RTL, FNR

Wäerte Superkondensatoren de Batterie-Marché revolutionéieren?

Op Streckendeeler, wou den Tram keng Uewerleitung huet, wéi tëscht der Philharmonie an der Stäreplaz, brauch den Tram Batterië fir ze fueren. Dës ginn op all Statioun iwwert de Buedem opgelueden, an dat a kierzter Zäit: D’Zäit vum Arrêt (20 Sekonnen) geet duer, fir datt den Tram erëm genuch Energie huet fir bis op déi nächst, an am Noutfall souguer déi iwwernächst Statioun, ze fueren.

D’Batterien sinn awer keng klassesch Akkue mee sougenannte Superkondensatoren (ENG: Supercaps). Dës kënnen sou séier opluede ginn, well d’Energie hei dran net a Form vu chemescher Energie stockéiert, wéi dat an Akkuen de Fall ass. Detailer wéi des relativ nei Technik funktionéiert fannt dir hei (FR).

Superkondensatoren kënnen bis zu enger Millioun mol méi Energie späicheren wéi klasseg Kondensatoren

Normal Kondensatoren, déi säit méi wéi honnert Joer an elektresche Schaltungen agesat ginn, géifen sech net als Batterieersatz eegenen, well dës wéineg Energie späichere kënnen. Modern Superkondensatoren kënnen awer Kapazitéiten vun e puer dausend Farad erreechen, an dat ass en enormen techesche Fortschrëtt. Doduerch ginn se zu enger Konkurrenz zu Akkuen, och wann se bis elo nach net grad sou vill Energie kënnen ophuelen. Dacks gi Superkondensatoren a Kombinatioun mat normalen Akkue benotzt fir d’Virdeeler vu béiden ze notzen, respektiv fir d’Nodeeler auszegläichen. Den Tram huet zousätzlech och klassesch Lithiumionen- Akkuen um Dag als Reserve falls d’Superkondensatore géifen ausfalen. 

Haaptvirdeeler vu Superkondensatoren:

  • Si kënnen enorm séier ent an opgeluede ginn.
  • Si kënnen vill méi Energie liwweren: bis zu 10000 W/kg.
  • Si kenne vill méi heefeg ent an opgeluede ginn: bis zu enger Millioun Cyclen. Akkuen dogéint packe just ëm déi 1000 Cyclen.
  • Si kënne während 1015 Joer benotzt ginn, Akkuen 5-10 Joer.
  • Si kënnen aus méi ëmweltfrëndleche Materialien hirgestallt ginn.

Nodeeler:

  • Si kënne manner Energie pro Kilo a Volume stockéieren: Am Schnëtt sinn se 1020 mol méi schwéier a brauchen och vill méi Plaz.
  • Si halen hier Charge net sou laang. Superkondensatoren entlueden sech vum selwen no e puer Wochen.
  • D’elektresch Spannung ass net sou konstant wéi bei der Batterie. Dëst kann een awer duerch zousätzlech Elektronik léisen.
  • Si sinn nach méi deier, well et nach eng relativ nei Technologie ass.

De Lëtzebuerger Tram huet eng Gesamtmass vu 65 Tonnen an 13 Tonnen dovu si Batterien a Superkondensatoren. 

Merci’en:
Jean-Claude Feltes an André Mousset fir d’Berodung
How to Mechatronics: Grafik
Julieta Fernandez: Decor

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

Infobox

"PISA de Wëssensmagazin"

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Aussi dans cette rubrique