Adobe Stock

Fir dorop eng Äntwert ze hunn, muss ee fir d’éischt emol wëssen, aus wat Stëbs iwwerhaapt besteet: En enthält z. B. doudeg Hautzellen an Hoer, Textilfaseren a Plastik, Buedempartikelen a Pollen, Iessensreschter a Bakterien, an nach villes méi – wat och an engem spannende weltwäite Citizen-Science-Projet erfuerscht gëtt. 

Mä et ass net de Stëbs, mä de Kot vu Stëbsmilben, op dee verschidde Leit allergesch reagéieren. De betraffenen Immunsystem mengt fälschlecherweis, de Kot wier eng Bedroung a bekämpft e mat alle Mëttelen. E schéisst also mat Kanounen op Spatzen. D’Sensibilitéit fir esou eng Allergie z’entwéckelen kann ugebuer sinn. D’Wëssenschaft schwätzt da vun atopescher Dispositioun. Ausserdeem kënne Risikofacteuren ewéi knaschteg Loft oder Fëmmen eng Milbenallergie begënschtegen. 

An ewéi maachen et déi kleng Plogeeschter, dass si eng allergesch Persoun mat hirem Kot esou quälen? 

D’Milbe selwer si komplett harmlos. Si wëlle weeder eis ëmbréngen nach eis Gesondheet ruinéieren, si wëlle just eis Hautschuppen. Si liewen am léifsten un der Quell, also an eise Better a loossen do och hir mikroskopesch kleng Kéipercher falen. De Milbekot ass mat speziellen Eewäisser vermëscht, déi am Verdauungstrakt vun den Déiere gebilt ginn. Ginn dës vun Allergiker ageotemt, gëtt den Immunsystem dorop opmierksam. E behandelt se ewéi e Parasit, bekämpft se a bilt eng bestëmmten Zort Antikierper, den Immunglobulin E, kuerz IgE. Kënnt d’Persoun nach emol mat den Eewäisser am Milbekot a Kontakt, gëtt IgE aktiv a fiert d’Ofwier erop. 

Kann een dann dogéint guer näischt maachen? 

Et ginn effektiv e puer Méiglechkeeten, fir betraffe Persounen ze hëllefen. Dat wier engersäits, d’Quell an der Gitt ze halen. Dacks a reegelméisseg Stëbsen zum Beispill. Dat iwwerléisst een am beschten enger netallergescher Persoun, fir de Kontakt mam Milbekot esou vill ewéi méiglech z’evitéieren. Och hëllefen e killt an dréchent Schlofzëmmer an d’Bettgezei reegelméisseg ze wäschen – am beschte bei 60 Grad oder mat engem Wäschmëttel, dat d’Milbe futti mécht –, fir d’Zuel vun de Plogeeschter ze reduzéieren. D’Allergiesymptomer selwer kënne mat Medikamenter behandelt ginn: zum Beispill Antihistaminika ewéi Loratadin oder Glucocorticoiden ewéi Kortison. A mat enger Hyposensibiliséierung gëtt versicht, dem Immunsystem den Ugrëff op d’Milbeneewäisser nees ofzegewinnen. 

Stëmmt et eigentlech, dass Allergien ëmmer méi heefeg ginn? 

Jo, et ass tatsächlech esou, dass haut méi Persoune mat Allergië kämpfen ewéi nach virun e puer Joerzéngten. Wat d’Grënn ugeet, ginn et vill Theorien. Mä bis elo huet sech nach keng als de groussen Treffer erausgestallt. Dowéinst bleift d’Fuerschung spannend! 

Infobox

Hautfrësser op aacht Been 

Keen Haus ass virun hinne sécher. Kaum e Bett, an deem et si net gëtt. Gesi kënne mir Stëbsmilben allerdéngs just ënnert dem Mikroskop – well mat hiren 0,1 bis 0,5 Millimeter laange Kierpere si se richteg butzeg. Mä mir Mënschen zéien d’Stëbsmilb quasi magesch un. Well déi kleng Spannendéiere liewe vun deem, wat mir fale loossen, a maachen esou hirem Numm all Éier. Dermatophagoides nennt sech hir Gattung an dat heescht op Lëtzebuergesch „d’Hautfrësser“. 

Et muss ee wëssen, dass mir eis Haut ronn dausend Mol am Liewe wiesselen. Al Zelle stierwen of a ginn duerch neier ersat. Stéck fir Stéck erneiert sech dat gréissten Organ vum mënschleche Kierper op dës Manéier ronn eemol am Mount. Esou komme bis zu 400 Gramm un doudegen Zellen zesummen – e leckeren All-you-can-eat-Buffet fir déi kleng Sous-Locatairen. 

Esou richteg wuel fille sech d’Spannendéieren, wann et waarm a fiicht ass. Ronn 25 Grad Celsius sinn optimal an d’Loftfiichtegkeet ka gär bei 70 Prozent a méi leien. E Milbeliewen dauert zirka e Véierelsjoer. Trotzdeem bréngen déi Minien et fäerdeg, 200-mol esou vill Kot ze hannerloossen, ewéi se selwer weien. Dësen enthält bestëmmten Eewäisser, déi am Milbendarm gebilt ginn an en Trigger fir den Immunsystem vu munche Leit sinn. Well si kënnen eng Immunreaktioun ausléisen a ginn dann zum Allergeen. 

Iwwerreaktioun 

Den Immunsystem ass eng fei Saach. Drénge Gëftstoffer oder Erreeger vu Krankheeten an eis an, gëtt en aktiv an eliminéiert d’Gefor – am beschte Fall esou, dass mir et guer net mierken. Ass d’Aarbecht gemaach, setzt en dann d’Friemstoffer op seng „schwaarz Lëscht“. Sti si nach emol virun der Dier, fiert d’Ofwier méi séier erop. 

Bei munche Persounen awer neigt den Immunsystem zu enger kompletter Iwwerreaktioun. E spréngt an de Kampfmodus, obwuel just d’Polle vun harmlose Bléien, d’Hoer vu léiwe Kazen oder de Kot vu butzege Milben an der Nues këddelen. Wat do eisen Immunsystem esou schwäiwëll mécht, heescht Allergeen – an d’Resultat ass eng Allergie. 

Den Ufank mécht eng Sensibiliséierung. Déi erfollegt, wann de Kierper mat dem Allergeen déi éischte Kéier a Kontakt kënnt an den Immunsystem aktivéiert gëtt. Dat mierkt een normalerweis net. Et kënnen Deeg, Wochen an heiansdo Jore vergoen, bis sech d’Allergie bemierkbar mécht. Wann een awer nach emol mat deem Allergeen a Kontakt kënnt an et ass ee schonn dorop sensibiliséiert, da schléit den Immunsystem ganz rabiat zou. D’Aen tréinen, bäissen a si rout. D’Haut kann och betraff sinn, grad ewéi d’Bronchien. 

Ob e Mënsch eng Allergie vis-à-vis vun engem Stoff entwéckelt, ass zum Deel schonn an de Geenen definéiert. Och spillt den Zoustand vun der Haut oder vun den Otemweeër beim éischte Kontakt eng Roll; grad ewéi d’Heefegkeet, mat där ee mam Allergeen a Kontakt kënnt, an natierlech d’allergeent Potenzial vum Stoff. 

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld 
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi intéréssant

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- novembre 2022

Pourquoi certaines personnes sont-elles plus douées en maths ? Et comment les réactions allergiques contribuent-elles à ...

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg - juillet 2022

Les dernières découvertes scientifiques faites au Luxembourg résumées en petits paragraphes faciles à assimiler.

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR