© shotshop.com

“Wodka Martini! Geschüttelt, nicht gerührt”

“Wodka Martini! Geschüttelt, nicht gerührt” ass de berühmte Saz aus de Bond Filmer. Mécht dat eigentlech en Ënnerscheed ob een e Gedrénks rëselt oder réiert?

Et kinnt ee mengen datt een a béide Fäll jo just géif de Wodka an de Martini matenee vermëschen - mee chemesch a physikalesch gesinn gëtt et e reellen Ënnerscheed tëschent dem Rëselen a Réieren. Wann een eppes rëselt, vermëscht een nämlech net nëmmen d’Flëssegkeete mateneen, mee et mécht een zousätzlech Loft matt an d’Flëssegkeet.

Geet déi da net direkt rëm raus ?

Nee, een Deel vun der Loft gëtt, zumindest fir kuerz Zäit, an der Flëssegkeet gebonnen. Doduerch ännert sech d’Textur vum Gedrénks. E frësch gerëselte Cocktail mat Loftblosen oder Schaum gëtt en anert Gefill op der Zong. E gëtt méi lëfteg an doduerch schmaacht en anescht.

An du soots: Chemesch gesinn passéiert och eppes beim rëselen... ?

Jo de Sauerstoff an der Loft huet während dem Rësele genuch Zäit fir matt den Aromastoffer aus de Flëssegkeeten ze reagéieren. Dobäi passéieren ënner anerem sougenannten Oxidatiounsreaktiounen, an des féieren och dozou datt de Goût sech ännert. Ech hu selwer elo keng Testerei gemaach an ech weess net ob een e groussen Ënnerscheed schmaacht, mee eent ass sécher – et ass en Ënnerscheed moossbar.[1]

Mistère geléist also?

Ha du wärs laache mee et gi ganz Kapitelen a Bicher iwwert dat Thema – ech hu rar e sou en onwichtegt Thema gesi wat sou vill a kontrovers diskutéiert gëtt :-)

Wat engem besser schmaacht muss wahrscheinlech jiddereen selwer testen.

Auteur: Joseph Rodesch
Photo: Shotshop

 


[1] Peter McNAlly in « Why can’t Elephants Jump ? », New Scientist

 

Aussi dans cette rubrique

Kierperhygiene Wierken Deoe wierklech géint Schweessgeroch?

Grad am Summer gräifen der vill ganz selbstverständlech zum Deo. Awer hëlleft dee wierklech? A brauch iwwerhaapt jiddereen en Deo?

FNR
Konflikter tëschent Generatiounen Gen Z vs. Babyboomer: Wien ass méi faul?

Iwwer d'Gen Z soe munch Leit, se wier méi faul ewéi eeler Generatiounen, z. B. d'Babyboomer. Wat stécht dohannert? Huet d'Wëssenschaft tatsächlech Beleeg dofir? Oder ginn hei nëmme Klischeeë bedéngt?

FNR
Summerzäit Wat sinn d’Vir- an Nodeeler vun der Zäitëmstellung?

Zweemol am Joer stelle mir d’Auer ëm – am Fréijoer an am Hierscht. Vill Leit froen sech: Firwat maache mir dat eigentlech? A bréngt d’Summerzäit wierklech Virdeeler, Mr Science?

FNR