(c) Marcos André

Fir 1 Béchs aus Aluminium hierzestellen, brauchs de 25 Liter Waasser. Mat enger Bidde vun 150 Liter kanns de also 6 eidel Béchse produzéieren. Fir d’Cola selwer kanns de dann nach eng Kéier 45 Liter pro Béchs dobäi rechnen. Dat ginn also nach bal 2 Bidden dobäi.

3 Bidde Waasser! Wéi passen déi dann an 6 x 33cl Béchsen??

Fir d’Cola ze produzéiere brauchs de Waasser, souwuel an der Fabrik wéi fir d’Kulture vun Zockerplanzen ze netzen. A fir Aluminium hierzestelle brauchs de och immens vill Energie a Waasser. En ass zwar immens heefeg op der Äerd, mee en ass an Mineralie wéi dem Bauxit chemesch gebonnen, an en ass net einfach do erauszekréien!

Ma wier et dann net méi interessant fir Plastiksfläschen ze huelen?

Verglach mat enger fonkelneier Aluminiumsbéchs ass et doudsécher besser, fir eng Plastiksfläsch ze huelen. Mee am Géigesaz zu Plastik kanns de Aluminium onendlech dacks zu 100% recycléieren. An dat verbrauch 95% manner Energie a 40% manner Waasser, wéi fir Aluminium frësch aus dem Steen ze huelen. Et ginn zwar trotzdem nach vill Béchsen ewechgehäit, mee hautdesdaags besteet eng Béchs awer zu 2/3 aus recycléiertem Aluminium.

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: © Marcos André

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

 

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR