiglech Strecke fueren.

- vollautomatiséiert Fueren: Den Auto fiert all Streck selwer, de Fuerer muss awer all Moment agräife kënnen, wann den Autopilot versoe géif.

- héich automatiséiert Fueren: Bestëmmte Verkéierssituatiounen, wéi zum Beispill op der Autobunn fueren, kann den Auto mat mënschlecher Surveillance fueren.

- deels automatiséiert Fueren: Dat ass haut schonn am héichwäertege Seriëmodell méiglech. Den Auto kann a bestëmmte Situatiounen d’Fueren iwwerhuelen. Zum Beispill am Stop-and-go Verkéier am Stau oder beim selwer aparken.

- assistéiert Fueren: Dem Chauffeur hëllefen zum Beispill Tempomat oder Spurassistent. Experte ginn dovun aus, dass och Mëttelklass-Modeller ëmmer méi mat neie Komfortfunktiounen developpéiert ginn, déi bei der Fuerschung fir vollautonom Autoen entwéckelt ginn.

Wat mëscht autonomen Autoen dann déi meeschte Problemer?

Alles wat onberechenbar ass. D’Autoe léieren nämlech virun allem duerch Erfarung, wann een dat esou soe kann. Op Trainingstouren huelen si den Input aus de Kameraen, Laser- a Radarsystemer op a gesinn dann, wéi de mënschleche Chauffer an de jeeweilege Situatioune fiert. Si hunn awer kee mënschleche Versteesdemech. Si hunn zum Beispill Problemer fir ee Ball, wou op d’Strooss rullt, vun enger Plastikstut, déi vum Wand geblose gëtt, ze ënnerscheeden a fir an esou enger Situatioun richteg ze reagéieren. Am éischte Fall kann eng Vollbremsung sënnvoll sinn, well vläicht kuerz drop ee Kand op d’Strooss leeft. Bei der Plastikstut wier dat onnéideg a riskant.

D’Autofuere komplett ze automatiséiere bleift also eng Challenge?

Jo, souguer e Groussen. Mee dowéinst bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!

Säit e puer Joer hunn d’Fuerscher en onerwaarte Problem entdeckt. D’Bilderkennungssystem an autonomen Autoen hëlt d’Welt ganz anescht op, wéi mir et maachen. Dat hunn Wëssenschaftler ënner anerem bei Stoppschëlder getest. Et ass duergaangen 2 kuerz wäiss a schwaarz Sträifen op d’Schëld ze pechen a scho waren et net méi Stoppschëlder, mee Vitesslimitatiounen. Mënsche wësse bei esou Schëlder awer nach ouni Problem wat et ass: ee Stoppschëld. Den Ament wëssen d’Fuerscher nach net, wéi si dëse Problem léise kënnen.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Aussi intéréssant