Lernstress

Adobe Stock

Et ass wichteg, de Kapp fräizekréien an op aner Gedanken ze kommen.

Ob Masturbatioun speziell géint Prüfungsstress hëlleft, hu Wëssenschaftler nach net ënnersicht. Allerdéngs ginn et Studien, déi soen, dass sexuell Aktivitéit, inklusiv Masturbatioun, ganz allgemeng entspaant a Stress reduzéiert. Ausserdeem ka se dozou bäidroen, d’Schlofqualitéit ze verbesseren. A gudde Schlof hëlleft nees, dass ee sech daagsiwwer manner gestresst a méi ausgeglach fillt. Sex mécht eebe glécklech – ob mat engem Partner oder eleng.

A wouru läit dat?

Wa mir Sex hunn, schëtt d’Gehier ganz vill Hormoner aus – mir erliewen e richtegen Hormon-Tsunami. Ier et zum Orgasmus kënnt, duerchfluten Hormoner de Kierper, déi eis aktivéieren a waakreg maachen. Dozou gehéieren Endorphiner an Dopamin. Endorphiner wierken als kierpereege Schmäerzmëttelen a kënnen esou Entspanung a Wuelbefanne bewierken.

Beim Orgasmus schëtt d’Gehier niewent Endorphiner och nach vill Oxytocin a Prolaktin aus. Oxytocin dréit dozou bäi, dass mir beim Héichpunkt orgasmesch Zuckungen erliewen. Et gëtt awer och als Kuschelhormon bezeechent, well et bewierkt, dass sech zwee Mënschen no a verbonne fillen. Prolaktin bestëmmt d’Intensitéit vum Orgasmus – an et mécht schléifreg, virun allem nom Orgasmus, wa keng aktivéierend Hormoner méi ausgeschott ginn. Prolaktin ass iwwregens wärend dem Schlof ëmmer erhéicht.

Dat kléngt jo wierklech no Entspanung. Huet Masturbéieren dann och schiedlech Wierkungen?

Nee. D’Meenung, dass Masturbéiere schiedlech ass, huet sech glécklecherweis scho laang iwwerlieft. Dat war éischter eng pseudo-moralesch Usiicht, déi Sex am Allgemengen als eppes Schlechtes gesinn huet. Et ass awer wichteg ze soen, dass d’wëssenschaftlech Studie just allgemeng Aussoen iwwer d’Auswierkunge vu sexueller Aktivitéit op Stress maachen an dass et fir all Mënsch individuell ka sinn, wéi Masturbatioun oder aner sexuell Aktivitéiten d’Stresssymptomer beaflossen. A jiddweree soll och selwer decidéieren, ob Masturbatioun eng gëeegent Méiglechkeet ass, fir mat Stress ëmzegoen. Esou oder esou ass et ganz gutt, e puer weider Entspanungstechniken ze kennen, wann een ënner Stress steet.

Wat ass dann ze recommandéieren?

Et ass wichteg, de Kapp fräizekréien an op aner Gedanken ze kommen. Reegelméisseg kierperlech Beweegung ass eng gutt Method, fir Stress opzebauen. Meditatiounstechnike wéi Yoga zum Beispill kënnen och hëllefen. An d’Progressiv Muskelentspanung erënnert scho bal e bëssen un en Orgasmus – mee ouni Sex: D’geziilt Uspanen an Entspane vun eenzele Muskelgruppe suerge bei dëser Therapie dofir, dass d’psychesch Uspanung noléisst.

A wann dat alles net hëlleft?

Wann de Prüfungsstress ze grouss gëtt an ee guer net méi weiderweess, ass et wichteg, sech Hëllef ze sichen: Heifir ginn et a Schoulen extra Uspriechpartner wéi de CEPAS, déi engem entweeder a Gespréicher direkt hëllefen oder awer wëssen, wou een eng wierksam Therapie kritt.

Weider Uspriechpartner fënns du och hei: https://www.jugendinfo.lu/de/pruefungsangst/

E sexuellen Hormon-Tsunami: Wat ass dran?

 

Beim Sex schëtt d’Gehier ganz vill Hormoner aus, déi eis aktivéieren a glécklech maachen. Hei e klengen Extrait aus dem natierleche Chimie-Cocktail:

Endorphiner: Endorphiner si kierpereegen Opioiden, déi Péng reduzéieren an e Gefill vu Wuelbefannen an Euphorie bewierken. Endorphiner ginn esouwuel wärend der sexueller Erreegung wéi och beim Orgasmus ausgeschott.

Dopamin: Dopamin ass en Neurotransmitter, dee mat Belounung, Motivatioun a Loscht verbonnen ass. Wärend der sexueller Erreegung a Masturbatioun dréit Dopamin dozou bäi, d’sexuellt Verlaangen an d’Loscht ze steigeren.

Oxytocin: Oxytocin gëtt dacks als „Bindungshormon“ bezeechent. Et steet mat sozialer Bindung an Intimitéit a Verbindung – esouwuel bei Sexualpartner wéi och an der Eltere-Kand-Bezéiung. Oxytocin gëtt wärend dem Orgasmus ausgeschott a kann e Gefill vu Proximitéit a Bindung zu engem Partner oder och zu sech selwer bewierken.

Prolaktin: Prolaktin ass en Hormon, dat ursprénglech mat der weiblecher Mëllechproduktioun a Verbindung bruecht gouf. Et gëtt allerdéngs bei Männer a Fraen och wärend der sexueller Erreegung a beim Orgasmus ausgeschott a kann zur Entspanung bäidroen.

 

Safer Sex mat sech selwer

 

Et ass wichteg, dass jiddweree seng eege Grenzen a Besoine respektéiert an dass Masturbatioun an engem gesonden a séchere Kader geschitt. Et ginn e puer Saachen, op déi ee beim Masturbéieren oppasse soll:

  • Benotz keng Géigestänn, déi net fir sexuell Zwecker bestëmmt sinn, well se méiglecherweis schiedlech kënne sinn.

  • Evitéier, dech selwer ze blesséieren oder ze vill Drock op bestëmmt Kierperdeeler auszeüben.

  • Masturbatioun sollt net als Ersatz fir sexuell Bezéiungen oder sexuell Aktivitéite mat engem Partner benotzt ginn. Wa Masturbatioun dozou féiert, dass du dech vun aneren distanzéiers oder manner interesséiert u sexuellen Aktivitéite mat engem Partner bass, sollts du méiglecherweis iwwerleeën, ob s du professionell Hëllef brauchs.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR