(c) Uwe Hentschel

Wéi den MP3-Format agefouert ginn ass, huet sech d’Aart a Weis wéi mir Musek kafen a lauschtere komplett verännert. Wat fréier meterweis CD-Regaler gefëllt huet, passt elo ouni Problem an d’Jackettentäsch. Mee wéi vill Fuerschung stécht hannert der Masse vu MP3-Dateien?

Wéi Sony 1979 de Walkman presentéiert huet, war dat eng Revolutioun: en kompakte Kassetterekorder mat Kopfhörer deen ee konnt mathuelen a mat deem een ëmmer an iwwerall seng Liiblingsmusek konnt lauschteren. Gutt 5 Joer drop, ass dunn den éischte portabele CD Player nokomm. Zu dëser Zäit, hunn Fuerscher am däitsche Fraunhofer Institut fir integréiert Schaltung schonn un engem Format geschafft, wat weltwäit d’Musekindustrie gewalteg verännere sollt. Hiert Ziel war eng digital gespäichert Audiodatei souwäit wéi méiglech ze kompriméieren, fir sou, manner Späicherplaz ze verbrauchen. An dat, ouni vill Verloscht. Mat der Entwécklung vum MP3-Format an dem passenden Ofspillapparater, wéi de MP3-Player, dee Mëtt 90er op de Maart koum, ass dat hinne gréisstendeels och gelongen. 

Wat heescht gréisstendeels?

Ma et ass sou: et ginn zwou Forme vu Kompressioun, engersäits gëtt et Kompressioun ouni perte an anerersäits Kompressioun mat perte. Ouni perte heescht, dass een aus der kompriméierter Datei ëmmer nach d’Originaldatei rekonstruéiere kann. Bei der Kompressioun mat perte ass dat net méi méiglech. An heizou zielt och de MP3-Format, bei dem eenzel Audio- oder Tounsignaler nodréiglech ewech gemaach ginn.

Mee et héiert een dach wann Tounsignaler verschwannen?

Dat géing een amfong unhuelen. Mee genee dat ass den Trick. Bei der Kompriméierung ginn nëmmen Tounsignaler ewech gemaach, déi en normalt entwéckelt Gehéier souwisou net matkritt. Mir Mënsche kennen zum Beispill zwee Téin réischt ab engem gewëssene Mindestënnerscheed an der Tounhéischt  vuneneen ënnerscheeden. An no ganz haarte Geräischer, héiere mer lues Geräischer fir en kuerze Moment guer net. Dofir kenne vill Audiosignaler einfach ewech gelooss ginn. Musekdateie brauchen sou nëmmen nach ronn 10% un Späicherplaz. Doduerch loossen sech op moderne MP3-Playeren ouni Problem e puer dausend Lidder ofspäicheren.

Vum Walkman iwwert den Discman bis bei de MP3 – kann een do nach een dropsetzen?

Jo. An Usätz heivunner si scho längst do. Et gëtt mëttlerweil eng Rei Audioformater, bei deenen d’Originaldatei kompriméiert gëtt. An Punkto Fuerschung ass MP3 scho längst en alen Hutt. Apple zum Beispill benotzt am Onlinebuttik iTunes d’Format ACC, wat bei der selwechter Mass un Daten eng besser Qualitéit liwwert. An d’Frauenhofer Institut huet scho virun e puer Joer d’Audioformat HD-ACC entwéckelt, bei deem d’Musekqualitéit wäit iwwert där vun enger CD läit.

Dat heescht et gëtt nach ëmmer weidergefuerscht?

Op Allefalls. Soulaang d’Leit Musik lauschteren, wärt sech dorun näischt änneren.

Auteur: Uwe Hentschel

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz

Photo © Uwe Hentschel

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi dans cette rubrique

Sonnencreme
UV-Schutz Wéi funktionéiert Sonnecrème?

Wat heescht SPF15, 30 oder 50 a wéi dacks soll een sech acrèmen?

FNR
Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR