children with books

shotshop.com

An der Mathe, Orthographie a Grammaire sinn d'Schüler an der Moyenne no der Summervakanz e bësse méi schlecht. US-amerikaneschen Etüden no entsprécht de Léierverloscht ongeféier engem Mount Unterrecht. An Amerika fuerderen dofir verschidde Wëssenschaftler, datt d'Summervakanz gekierzt gëtt. Do ass se awer mat ronn 3 Méint am internationale Verglach och besonnesch laang. Dofir kann een déi Resultater vun den US-Studien net einfach op eise Schoulsystem iwwerdroen.

An Europa gouf bis ewell leider nëmme ganz wéineg zu deem Thema gefuerscht. Bei enger éisträichescher Etüd konnt de Léierverloscht bei 9 Woche Summervakanz an der Mathe an an der Orthographie bestätegt ginn, mee bei 2 Etüden aus Däitschland koume bei 6 Woche Summervakanz widderspréchlech Resultater eraus. Interessanterweis hunn d'Fuerscher bei verschiddene Studien festgestallt, datt d'Lieskompetenz - also d'Fäegkeet Texter ze verstoen, iwwert de Summer souguer zougeholl huet! An dat souwuel an den USA wéi och an Europa.

Wéi kann een dat dann erklären?

D'Fuerscher huelen un, datt d'Kanner an der Vakanz méi Zäit fir ze liesen hunn, wärenddeem se Mathe, Grammaire an Orthographie ausserhalb vun der Schoul kaum trainéieren.

Sollt d'grouss Vakanz also gekierzt ginn?

Doriwwer kann e en nodenke, well déi laang Summervakanz nach aus enger Zäit staamt, an där vill Kanner bei der Recolte hu missten hëllefen. Mee dat wat d'Kanner am Summer vergiess hu kann awer vun der Schoul erëm gutt opgeholl ginn. D'Bildungsfuerscher maache sech aus engem anere Grond Suergen: si fäerten, datt virun allem Kanner aus Stéit, déi sech manner mat Educatioun ofginn a méi e schwaacht Akommes hunn, ënnert enger ze laanger Summervakanz kéinte leiden. Dëst Joer huet ausserdeem vlait de Corona-Lockdown vun Ufank des Jores nach en zousätzlechen Effet

Wann d'Schoul erëm ufänkt, kéint den Ecart méi grouss ginn tëscht hinnen a Schoulkomeroden, déi duerch méi intellektuell stimuléierend Vakanzenaktivitéite manner vergiess hunn. Eng ze laang Summervakanz kéint also Ongläichheeten nach verstäerken. Awer och fir des Hypothees liwweren den Ament haaptsächlech US-amerikanesch Etüden Argumenter. 

Et ass also nach weider Fuerschung néideg, fir d’Fro zur optimaler Längt vun der grousser Vakanz fir Lëtzebuerg ze beäntwerten?

Dat kann een an dësem Fall ganz kloer sou gesinn? Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend!

An zu Lëtzebuerg gouf elo dëst Joer och wéint der COVID-19 Krise jo fir d’éischt eng Summer School an eng Rei aner Mesuren an d’Wee geleed, fir Kanner d’Méiglechkeet ze gi, Kenntnisser vum leschte Joer ze festegen oder Matière déi vergiess oder versäumt gouf nozehuelen. Des Offer soll och an Zukunft bestoe bleiwen.

Auteur: scienceRELATIONS/Info Knopf
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Léieren an der Summervakanz?

An den USA ginn am Summer ëmmer "Léiercamps" ugebueden, fir datt d'Kanner net esou séier an hire schoulesche Fäegkeeten noloossen. Wëssenschaftlech Etüde weisen awer, datt des Offer vun Nohëllef hiert Verspriechen net ëmmer anhält. Bei enger Online-Offer fir Mathematik kruten d'Schüler zum Beispill all Woch Hausaufgaben. Zum Schluss vun der Vakanz waren si awer net besser, wéi Kanner déi net un den Nohëllefcouren matgemaach hunn.

