Adobe Stock (AREE)

Musek u sech soll jo munchmol wierklech Balsam fir d’Séil sinn. Elo hunn ech héieren, dass verschidde Museker hir Instrumenter op en anere Grondtoun stëmmen – also de “La” wier nët op 440 Hz mee op 432 - an dass dat Wonner bewierke soll. Ass dat just Esoterik oder ass do wierklech eppes drun, Mister Science?

Effektiv ginn dem Grondtoun vu 432 Hz, positiv Auswierkungen op Kierper a Psych nogesot. D’Frequenz – gemooss an Hertz – bestëmmt d’Tounhéicht. Munch Komponisten a Museker wéi zum Beispill den Giuseppe Verdi, den Jimi Hendrix oder Oasis solle fir e puer vun hire Stécker de Grondtoun vu 432 Hz gewielt hunn amplaz den internationale Standard 440 Hz. Doduerch sinn all d’Nouten also liicht méi déif wéi normal- munch Leit géifen souguer soen datt d’Instrumenter verstëmmt sinn. Musek, déi op 432 Hz baséiert, soll net just besser kléngen, mee och d’Otemfrequenz an de Bluttdrock verréngeren, fir Entspanung suergen, Ängschten ofbauen an nach villes méi. De Problem heibäi: D’Datelag fir oder géint dës Behaaptungen ass ganz dënn.

Eng rezent Duebelblannstudie bestätegt zum Beispill e positiven Effet op de Kierper an de Geescht vu Mataarbechter an enger Urgence wärend der Covid-19-Pandemie. De Bluttdrock an d’Otemfrequenz vu Mataarbechter, déi Musek mam 432-Hz-Grondtoun gelauschtert hunn, sollen tatsächlech signifikant erofgaange sinn am Verglach zu Mataarbechter, déi 440-Hz-Musek gelauschtert hunn. Well awer just zirka 30 Persounen pro grupp bei dëser Studie matgemaach  hunn, seet se net ganz vill aus. Eng Iwwerblécksaarbecht vun enger Doktorandin, déi 13 Studien zu dësem Theema ausgewäert huet, koum zu engem Resultat, dat net eenheetlech ass.  Tatsächlech schénge sech déi eenzel Studien ze widderspriechen. E klore Pro oder Kontra wier net ze fanne gewiescht.

Firwat soll e liicht verännerte Grondtoun eigentlech esou eng Wierkung hunn?

Angeeblech soll d’Grondfrequenz vu 432 Hz an Harmonie mat eiser Äerd schwéngen. Dat, esou d’Verfechter, hätt schonn de griichesche Philosoph Pythagoras erkannt. A scho virun him, gëtt weider argumentéiert, hätten déi al Ägypter a Sumerer mat eeben dëser Musek hantéiert. Kuckt een awer méi genee a freet een d’Wëssenschaft, dann zerfale vill vun dëse Behaaptungen ewéi en ale Kichelchen. Jo, d’Äerd schwéngt. Dëst Grommele vun der Äerd gouf déi éischte Kéier 1998 nogewisen. Mee dat ass net ewéi bei der Säit vun engem Instrument, déi e ganz bestëmmten Toun ervirbréngt. Et ass éischter e richtegt Toungewurrels vun den ënnerschiddlechste Frequenzen – all vill ze déif a vill ze schwaach, esou datt mir se ouni d’Hëllef vun héichpreziser Moosstechnik iwwerhaapt net wouerhuele kéinten. An d’Argument mat der Antik? Dat weisen Historiker vehement vu sech. Well bis elo hu se nach keng stéchhalteg Beweiser dofir fonnt.

A firwat hu mir iwwerhaapt haut en eenheetleche Grondtoun vu 440 Hz?

Déi allermeeschten Zäit vun der Mënschheetsgeschicht war e Standard an der Tounhéicht net néideg. D’Instrumenter waren esou gestëmmt, wéi een et a senger Regioun gewinnt war. Oder wéi et d’Aart vun der Musek erfuerdert huet. Mee spéitstens am 19. Joerhonnert gouf d’Welt ëmmer méi kleng. An d’Musek ëmmer méi international. Éischt Definitioune vun engem eenheetleche Grondtoun koumen aus Frankräich. De Kammertoun A, wéi dëse Grondtoun heescht, gouf 1939 op der internationaler Stëmmtounkonferenz zu London mat 440 Hz als internationale Standard festgeluecht. Mee och haut ginn et nach Museker an Orchesteren, déi hir Instrumenter op eng aner Grondfrequenz stëmmen. Verschiddener eeben och op 432 Hz. Ob dat elo tatsächlech eng positiv Wierkung op Kierper a Geescht huet, musse Wëssenschaftler nach iwwerpréiwen. An dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Wat ass Frequenz?

Schall – esou nenne Wëssenschaftler d’Schwéngungen, déi an engem Medium wéi Waasser oder eebe Loft iwwerdroe ginn. Dat bréngt Beweegung an eis Trommelfeller: Dës iwwersetzen d’Schwéngunge vun der Loft a Signaler, an eist Gehier interpretéiert doraus verschidden Téin. Wéi héich oder déif dës sinn, hänkt dovun of, wéi séier d’Loft pro Sekonn schwéngt. Dat ass d’Frequenz. Se gëtt an Hertz (Hz) uginn. Eng niddereg Frequenz ergëtt en déiwen Toun an eng héich Frequenz en héijen Toun. De Beräich an deem e gesonde jonke Mënsch héiert fänkt bei 20 Hertz un an hält bei zirka 20 Kilohertz op. Am Alter geet déi iewescht Grenz erof. Um ënneschten Enn, bei Frequenzen ënner 20 Hertz, läit den Infraschall. Dee kann een normalerweis net héieren – mee spieren.

 

Téin kann een net just héieren

En Uergelconcert kann et ervirruffen – dat déift Grommelen am Mo. Heifir spillt net just d’Tounhéicht, mee och d’Stäerkt vum Toun eng Roll. Physikalesch ass dat d’Drockkraaft, mat där d’Lofschwéngungen op eis treffen. Wat d’Kraaft méi héich ass, wat mer den Toun méi haart héieren. Oder spieren. Well Infraschall kann ab engem gewësse Schalldrock d’Loft an den Huelraim vum Kierper schwéngen dinn. Dëst Grommelen eeben. Fréier Uergelbauer – sou gëtt behaapt – hätten dëst genotzt an eng „Humilitéitspäif“ an d’Instrument agebaut[MW1] . Dës sollt dofir suergen, dass déi gëttlech Musek net just an d’Ouer, mee och an de Mo geet an en andächtegt Gefill ervirrifft.

 

D’Spill mat dem Gefill

Dat ass mol nees ganz grousse Kino. D’Spannung klëmmt, se ass kaum auszehalen. De Sound geet engem direkt an de Mo. Rubbelt, brummt an versprécht näischt Guddes. Wann et esou leeft, dann hunn d’Sounddesigner hiren Job mat Bravour erleedegt. Grad bei düstere Filmer leien déif Téin am Trend. An dat huet säi Grond: Well bei Frequenzen ënner 120 Hertz ass et fir eis schwiereg, d’Téin enger bestëmmter Richtung zouzeuerdnen. D’Schallwelle ginn u Géigestänn ofgelenkt. Doduerch huet een d’Gefill, wéi wa se vun iwwerall op eis duerkéimen. Och sinn an eis alleguer kräizmodal Korrespondenze verankert. Dat heescht, mir verbannen e Sënnesreiz ganz instinktiv mat engem Gefill. Fir déif Téin gouf nogewisen, datt mir se virun allem mat Däischtert, groussen Objeten, Beweegungen no ënnen an engem éischter herbe Goût verbannen. Mee domat net genuch: Ganz déif Téi loossen net just d’Trommelfell schwéngen, mee produzéieren och Resonanzen am ganze Kierper. D’Rubbelen am Mo fänkt un. Mir spieren d’Dramatik.

 

Firwat héiers du net?

Eisen Héierberäich erstreckt sech vun 20 Hertz bis 20 Kilohertz – zumindest a jonke Joren. Well mam Alter hëlt d’Fäegkeet of, héich Frequenzen ze héieren. Wien iwwer 50 ass, fir deen ass dacks scho bei 12 Kilohertz Schluss. Mee dat mierke mir am Alldag bal net, well eis normal Geräischkuliss geet meeschtens net iwwer 8 Kilohertz eraus. Eréischt wann eis Héierkapazitéit ënner dës Frequenz fält, hu mir wierklech e Problem. Wat mir héieren, hänkt awer net just vun der Frequenz vum Toun of, mee och vu sengem Schalldrockpeegel, wat mir am Allgemengen als d’Lautstäerkt bezeechnen. Déi nidderegst, déi mir nach héiere kënnen, läit bei 0 Dezibel fir en Toun vun 2 Kilohertz direkt beim Ouer.

Mat engem mëttelschwéieren Héierverloscht kënne mir allerdéngs alles ënner 40 Dezibel net méi héieren. Mir héieren net, wann een op engem Meter Distanz normal mat eis schwätzt. Niewent dem Alter als natierleche Prozess ka schlecht Héieren awer och aner Ursaachen hunn. Op där enger Säit kann et ierflech bedéngt sinn, dass ee schlecht héiert. Anerersäits kann och Kaméidi dru schold sinn: entweeder andeems e sech Dauerbeschallung aussetzt oder ganz extremem Radau – deemno eppes, dat mir all selwer an der Hand hunn. Och Ouerenentzündungen, Tumorerkrankungen oder eng Skleros am Héierapparat kënnen dëse schiedegen. Verstoppt zum Beispill Ouereschmalz eise Gehéiergang oder kämpfe mir mat enger Erkältung, kann eist Gehéier och temporär beanträchtegt sinn.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeuren: Michèle Weber, Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle die Cato (why vanilla?)

Infobox

Aussi dans cette rubrique

D’Sënner schäerfen Kann ee seng Sënner duerch Training verstäerken?

Muskele loosse sech trainéieren. D’Ausdauer och. An d’Sënner? Well Perceptioun am Gehier entsteet an dëst verformbar ass, misst et wuel méiglech sinn.

FNR
Sonnencreme
UV-Schutz Wéi funktionéiert Sonnecrème?

Wat heescht SPF15, 30 oder 50 a wéi dacks soll een sech acrèmen?

FNR
Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR