Honig

© shotshop.com

D’Wëssenschaft huet bis elo nach kee klore gesondheetleche Virdeel vun Hunneg vis-à-vis vun Zocker fonnt.

Déi Annahm kënnt dohier dass den Hunneg, anescht wéi wäissen Zocker, iwwer 200 verschidden Inhaltsstoffer huet. Dorënner si bestëmmten Enzymer, Vitaminen a Mineralien. Ausserdeem ass net nëmmen 1 Zort Zocker, de Saccharos, dra mee jee no Origine bis zu 12 verschidden Zocker-Aarten. Ënnert dem Stréch besteet Hunneg awer virun allem aus deenen Zocker-Aarten a Waasser. Déi aner Inhaltsstoffer maachen zesummen an der Reegel manner wéi 1 Honnertstel aus. Wann een also Zocker duerch Hunneg ersetzt, brauch een net ze mengen et kinnt een deen ouni Mooss asetzen, nëmme well et en Naturproduit ass. D’Wëssenschaft huet bis elo och nach kee klore gesondheetleche Virdeel vun Hunneg vis-à-vis vun Zocker fonnt. An all eventuell méigleche positiven Effekt géif duerch en ze héijen Hunnegzockerkonsum erëm opgehuewe ginn.

Dat ass jo enttäuschend…

Et kann een en jo och iessen, einfach, well e gutt schmaacht… Mee et gëtt ee Beräich, an deem Hunneg schonn an der Antiquitéit benotzt gouf an deen och haut Medeziner erëm interesséiert.

An dee wier?

Hunneg kann anscheinend d’Heelung vu verschiddene Wonne positiv beaflossen. An dat huet méi Grënn. Eemol entzitt den héigen Zockergehalt de Bakterien d’Waasser, déi meescht kënnen dann net méi weiderwuessen. An e puer Hunnegzorte ass en Enzym dran dat Waasserstoffperoxyd produzéiert, an dat wierkt liicht desinfizéierend. A virun e puer Joer gouf an engem speziellen Hunneg aus Neuseeland souguer eng Substanz nogewisen, déi besonnesch effikass géint Bakterien ass.

Firwat nëmmen am Hunneg aus Neuseeland?

Well d’Beien do a verschiddene Géigenden Nektar vu Bléie vun enger bestëmmter Planzenaarte sammelen, déi eng Virstuf vun dëser antibakterieller Substanz enthält.

Kann ech mir also Hunneg op d’Wonn reiwen, wann ech blesséiert sinn?

Dat géif ech net maachen, well medezineschen Hunneg gëtt steriliséiert. En huet déi antibakteriell Propriétéiten, mee et kinnten awer och Spore vu bestëmmten haartnäckege Bakterien dra sinn. An déi wëlls du dir net an d’Wonn reiwen. Een anere Problem ass dass net all Hunneg selwecht gutt déngt. Déi medezinesch Fuerschung steet beim Hunneg nach ganz am Ufank, well vill Substanzen dra sinn, déi medezinesch hëllefe kéinten. Dat intressant dorun ass, datt verschidde Substanze géint Bakterien déngen, géint déi Antibiotik emol net hëllefen.

Hunneg kéint als eng Quell fir neiaarteg medezinesch Wierkstoffer sinn?

Jo, dës Hoffnung hunn vill Fuerscher. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Hunneg géint den Houscht?

Wa Kanner houschten, kréien si dacks als aalt Hausmëttel Hunneg. Déi modern Medezin huet ënnersicht, ob dat eppes bréngt: an de meeschte Fäll déngt Hunneg effektiv besser, wéi wann ee guer näischt gemaach hätt. Nëmme Kanner ënnert engem Joer sollt ee generell keen Hunneg ginn. Dat ka Bakteriensporen enthalen, déi Botulismus ausléise kënnen. Dat ass eng Liewensmëttelvergëftung mat Leemungserscheinungen. Dat geschitt zwar zum Gléck ganz rar, ass awer eng schwéier a ganz eescht ze huelend Krankheet.

Wonnermëttel Propolis?

Niewent Hunneg produzéiere Beien och nach eng aner Substanz, déi scho bal Wonnerwierkungen zougesprach kritt: Propolis. Dat ass eng wuessend Mass, mat déier Beien dat Bannescht vun de Kummere fir d’Brut verkleeden oder Ritzen a Lächer am Beienstack ofdichten. Dat ass eng Aart Allzweck-Kitt, dee gläichzäiteg géint Mikroorganisme wéi Bakterien a Pilzen wierkt. D’Beie produzéieren et aus Haarz, den si u bestëmmte Bléien a Beem sammelen. Si vermëschen dee Grondstoff mat e puer Pollen, äthereschem Ueleg aus Bléien an hirem Speechel. Genau wéi Hunneg huet Propolis vill, deels nach net genau bekannte Stoffer, déi géint Bakterien a Pilzerkrankungen hëllefen.

Gëftegen Hunneg?

Hunneg kann och problematesch oder souguer geféierlech Substanzen enthalen. Vill Planze produzéiere Gëftstoffer, fir sech géint Schädlingen ze wieren. Wa Beie virun allem Nektar vu sou Planze sammelen, kënnen dës Gëfter an den Hunneg kommen. Verantwortungsvoll Imker passen dowéinst drop op, hir Beienstäck net an der Géigend vu sou Planzen opzeriichten. Och Pestiziden kënnen an den Hunneg kommen, wann d’Beien zum Beispill a Rapsfelder ausschwärmen, déi mat Planzeschutzmëttel behandelt sinn.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Aussi dans cette rubrique