Schilddrüse

shotshop.com

D’Schilddrüs sëtzt ënnert dem Keelkapp an ass eng ganz wichteg Hormondrüs, déi an de Stoffwiessel a ganz vill aner Kierperfunktiounen agräift.

An Europa huet all Zéngte Schilddrüseprobleemer, awer nëmmen d’Hallschent vun de Concernéierte weess eppes dovun. Schilddrüseprobleemer kënnen ënnerschiddlech Ursaachen hunn, wéi zum Beispill Jodmangel oder Autoimmunkrankheeten, oder och Entzündungen oder Tumeuren vun der Schilddrüs (méi Infoen an der Infobox). Concernéiert Leit leiden entweeder un enger Iwwer- oder Ënnerfunktioun vun der Schilddrüs. Ob elo ëmmer méi Leit Schilddrüseprobleemer hunn, weess ee net, well mer keen zäitleche Verglach hunn. Kloer ass awer, datt Fraen iwwer 4 mol méi u Schilddrüseprobleemer leide wéi Männer. Munch Fuerscher huelen un, datt dat un hirem ënnerschiddlechen Hormonhaushalt läit.

Wat geschitt da bei Schilddrüseprobleemer?

D’Schilddrüs sëtzt ënnert dem Keelkapp an ass eng ganz wichteg Hormondrüs, déi an de Stoffwiessel a ganz vill aner Kierperfunktiounen agräift.

Mënschen, bei deenen se ze vill Hormon ausschëtt, fillen sech zum Beispill onroueg a reizbar, schlofe schlecht, verléiere Gewiicht, schweessen a verléieren hier Hoer. Bei enger Ënnerfunktioun vun der Schilddrüs kloen déi Concernéiert dogéint iwwer allgemeng Schlappheet bis zur Depressioun, Iwwergewiicht, Verstopfung an hinnen ass et ëmmer kal.

Ëmgekéiert heescht dat awer net, datt ee Schilddrüseproblemer huet, wann een ee vun dëse Symptomer huet! A well dës Symptomer eben och genee aner Ursaache kënnen hunn, gi Stéierunge vun der Schilddrüs dacks iwwersinn.

Ech hunn héieren, datt säit dem Reakteraccident vun Tschernobyl Schilddrüsekriibs ëmmer méi heefeg soll gi sinn?

An der Ukrain, Wäissrussland a Russland ass d’Heefegkeet vu Schilddrüsekriibs bei Kanner, déi zum Zäitpunkt vun der Katastroph a Gebidder mat staarkem radioaktivem Fallout gelieft hunn, ëm dat fënnef- bis zéngfacht an d’Luucht gaangen. (Verglach Zäitraum 1985-1990 an 1991-1992) A souguer haut nach, als Erwuessener, hunn se ee méi héije Risiko fir dës Kriibsaart. Bei eis a Westeuropa konnten Etüden awer keen Zesummenhang feststellen. An géint dës Theorie schwätzt och, datt d’Heefegkeet vu Schilddrüsekriibs scho vill méi laang zouhëlt. Dësen Trend huet iwwer ee Joerzéngt virum Atomaccident am Joer 1986 ugefaangen a geet bis haut nach weider.

Wouru kéint dat leien?

Vill Experte mengen datt méi empfindlech Diagnosmethoden eng vun den Ursaache kéint sinn. Dat heescht, datt kriibsverdächteg Kniet an der Schilddrüs dacks bei Routinesënnersichungen entdeckt ginn, obwuel de Patient guer keng Problemer mat der Schilddrüs hat. An de meeschte Fäll hätten dës Kniet dem Patient ni Probleemer gemaach.

Ma d’Medezinner ginn awer och anere Spueren no. Sou ass eng erhéichte Stralebelaaschtung virun allem duerch Rëntgenënnersichungen am jonken Alter, ee bekannte Risikofacteur fir Schilddrüsekriibs. An si mengen datt et en Zesummenhang mat Iwwergewiicht gëtt an ënnersichen, ob Pestiziden oder aner Ëmweltchemikalien de Risiko fir Schilddrüsekriibs erhéijen.

Zu dem Thema gëtt et also nach Fuerschungsbesoin?

Jo, dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer aner Froen...

Wat kann ee maache fir Schilddrüseprobleemer ze vermeiden?

A ville Fäll ass Jodmangel d’Ursaach. D’Schilddrüs brauch dëst Spuerenelement, fir Hormon hierzestellen. An Europa ass awer, wéi a villen anere Regiounen op der Welt, ze wéineg Jod am Akerbuedem. Dofir hunn Liewensmëttel bei eis dacks ze wéineg Jod. Fir dëse Mangel ze kompenséieren, vergréissert sech d’Schilddrüs, an der Hoffnung, sou genuch Jod-haltegt Hormon hierstellen ze kënnen. Am Extremfall féiert dat zu engem Krapp am Hals. A fréiere Jore war en an den Alpen ganz heefeg, well do de Jodmangel besonnesch ausgepräägt war. Hautdesdaags versicht een dem Jodmangel duerch jodéiert Salz entgéintzewierken. Ma trotzdeem leiden an Europa weiderhi vill Mënschen u Jodmangel. Besonnesch Schwangerer sollten op genuch Jodversuergen oppassen, well e Mangel vun dësem Spuerenelement d’Gehierentwécklung vum Embryo behënnert. Awer et sollt ee Jod och net iwwerdoséieren. Dofir ass et am beschten, dëst Thema mat sengem Dokter oder senger Doktesch ze beschwätzen.

Méiglech Ursaache fir Schilddrüseprobleemer

Niewent Jodmangel sinn och Autoimmunkrankheeten heefeg Ursaache fir Schilddrüseprobleemer, also Krankheeten, bei deenen d’Immunsystem den eegene Kierper amplaz friem „Eindringlinger“ attackéiert. Morbus Basedow (och Basdowsche Krankheet oder Graves-Krankheet genannt) féiert zu enger Schilddrüseniwwerfunktioun. Bei der Hashimoto-Krankheet féiert eng chronesch Entzündung vun der Schilddrüs op Dauer zu enger Ënnerfunktioun. Aner Entzündunge vun der Schilddrüs, déi duerch Bakterien oder Vire verursaacht ginn, oder Tumoren am Schilddrüsentissu kënnen och zu Probleemer féieren. Schilddrüseprobleemer kënnen awer och genetesch Ursaachen hunn.

Auteur: Ingo Knopf (scienceRELATIONS)
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Quellen

The Incidence and Prevalence of Thyroid Dysfunction in Europe: A Meta-Analysis
Madariaga, AG et al.: The journal of clinical endocrinology % metabolism 2014
https://academic.oup.com/jcem/article/99/3/923/2537300

The changing epidemiology of iodine deficiency
Li, Mu et al.: Nature reviews endocrinology 2012
https://www.nature.com/articles/nrendo.2012.43

Systematic Review of Trends in the Incidence Rates of Thyroid Cancer
Wiltshire, Joeseph et al.: Thyroid 2016
https://www.liebertpub.com/doi/pdf/10.1089/thy.2016.0100

Verbreitung von Krebserkrankungen in Deutschland
Robert Koch Institut, Berlin 2010
https://www.krebsdaten.de/Krebs/DE/Content/Publikationen/Praevalenzbroschuere/praevalenzbroschuere.html

Épidémiologie du cancer de la thyroïde 30 ans après l’accident de Tchernobyl : fréquence, facteurs de risque et impact des pratiques diagnostiques
Rogel, Agnes et al.: Bulletin épidémiologique hebdomadaire, Institut de veille sanitaire 2016
http://beh.santepubliquefrance.fr/beh/2016/11-12/2016_11-12_1.html

26 avril 2016 : 30 ans de Tchernobyl
Santé publique France, 2016
https://www.santepubliquefrance.fr/les-actualites/2016/26-avril-2016-30-ans-de-tchernobyl

Informationsmaterial zu Schilddrüsenkrebs auf deutsch:
https://www.krebsinformationsdienst.de/service/broschueren/schilddruesenkrebs.php

Informationen zu Schilddrüsenkrebs auf französisch:
https://www.cancer-environnement.fr/287-Cancer-de-la-thyroide.ce.aspx

De Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi intéréssant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR