Sternenhimmel

Pixabay (Evgeni Tcherkasski)

„Nuets ass et däischter, well d’Sonn ënnergaangen ass!" - kléngt logesch, ma sou einfach ass d'Erklärung awer guer net.

Mee Mr. Science, Nuets ass et däischter, well d’Sonn ënnergaangen ass!

Dat klengt fir den Ufank mol richteg. Nodeems allerdéngs d‘Spektiv am Joer 1608 erfonnt ginn ass, koumen den Astronomen Zweiwel un dëser Erklärung. Se hunn ëmmer méi wäit an de Weltall gekuckt a sinn zur Iwwerzeegung komm, dass d’Universum onendlech ass, mat onendlech ville Stären. An déi missten d’Nuecht eigentlech hell wei den Dag maachen!

Wéi soll dat goen?

Dat kann een sech gutt mat engem Bësch erklären. Ugeholl, et steet ee matzendran. Egal wouhin ee kuckt, gesäit ee just Bamstämm. Et gesäit een net aus dem Bësch raus. Genee sou misst et mam Nuetshimmel sinn. Wann et am Universum onendlech vill Stäre gëtt, misst op all nach sou klengem Punkt um Nuetshimmel en Stär liichten an en sou Pinktche fir Pinktchen an eng hell Surface verwandelen.

Jo mee déi meeschte Stäre liichten nëmme ganz schwaach!

Jo, mee déi onfaassbar grouss Unzuel vu Stäre gläicht reng rechneresch hier schwaach Liichtkraaft rëm aus. Ganz, ganz vill Stëbskäre kënnen och e grousse Koup maachen.

Also Mr. Science, wann een de Staubsauger ni upeekt, kann dat scho mol geschéie …

Bon, dat ass en anert Thema… Mee dee Stëbs deen am Weltall ronderëm flitt ass Tatsaach eng Léisung, un déi d’Astronomen dono geduecht hunn. Wann allerdéngs de Weltraumstëbs d’Luucht vun de Stäre schlécke géif, géif en sech ëmmer méi erhëtzen. Dat kennt ee vum Strand, wann de Sand an der Sonn gliddeg waarm gëtt. Am Weltall géif sech de Stëbs am Laf vun der Zäit op puer dausend Grad ophëtzen an da selwer ufänke mat liichten. Also ass dat och keng Erklärung…

Ok…

D’Astronomen hunn sech un dëser Fro honnerte vu Joren d’Zänn ausgebass! Haut mengen se, d’Léisung am Alter vum Universum fonnt ze hunn. No den aktuellste Berechnungen ass et knapps 14 Milliarde Joer al.

Knapp ass jo léif gesoot…

Well d’Universum awer net onendlech al ass, konnt eis nach net d’Luucht vun alle Stären erreechen. Se ass nach um Wee fir bis bei eis. Mir gesinn nëmmen d’Stären an enger Kugel ronderëm eis. Dës ass zwar risegrouss, mee d’Luucht vun dëse Stäre geet net duer fir den Nuetshimmel hell wéi den Dag ze maachen. Nuets ass et also däischter, well d’Universum net säit enger Éiwegkeet mee réischt säit enger begrenzter Zäit existéiert!

Dorops muss ee mol kommen!

D’Wëssenschaft ass ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. Dofir ass se jo sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Sophie Steinmetz

Infobox

Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi intéréssant

Perséides 2023 Pic de la pluie des étoiles filantes de l’été

Chaque année, les perséides peuvent être observées entre mi-juillet et fin août. Cette année, le pic des étoiles filante...

FNR