E Summerprogramm fir d'Liesfäegkeete vu Kanner aus méi akommesschwaache Stéit ze verbesseren, hat dogéint méi Succès. D'Kanner kruten an deenen 3 Méint US-Summervakanz a reegelméissegen Ofstänn 8 Bicher, déi op hir Virléiften a Liesfäegkeeten ofgestëmmt waren. Dozou sollten se all Kéier e puer Aarbechtsfichë maachen, déi hinnen hëllefe sollten, d'Buch besser ze verstoen. Wa si vergiess hunn, hir Fichen ofzeginn, goufen si drun erënnert. Dëse Summerliesprogramm gouf an de leschte Schoulwoche virun der Vakanz vun den Enseignanten agefouert an erkläert. Eng Etüd, déi de Programm begleet huet, huet gewisen, datt déi Kanner déi matgemaach hunn hir Liesfäegkeet iwwert d'Summerméint däitlech verbessert hunn.

An Däitschland gouf och e gutt duerchduechte Summerprogramm fir Kanner mat Migratiounshannergrond méi genee ënnersicht. Dobäi goung et em en Theater-Camp an der grousser Vakanz, dee vu Sproochenunterrecht begleet gouf. Och hei hu sech déi däitsch Sproochefäegkeete vun de Kanner däitlech verbessert. 

Summer School zu Lëtzebuerg

Wéinst dem COVID-19 Lockdown ufanks des Jores goufen 2020 och eng éischte Kéier Léierprogrammer an der Summervakanz ugebueden an et ass virgesinn, datt dës Offer och an Zukunft bestoe bleift fir speziell Schüler ze hëllefen, déi no der laanger Vakanz Startschwieregkeeten hunn a méi sozial Gerechtegkeet ze ereechen. Zanter dem 24. August 2020 hunn d’Schüler aus dem Fondamental an dem Secondaire Zougang zu themateschen Dossieren op www.schouldoheem.lu, a kënnen sou entweder eleng oder mat enger anerer Persoun déi wichtegst Matière widderhuelen. Bis den 1. September hat dëse Site scho 50.000 Visiteuren a 47.000 Dossieren goufen erofgelueden.

Vum 31. August bis den 11. September 2020 ginn och „Summer Schools“ uechter d’Land ugebueden. Do ginn d’Schüler da fir Nohëllefscouren scho stonneweis zréck an d’Schoul. 4.830 Schüler aus dem Fondamental (Cycle 2 bis 4.1) haten sech hei ageschriwwen, wat 15% vun de Schüler ausmécht. Hei goufe Sproochen prioritär als Fächer gewielt. Am Secondaire huelen 1.100 Schüler deel, souwuel un den traditionellen Nohëllefscouren am Kader vun engem Noexamen, wéi och nei Nohëllefscouren. Hei hunn d‘Schüler dacks Mathe gewielt.

Doriwwer eraus ginn och nom 15. September 2020 souwuel am Fondamental wéi am Secondaire cours d’appui wéi gewinnt a mat zousätzleche Ressourcen ugebueden.

Infobox

Quellen

Ferien und Ferieneffekte

Siewert, J et al. in: Handbuch Ganztagsbildung 2020

https://link.springer.com/chapter/10.1007/978-3-658-23230-6_56

 

The Effects of Nine-Week Summer Vacation: Losses in Mathematics and Gains in Reading.

Paechter, Manuela et al.: Eurasia Journal of Mathematics, Science and Technology Education 2015

https://www.researchgate.net/publication/282336271_The_Effects_of_Nine-Week_Summer_Vacation_Losses_in_Mathematics_and_Gains_in_Reading

 

Improving second language skills of immigrant students: A field trial study evaluating the effects of a summer learning program

Stanat, Petra et al.: Learning and Instruction 2012
https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S095947521100082X

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR