Bio-Plastiktüte

shotshop.com

Wat versteet een iwwerhaapt genee ënner Bioplastik?

"Bio" kléngt ëmmer gutt. Mee et sollt een sech fir d'éischt emol genau ukucken, wat een ënner Bioplastik versteet. Bei Plastik ka "Bio" nämlech vill verschidde Bedeitungen hunn. Plastik aus nowuessende Rohstoffer, biologesch ofbaubare Plastik oder Plastik, dee kompostéierbar ass. Do kann ee scho mol duerchernee ginn. Mee de Fazit vun den Ëmweltexperten ass awer eendeiteg: Bio-Plastikstute bréngen der Ëmwelt keen däitleche Virdeel. Si sinn a ville Fäll souguer déi méi schlecht Alternativ.

Wéi dann?

Wa Bioplastik aus nowuessende Réistoffer hiergestallt gëtt, wéi zum Beispill aus Mais oder Gromperen, huet dat dacks negativ Konsequenze fir d'Ëmwelt. Well des Planze gi meeschtens a grousse Monokulture mat vill Konschtdünger a Pestiziden ugebaut. An de Planze-Réistoff ersetzt dacks einfach nëmmen den Äerdueleg aus dem soss Plastik gemaach gëtt. Sou biobaséierte Plastik ass da genee sou onzersetzbar wéi konventionelle Plastik.

A wéi ass et da mat biologesch ofbaubarem Plastik?

Dee gëtt aus nowuessende Rohstoffer oder aus Äerdueleg hiergestallt a kann duerch Mikroorganisme verdaut an esou ofgebaut ginn. De Problem ass awer, datt dat dacks immens laang dauert. Brittesch Wëssenschaftler op der Universitéit Plymouth hunn dat getest: si hunn Tuten aus verschiddene Plastikszorten am Buedem vergruewen. Souguer no 3 Joer waren d'Tuten nach intakt, egal ob se aus konventionellem oder biologesch ofbaubarem Plastik waren. Dat ass de Grond, firwat ee Plastikstuten, déi biologesch ofbaubar oder kompostéierbar sinn, net op den eegene Kompostkoup gehaie soll. Mee och an der Bio-Poubelle hu se meeschtens näischt ze sichen, virun allem déi méi déck Barquetten aus Bioplastik well se sech souguer an industrielle Kompostéierungsanlagen ze lues zersetzen. Nëmme ganz wéineg biologesch ofbaubar Plastikszorten, z.B. déi gréng déi aus Maisstäerkt sinn, si fir den Kompostkoup am Gaart oder d'Bio-Poubelle gëeegent.

Ass Bioplastik also generell Quatsch?

Dat kann ee sou pauschal net soen. Et muss een de Wee vun der Produktioun bis zur Entsuergung genau suivéieren an e Gesamt-Ökobilan maachen. Dat ass vill Aarbecht fir d'Fuerscher. Réischt da kënnen si jee nom Asaatzzweck feststellen, wat fir d'Ëmwelt besser ass: biobaséierte Plastik, biologesch ofbaubare Plastik, oder Tuten, déi een ëmmer erëm benotze kann. Dat ass dacks guer net sou einfach ze decidéieren, dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend.

Nach e puer aner Froen...

Tuten, déi een ëmmer erëm benotze kann si méi stabil wéi Tuten, déi een nëmmen eemol benotzt an enthalen dofir méi Material. Fir datt si eng besser Ëmweltbilanz hu musse si dacks benotzt ginn, am beschten sou laang, bis se auserneefalen. Eng aktuell Etüd vum däneschen Ëmweltministère seet datt Akafstuten, déi ëmmer erëm benotzt ginn, no ongeféier 50 bis 100 Mol am Gebrauch méi ëmweltfrëndlech si wéi Tuten, déi een nëmmen eemol benotzt. Déi eenzeg grouss Ausnam sinn de Berechnunge vun den Ëmweltexperten no d'Tuten aus Kotténg. Hei zerstéiert déi dacks intensiv an ëmweltschiedlech Bewässerung vun de Kotténgsfelder d'Ökobilanz. Der dänescher Etüd no muss een dës Tute bis zu 20.000 Mol benotzen, fir datt si besser si wéi Tuten déi een nëmmen eemol benotzt.

Bei der Produktioun vun oxo-ofbaubarem Plastik gi Metall-Ionen bei de Plastik gemëscht. Dat kënnen zum Beispill Cobalt-, Mangan- oder Eisen-Ione sinn. Si erméiglechen eng chemesch Reaktioun, duerch déi de Plastik sech zersetzt, wann e Liicht, Wäermt oder Loft ausgesat gëtt. De Problem: de Plastik gëtt net komplett ofgebaut, mee et entsti just kleng Plastikpartikelen, déi een net méi gesäit. Oxo-ofbaubare Plastik verwandelt sech also a Mikroplastik, deen ëmmer méi als groussen Ëmweltproblem erkannt gëtt. Dofir wëll d'EU oxo-ofbaubar Plastiker ab 2021 verbidden.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzung: Michèle Weber (FNR)
Editioun: Joseph Rodesch, Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi intéréssant

La recherche universitaire au Luxembourg IBLA : Institut pour l’agriculture biologique et la culture agraire

L’IBLA œuvre à l’amélioration et au soutien de l’agriculture biologique au Luxembourg par la recherche, le conseil et le...

Quizz sur la nutrition de Torsten Bohn Les personnes qui se nourrissent de produits bio vivent-elles plus longtemps ?

Les produits bio contiennent moins de pesticides que les produits conventionnels et sont en partie plus riches en subst...

LIH

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR