duschen

Adobe Stock

Si ass net just dat gréisst a schwéierst, mee och eent vun deene villsäitegsten Organer vun eisem Kierper: d’Haut.

Net just wann et dobausse kal ass, ass eng schéi waarm Dusch wierklech Balsam fir meng Séil. Esou mécht Kierperhygiène richteg Spaass. Mee wéi dacks soll een eigentlech duschen a kann een et domat och iwwerdreiwen, Mister Science?

Och wann et net allze vill Studien zu dësem Theema gëtt, schwätzt dach villes dofir, net all Dag ze duschen. Dat heescht natierlech net, dass ee sech net wäsche soll. D’Gesiicht, d’Aarmkaulen an den Intimberäich mussen all Dag „inspizéiert“ ginn. Mee dofir ginn e fiichte Läppchen an eng duuss Seef duer. Eng „grouss Botz“ zwee- bis dräimol d’Woch, soen Hautdokteren, géif fir déi meescht Leit déck duergoen an dat wier och gutt fir d’Haut.

Well ze vill Duschen de Saierschutzmantel vun der Haut zerstéiert. Richteg?

Dat war effektiv fréier déi geleefeg Meenung an der Wëssenschaft, mee haut awer net méi. Scho Mëtt den 1980er-Joren hunn Experimenter gewisen, dass sech de „Saierschutzmantel“ – wéi een den natierleche pH-Wäert vun der Haut nennt – esouguer no vill Wäsche mat Seef relativ séier regeneréiert. Wann d’Haut gesond ass, dauert et normalerweis eng Stonn. Zoustänneg dofir si verschidden Drüsen an der Haut, déi Fett a Schweess ausscheeden. Heiraus bilt sech eng liicht sauer Mëschung, déi „gudde“ Bakterien en ideale Liewensraum bitt. Zesumme mam Saierschutzmantel geet dëse Mix géint schiedlech Bakterien op der Haut vir.

An an dëse Kampf gräife mir mat Waasser a Seef an?

Dat stëmmt. Mat ze vill waarmem Waasser a Seef oder Duschgel wäsche mir net just den Dreck ewech. Mir spullen och eis butzeg Alliéiert an den Offloss. Doduerch gëtt eis Ofwier massiv gestéiert. Och wäsche mir op dës Manéier verschidde Stoffer vun eiser Haut, zum Beispill vum Kierper produzéiert Fetter, déi essentiell fir d’Ofwierfunktioun vun der Haut sinn. Well se sinn och ganz effikass, wann et drëms geet, Bakterien ze zerstéieren, déi krank maache kënnen. Awer just wann de pH-Wäert stëmmt. Deemno brénge mir dësen empfindlechn Equiliber zimlech duercherneen, wa mir all Dag an d’Dusch ginn. An dat ka sech a Form vun dréchener Haut rächen, déi zousätzlech villäicht och nach bäisst. D’Bäissen ass virun allem desagreabel, mee wann d’Haut ze dréchen ass, da ka se och baschten, wat Bakterien an Allergeenen d’Dier opmécht. Dëst kann dann nees zu Hautkrankheeten oder allergesche Reaktioune féieren.

Ass et fir jiddereen d’selwecht schlecht, wann een ze dacks duscht?

Nee. Et spillt natierlech eng Roll, wéi waarm een duscht, wéi eng Seef ee benotzt a wéi vill dovun. Wéi gutt eis Haut verschidden Aflëss ewéi Duschen „ewechstécht“, hänkt awer och ëmmer vum individuellen Hauttyp of. Eng Studie huet zum Beispill gewisen, dass d’Haut vu Leit mat engem sauere pH-Wäert ënner 5 besser Fiichtegkeet späichert a manner dozou tendéiert, sech ze schielen. Probande mat engem Haut-pH-Wäert iwwer 5 kréien éischter dréchen Haut. Wéi sauer eis Haut ass, hänkt engersäits vu banneschte Faktoren ewéi de Geenen, dem Geschlecht an dem Alter of. Anerersäits spillen awer och baussecht Faktoren eng Roll. Wéi dacks wäsche mir eis? A mat wat? A mat wéi enge Chemikalien oder Ëmweltgëfter komme mir a Kontakt? Krankheeten ewéi Neurodermitis kënnen awer och de pH-Wäert vun der Haut beaflossen. Esou Erkenntnisser ginn der Wëssenschaft nei Usätz, d’Haut als eist gréisst Organ nach besser ze verstoen an hir Gesondheet ze fërderen. An dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)

Infobox

Eist erstaunlecht Kleed

Si ass net just dat gréisst a schwéierst, mee och eent vun deene villsäitegsten Organer vun eisem Kierper: d’Haut. Jee nodeem ewéi héich – a breet – mir gewuess sinn, kleede mir eis an 1,5 bis 2 Quadratmeter Haut. Zesumme mat dem Fett an der Subcutis (Ënnerhaut) ka se ronn 15 Kilogramm weien.

Gutt 100 Milliarden Zelle leeschten hei hiren Déngscht – dovun zirka 10 Milliounen Nervenzellen. Op all Stéck Haut, dat esou grouss ewéi en Daumennol ass, sinn et der ronn 500. Si registréiere Wäermt, Keelt a mechanesch Reizer. Eleng wann een engem d’Hand gëtt, ginn zirka 1.500 drocksensibel Nervenzelle stimuléiert. „Verkabelt“ ass dat alles mat ronn 80 Kilometer Nervefaseren a gëtt iwwer knapp 20 Kilometer Bluttgefäässer versuergt. Duerch si fléisst zirka en hallwe Liter Blutt an der Minutt – wa mir am Roumodus sinn. Plot eis d’Hëtzt, schéissen all Minutt ronn dräi Liter Blutt duerch d’Versuergungsleitunge vun eiser Haut.

Wa mir eis richteg ustrengen, kënnen aus zirka zwou Millioune Schweessdrüse bis zu 18 Liter vum kierpereegene Killwaasser pro Dag fléissen. Am Normalmodus sinn et ëmmerhin nach 800 Milliliter.

D’Epidermis (Uewerhaut) ass 0,05 bis 0,1 Millimeter déck – un den Handflächen zirka en hallwe Millimeter an ënnert de Fousssuelen esouguer méi ewéi ee Millimeter. Am meeschten deele sech d’Hautzellen tëschent 8 an 10 Auer moies. 12 Stonne méi spéit huet d’Zelldeelung hire Minimum erreecht. D’Liewensdauer vun enger Epidermis-Zell läit bei 20 bis 30 Deeg. Stierwe se of, da léise se sech als kleng Schuppe vun der Haut. Mir verléiere ronn 10 Gramm vun dëse Schuppen den Dag – dat sinn 3,6 Kilogramm d’Joer a quasi 275 Kilogramm am Laf vun engem laange Liewen.

Fleeg fir d'Haut

Beim Dusche spulle mir net just de Stëbs vum Dag, al Hautzellen, Schweess a Bakterien of. Mir huelen och de Fettfilm ewech, deen dat enk verknëppt Netz aus Hornzellen op der der Uewerfläch vun eiser Haut mëll hält. Dee bild sech war vun eleng erëm no. Mee wien dacks a waarm duscht an dobäi och mat Seef oder Duschgel net spuert, bréngt d'Regeneratiounsfäegkeet un hir Grenzen. Ëmmerhi kann een deem mat Crèmen a Bodylotion entgéintwierken. Des sollten awer op den eegenen Hauttyp ofgestëmmt sinn. Well eng dréchen Haut brauch eng aner Fleeg wéi eng normal oder fetteg Haut. Bei dréchener Haut gräift een am beschten zu enger lipophiler Crème. Lipophil heescht "Fett gär hunn". Sou Produkter si Waasser-an-Ueleg-Mëschung, kuerz W/O genannt. Sie leeën e Fettfilm iwwert d'Haut a suergen dofir, datt manner Waasser aus dem Kierper iwwert d'Haut verdonste kann. Sie dréchent also net sou séier aus. Bei normaler Haut ass dat net onbedéngt néideg a bei fetteger wuel éischter kontraproduktiv. Well déi bilden de Fettfilm selwer relativ séier no. Fir se trotzdeem ze fleege gëtt et hydrophil Crèmen. Hydrophil bedeit "Waasser gär hunn". Dat sinn Ueleg-a-Waasser-Mëschungen, kuerz O/W genannt. Déi bilde kaum ee Fettfilm. Si zéie séier an d'Haut an an hëllefen hier mat verschiddenen Inhaltsstoffer, wéi z.B. Harnstoff, méi Waasser ze späicheren.

Infobox

Quellen
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi intéréssant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Gehirentwécklung Firwat ginn et Rietshänner a Lénkshänner?

Ongeféier 90 Prozent vun der Weltbevëlkerung si Rietshänner, zirka 10 Prozent si Lénkshänner. Mä firwat ginn et iwwerhaa...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Menstruatioun Firwat hu Frae Péng, wa se hir Reegel hunn?

Fir munch Fraen ass et all Mount dat selwecht: Wa se hir Reegel hunn, hu se esou wéi, dass se bal net kapabel sinn, eppes ze ënnerhuelen. Wouhier kënnt eigentlech dës Péng?

FNR
D’Sënner schäerfen Kann ee seng Sënner duerch Training verstäerken?

Muskele loosse sech trainéieren. D’Ausdauer och. An d’Sënner? Well Perceptioun am Gehier entsteet an dëst verformbar ass, misst et wuel méiglech sinn.

FNR
Sonnencreme
UV-Schutz Wéi funktionéiert Sonnecrème?

Wat heescht SPF15, 30 oder 50 a wéi dacks soll een sech acrèmen?

FNR