Lithium ass eng wichteg Matière Première.

Mr Science, wäert eis dës wichteg Matière Première ausgoen?

Am Prinzip hu mer es genuch dovun. Déi gréisste Minièrë sinn d’Salzséien a Bolivien, Chile an Argentinien. Aus dem Salzbräi ka Lithium erausgeholl ginn. Awer och Australien, China a Portugal hunn grouss Lithiumreserven. Fuerscher hunn och schonn eng Method entwéckelt fir Lithium aus dem Mierwaasser ze huelen. Dës ass zwar nach ze deier, mee si kann sech ekonomesch rentéiere wann de Präis vu Lithium klëmmt.

Et kann een also entwarnen?

Wa Lithium a Salzséien oder am Buedem ass, heescht dat nach laang net datt een en fir d’Batterieproduktioun um Weltmarché kafe kann. Dës nei Carrièrë musse fir d’éischt exploitéiert ginn, an dat kann e puer Joer daueren. Wann elo d’Elektromobilitéit wierklech explodéiert, wéi dat momentan vill Leit erwaarden, kann et an deenen nächste Jore scho mol zu Enkpäss kommen. Vill méi kritesch ass awer en anert Metall, dat een och fir d’Batterië brauch, an zwar de Kobalt.

Firwat?

Iwwer d’Halschent vum Kobalt kënnt aus dem Kongo. De Weltmarché ass also staark vun der politescher Situatioun an dësem Land ofhängeg. Ausserdeem gëtt de Kobalt do dacks a schlecht gesécherte ënnerierdesche Galerien ofgebaut, dacks och nach mat Kanneraarbecht.

Dat kann engem d’Freed um Elektroauto verdierwen...

Jo, an dat ass awer net just en Challenge fir d’Politik mee och d’Fuerscher an d’Ingenieure schaffen äerdeg un Alternativen zu der haiteger Batterietechnologie. Awer dat ass net sou einfach an et brauch Zäit. D’Iddie vu Batterien op Lithiumbasis koum an de 70er Jore vum leschte Joerhonnert an de Laboen op. Et huet awer bis 1991 gedauert bis déi éischt kommerziell Lithium-Ionenbatterie op de Marché koum. Zanterhir gëtt se permanent weiderentwéckelt.

Kéint een dann net déi al Batterië recycelen, fir déi néideg Matière Première zréck ze kréien?

Bei der Entwécklung vu Batterië geet et haut just ëm maximal Leeschtung, mee un e spéidert recycele gëtt, bis op déi eng oder aner Ausnam, nach net geduecht, an dofir ass d’recycelen nach immens deier. Vill Experte maachen sech dofir Suergen, wat mat deene Bierger vun ale Batterië passéiere soll, wann déi éischt Elektroautoe verschrott ginn... Di momentan beschten Iddi ass, fir se als Stroumspäicher anzesetzen, z.B. bei Privatleit doheem. Do spillt dann déi maximal Leeschtung keng sou grouss Roll wéi beim Auto, mee dat deplacéiert de Problem awer just méi wäit an d’Zukunft.

Mat der Elektromobilitéit hunn d’Fuerscher also nach sou munches ze dinn.  

Jo genee dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend.

Nach e puer aner Froen...

Alternativen zum Lithium?

En eeschte Konkurrent fir de Lithium an der Batterietechnologie ass den Natrium, ee Bestanddeel vum Kachsalz. Deen ass gënschteg a net schwéier ze kréien. D’Fuerscher experimentéieren awer och mat Magnesium, Schwiefel, Graphen, enger Form vu Kuelestoff, a villen anere Materialien. Am Labomoossstaf funktionéieren d’Batterie-Prototyppen dacks schonn erstaunlech gutt, scheiteren awer bis elo un den haarden Ufuerderunge vun der Praxis. Fir si an Autoen anzebauen, mussen d’Batterien méiglechst vill Stroum pro Kilogramm späichere kënnen, jorelaang funktionnéieren, a vill Luedzyklen aushalen, ouni ze vill Späicherkapazitéit ze verléieren.

Fir wat brauch ee soss nach Lithium?

Lithium gouf Ufank vum 19. Joerhonnert entdeckt. Et ass dat liichtsten Element, dat bei Raumtemperatur fest ass. Ausser als Bestanddeel vu Schmiermëttelen, hat een awer eng laang Zäit keng aner Verwendung fir dëst Liichtmetall. Dat huet sech eréischt nom zweete Weltkrich mat der Entwécklung vu Waasserstoffbommen geännert. Dofir brauch een Tritium, dee sech aus Lithium produzéiere léisst. Haut gëtt de meeschte Lithium fir d’Produktioun vu Batterie verbraucht. Doniewent ass et ënner anerem an der Glas- a Keramikproduktioun als Zousaz wichteg an an der Medezin gëtt en souguer als Antidepressivum a bei anere psychesche Stéierungen als Medikament agesat.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

 

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR