Dem Gebuertsdagskand vun Gëschter hu mer et ze verdanken, dass aus engem einfache Schnapp keng Epidemie gëtt. Den Ignaz Semmelweis, deen Gëschter 195 Joer geféiert huet, huet näämlech erausfonnt firwat verschidde Krankheeten ustiechend sinn.

Bis Mëtt 19t Jorhonnert waren d’Dokteren iwwerzeegt, dass Krankheete wéi Cholera an d’Pescht sech duerch schlecht Loft giffe verbreeden, déi vun der Verweesung vu Planzen, Déieren a Mënsche giff kommen !

Dem Semmelweis ass awer als jonken Dokter opgefall, dass an deem enge Gebuertszëmmer vill Mamme während der Gebuert gestuerwe sinn, an an deem aner net ! Firwat giff d’Loft en Ënnerscheed tëscht den zwee Zëmmere man? De Semmelweis war iwwerzeegt, dass nach eppes anescht giff hannendru stiechen! Et ass em dunn opgefall, dass an deem engen Zëmmer nëmmen Hiefamme waren, an an dem aner jonk Dokteren an der Léier, déi dack tëscht Gebuerten Autopsien duerchgefouert hunn. Dofir koum hie mat der Iddi, dass Krankheete sech vun de Läichen op de Mënsch, an da vu Mënsch zu Mënsch kenne verbreeden. Obwuel hien dofir ausgelaacht ginn ass, ass d’Doudesrat drasteg erofgaang wéi hie bis duerchgesat hat, dass jidderee sech tëscht de Patiente muss d’Hänn wäschen. An 13 Joer méi spéit ass seng Theorie vum Louis Pasteur bewise ginn!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR