FNR, RTL

Den Olivier Catani an de Mr Science hunn sech den Challenge gesat fir mindestens 100 vun den 274  Grenzmarken  ze fannen an dat bannent 3 Deeg. Et klengt net no vill mee e groussen Deel vun Marken stinn  hautdesdaags matten am Bësch, laascht zougewuessen Flëss oder matten am Feld. En Challenge deen de Grenzexperten no quasi onméiglech ass hu si opgeholl, an souvill kann ee verroden: Déi 100 hu si gepackt mee du wollten si Méi. 

Et ass eng Grenz déi an engem oppenen Europa u Wichtegkeet verluer huet mee awer nach vill intressant Geschichten ze zielen weess. 

Am Mr Science Reportage bei Minutt 19:24 geet et ëm d’Produktioun vun de Grenzmarken, well d’Fro sech noutgedrongen stellt wéi dës 500 kg schwéier Marken iwwerhaapt am Joer 1843 hiergestallt goufen. Am Ferroforum um Industriesite Esch-Schëffleng vun der fréierer Arbed kann een u Workshopen deelhuelen wou een d’Fachwëssen vun der Gosshirstellung vu fréien ageweit gëtt.  

Auteur: Joseph Rodesch (FNR), Olivier Catani (RTL) 
Produktioun : RTL  

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Sonnennéitser Firwat musse munch Leit néitsen, wa se an d’Sonn kucken?

Kenns du dat? Bei verschiddene Leit, wa se raus ginn an an d’Sonn kucken, fänkt hier Nues un ze kribbelen an si mussen dräimol néitsen. Firwat ass dat esou, an huet dat eigentlech jiddereen?

FNR
„Nacktscanner“ Wéi funktionéiert e Kierperscanner um Fluchhafen?

Op Fluchhäfe ginn zanter e puer Joer Kierperscanneren agesat, fir Passagéier op Waffen a Sprengstoff ze duerchsichen. Wéi funktionéieren dës Apparater?

FNR