Wee kennt e schonn net, de berühmte Pony Express. Virun 961 242 Stonnen hunn e puer honnert Reider ugefaang d’Post queesch duerch Amerika, vun der Ostküst op d’Westküst, ze bréngen. Si hunn Dag fir Dag hiert Liewe riskéiert fir wichteg Bréiwer, wéi zum Beispill d’Noriicht vum Biergerkrich, bannen 10 Deeg op di aner Säit ze droen. Domat waren di bekannte Reider duebel esou séier wéi all aner Postweeër. Trotz deem groussen Erfolleg ass et de Pony Express net laang ginn. D’Technik an d’Innovatioun hunn sech rapid entwéckelt. Et ass eng Zuchlinn duerch Amerika gebaut ginn an d’Telegraphleitunge si bis a Kalifornien verlängert ginn. Dunn huet et natierlech nëmmen nach Minutte gedauert fir eng Noriicht op di aner Säit ze schécken.

9 honnert …. also 1860? Wann ee bedenkt dass et haut nach just Sekonnen dauert fir e Message rondrëm d’Welt ze schécken, a just nach 1-2 Deeg fir e Bréif!

Jo, d’Technik huet sech an de leschten 100 Joer immens séier entwéckelt.

Text: Corinne Kroemmer

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR