AdobeStock/olezzo/BullRun

Eng dënn Funktiounsjackett (lénks), déi clever konzipéiert ass, ka geneesou waarm halen ewéi en décke Parka (rechts).

Eng dënn Funktiounsjackett, déi clever konzipéiert ass, ka geneesou waarm halen ewéi en décke Parka. Entscheedend ass, wéi gutt d'Jackett viru Wand a Fiichtegkeet schützt a Wäermt hale kann.

Wéi halen d'Jacketten eis eigentlech waarm?

D'Jackette wiermen net doduerch, datt se selwer waarm sinn, mee well se Hëtztverloschter reduzéieren. An anere Wierder: Si isoléieren eis an halen d'Hëtzt vun eisem Kierper bei eis. 

Eise Kierper gëtt permanent Wäermt of. Waarm Kleedung hält d'Loft, déi vum Kierper erhëtzt gouf, gefaang. Déi Loft wierkt dann ewéi en Hëtztpuffer. Eng déck Daunejackett kann en décke Loftpolster afänken, dee gutt waarm hale kann. Mee dat eleng geet net duer. 

All Jackett muss aus isoléierende Materialie bestoen, déi dofir suergen, datt déi waarm Loft no um Kierper festgehale gëtt. D'Aart, d'Struktur an d'Mass vun dëse Materialie sinn dobäi méi wichteg ewéi d'Déckt, fir d'Loft anzeschléissen.

Da muss d'Jackett de Wand ofhalen. De Wand géing déi waarm Loft permanent aus der Jackett erausblosen. Ausserdeem muss d'Jackett dech dréchen halen. Well wa Fiichtegkeet op der Haut verdonst – egal ob et sech ëm Schweess vu bannen oder Ree vu baussen handelt – killt dat de Kierper aus.

A schliisslech spillt och d'Passform eng Roll: Wann d'Jackett ganz locker sëtzt, gëtt bei all Schrëtt waarm Loft erausgepompelt – da brauch de Wand net emol ze blosen. Dofir kann eng Jackett, déi e bësse méi enk geschnidden ass, méi waarm halen ewéi eng weit, och wa se allen zwou d'selwecht déck sinn.  Ze enk dogéint ass net gutt, well doduerch déi ageschloss Loft zesummegedréckt gëtt, an den isoléierende Loftpolster ze dënn ass.  

Wat mécht Funktiounsjacketten dann esou besonnesch?

Funktiounsjackette sinn an e puer Schichten opgebaut. All Schicht huet eng bestëmmt Aufgab: Déi baussechtst Schicht weist Wand a Reen of. Dorënner läit eng Membran mat winzege Lächer. Déi léisst Waasserdamp – wat e Gas ass – vu bannen no baussen eraus, mee hält Waasserdrëpse vu baussen zeréck. Esou ka Schweess erausgoen, ouni datt Reen erandréngt. Bannen an der Jackett suergen dann isoléierend Materialien zousätzlech dofir, datt waarm Loft um Kierper festgehal gëtt. Hei ginn oft Plastiker oder speziell Faseren agesat, déi eng héich Isolatioun bei enger gerénger Déckt bidden. Wann alles gutt openeen ofgestëmmt ass, bleifs du och am déiwe Wanter mat enger dënner Funktiounsjackett schéi waarm. 

Sportler schwieren op en Zwiwwelsystem. Ënnert enger wand-  an waasserdichter Jackett dinn si e puer méi dënn Schichte matt Tiretten iwwereneen un. Da gëtt tëscht all Schicht e bësse Loft agefaang, déi ee waarm hält. Wann een dann emol bei engem Effort wëll ofkille kann een duerch opmaache vun den Tiretten d'Hëtzt séier evakuéieren.

A wéi gesäit dann d'Zukunft vun de Funktiounsjacketten aus?

Wëssenschaftler schaffen drun, datt Funktiounstextilie sech un déi jeeweileg Situatioun upasse kënnen – datt se zum Beispill hir Duerchlässegkeet jee no Fiichtegkeet oder Temperatur veränneren oder Wäermt tëschespäicheren. Et bleift also spannend an der Fuerschung.

Firwat déi perfekt Funktiounsjackett esou schwéier ze konzipéieren ass

 

Modern Funktiounsjackette kënne villes – mee hir Designer mussen e puer Kompromësser agoen: Wat eng Jackett besser viru Wand a Ree schützt, wat de Waasserdamp méi schlecht no baussen oftransportéiert ka ginn. Wann de Schweess net erausgeféiert gëtt, killt de Kierper duerch Verdonstung aus. Modern Funktiounsjackette probéieren zwar, dësen Zilkonflikt méiglechst gutt auszebalancéieren – perfekt geléist ass e bis elo awer net.

Aner Problemzone sinn Néit, Steppungen oder Drockstellen – zum Beispill duerch Rucksakgurter: Déi wierken ewéi Kältebrécken, well se dat isoléierend Material zesummendrécken. Dat verréngert engersäits de Volume vun der ageschlossener Loft a léisst anerersäits Wäermt erausstréimen.

Och modern Materialie reagéieren ëmmer nach empfindlech op Fiichtegkeet am System „Jackett“. Nätzt – sief et duerch Schweess vu bannen oder Ree vu baussen – kann d'Isolatioun däitlech verschlechteren. Aktuell Entwécklunge setzen dofir op Materialien, déi sech upassen – zum Beispill well se hir Duerchlässegkeet veränneren oder Wäermt tëschespäicheren. D'Zil ass eng Kleedung, déi net just schützt, mee aktiv mam Kierper an der Ëmgéigend zesummeschafft, fir waarmzehalen.

Wéi Membrane Fiichtegkeet no bausse bréngen

 

Eng Funktiounsjackett soll banne méiglechst dréche bleiwen – och wann ee schweesst. Dofir stécht ënner dem baussechtste Stoff oft eng Membran. Hir Aufgaben: Waasserdamp erausloossen, flëssegt Waasser vu baussen ofhalen. D'Membran „pompelt“ d'Fiichtegkeet allerdéngs net aktiv eraus – se benotzt eng physikalesch Konzentratiounsdifferenz:

Bannen ass et waarm a fiicht, bausse méi kill a méi dréchen. Doduerch entsteet en Ënnerscheed am Waasserdamp-„Drock“ – eng Aart Sog, déi de Waasserdamp no baussen dreift. Dofir ass d'Membran esou opgebaut, datt Waasserdamp doduerchdrénge kann: Déi gasfërmeg Waassermolekülle rutschen duerch winzeg Poren eraus. Reen, also flëssegt Waasser, dogéint gëtt baussen zeréckgehal – entweeder, well d'Poren ze kleng si fir en duerchzeloossen, oder well d'Struktur vum Material Waasser ofweist.

Auteur: Hannes Schlender/ scienceRELATIONS
Redaktioun: Michèle Weber, Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Lu Y, Wang F, Wan X, Song G, Shi W, Zhang C. Clothing resultant thermal insulation determined on a movable thermal manikin. Part I: effects of wind and body movement on total insulation. Int J Biometeorol. 2015 Oct;59(10):1475-86. doi: 10.1007/s00484-015-0958-1. Epub 2015 Jan 18. PMID: 25597033. https://link.springer.com/article/10.1007/s00484-015-0958-1

Gorji, M.; Mazinani, S.; Gharehaghaji, A. A. A review on emerging developments in thermal and moisture management by membrane-based clothing systems towards personal comfort. Journal of Applied Polymer Science 139(27), e52416 (2022). https://doi.org/10.1002/app.52416

Zhao, C.; Yu, Y.; Niu, J.; Zhou, Y.; Fan, J. Exploring the effect of clothing moisture content on heat and moisture transfer from the human body using a sweating thermal manikin. Building and Environment 267 (Part B), 112299 (2025). https://doi.org/10.1016/j.buildenv.2024.112299

Młynarczyk M, Orysiak J, Jankowski J. Effect of Workwear Fit on Thermal Insulation: Assessment Using 3D Scanning Technology. Materials (Basel). 2025 May 3;18(9):2098. doi: 10.3390/ma18092098. https://pmc.ncbi.nlm.nih.gov/articles/PMC12072764/ 

Zemzem M, Hallé S, Vinches L. Thermal Insulation of Protective Clothing Materials in Extreme Cold Conditions. Saf Health Work. 2023 Mar;14(1):107-117. Epub 2022 Nov 26. PMID: 36941933; PMCID: PMC10024235. https://doi.org/10.1016/j.shaw.2022.11.004

Yang, G., Liu, X. & Lipik, V. The Application of Silica and Glass Fibers in Effective Thermoinsulation of Winter Apparels. Fibers Polym 19, 1532–1538 (2018). https://doi.org/10.1007/s12221-018-7435-5

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Auto-Motoren Wéi funktionéiert e V8-Motor?

E Bléck op verschidde Verbrennermotoren, wéi se gebaut sinn a firwat elektresch Autoen op eemol e kënschtleche Sound brauchen.

FNR
Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR
Eng Paus mam Iessen Ass Intervallfaaschte gesond?

Intervallfaaschte soll gesond sinn a schlank maachen. Awer lount et sech wierklech z. B. op d'Iessen owes ze verzichten? Fir verschidde Leit schonn, seet de Mr. Science.

FNR