(c) FNR, Sophie Steinmetz

Laut dem gängegste Modell vun de Geologe wandert de Buedem ënnert eise Féiss no Nordosten. D’Philharmonie wäert also lues awer sécher iergendwann iwwer Rouspert an Däitschland wanderen!  

Uh, dat do erënnert mech u mäi Géoskuer! Huet dat net eppes mat deenen “tektonesche Placken” ze dinn?

Jo, genee. De Buedem ënnert eise Féiss ass ganz zerrass, sou dass mer eigentlech op eenzele grousse Placke setzen. Des Placke schwammen op dem Magma. An duerch d’Beweegung vum Magma ginn dës sougenannten tektonesch Placke vun ënnen a verschidde Richtunge gedréckt a kennen dann natierlech och anenee knuppen!

Ajo, an da ginn et Äerdbiewen. Mee d’Beweegunge vun de Placke spiere mir jo net, oder?

Nee, déi sinn natierlech vill ze lues. D’Philharmonie brauch jo duerfir och 1,3 Millioune Joer fir déi 33,3 km bis op Rouspert zréckzeleeën! Op där Plack, op däer mir léien, läit awer och Rouspert an Däitschland, mir beweegen eis also all no Nordosten! Dat heescht e Staater muss och an 1,3 Millioune Joer nach den Auto oder Zuch huele fir op Tréier!

Wann et deen da nach gëtt!?

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © FNR, Sophie Steinmetz

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

   

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR