Dat muss eng impressionant Fra gewiescht sinn. Huet si net 2 Nobelpräisser gewonnen ? A war et net déi éischt Fra déi iwwerhaapt ee gewonnen huet ? An déi éischt Fra déi en Doktertitel krut ? An déi éischt Fra déi Unisprofesser war ?

Dach! Et war a villen Hisiichten déi éischt Fra! Haut ass hiren 144 Gebuertsdag, mee mir feieren dëst Joer och den 100-jäerege Jubiläum vun hirem zweeten Nobelpräis. Deen éischte war an der Physik, virun 108 Joer, an deen zweeten an der Chimie, an zwar fir d’Entdeckung, d’Beschreiwung an d’Isolatioun vun engem radioaktive chemeschen Element, dem Radium. Och am Privatliewe war et éischter eng Fra vu groussen Dote wéi vu grousse Wierder ! Si huet d’Schoulausbildung vun hiren 2 Meedercher selwer an d’Hand geholl an se all Dag mat an en aner Labo geholl. D’Method huet sech bewäert: d’Irène ass an den Elteren hier Fussstapfe getrëppelt an huet och en Nobelpräis gewonnen!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR